Wann d’Holzspéin fléien
Am Kader vun der Foire agricole 2024 treffe mir de Marc Hermes, deen eenzege Lëtzebuerger Timber-Sportler. 15 Joer huet de Marc Holzhaen als Sport bedriwwen. Timber-Sports nennt sech dës Sportaart. Holz haen als Sport huet eng méi ewéi 150-järeg Traditioun a gëtt dofir oft „The Original Extreme Sport“ genannt. Bëschaarbecht gëtt säit Dausende Joren a […]
Alles a Moossen
D’Analys vun der d’Lëtzebuerger Kichen aus Siicht vun enger Nutricienne Bouneschlupp, e Bifdeck mat Fritten, Kniddele mat Gréiwen – et ass kee Geheimnis: de Lëtzebuerger lieft fir gutt ze iessen. Eng uerdentlech Moolzecht ënner Kolleegen oder mat der Famill, am Beschte mat engem Pättche Wäin dobäi, dat mécht eis hei am Land glécklech. Wie selwer […]
ING Night Marathon
Vun der Luxexpo duerch dee modernen, kille Bankevéirel um Kierchbierg iwwer d’rout Bréck a Richtung Stadmëtt, permanent begleet vu Musek a vu Leit, déi feieren oder een ufeieren an ee beim Lafe praktesch an d’Zil droen. Esou beschreift esou muencher Leefer déi éischt puer Kilometer vum ING Night Marathon. Mee dëse Marathon, dee gläichzäiteg dat […]
Wann de Blues rifft
D’Deeg ginn zwar erëm méi laang, awer trotzdeem loossen d’Liewensfreed an den Drang eppes ze maachen, bei ville Mënschen nach op sech waarden. Wien am Wanter depriméiert ass, sech zeréckzitt an d’Gefill huet, nëmmen nach schlofen ze wëllen, leit vläicht un enger saisonaler Depressioun. D’Marie kennt déi Zeechen schonn zënter Joren. An ëmmer, wann de […]
De Kuuschtesak, fréier an haut!
Fréier hunn d’Fraen hire Männer e Kuuschtesak fir mat op d’Aarbecht agepaakt. Deemools hunn d’Männer och méi schwéier oder och op Schicht geschafft an d’Iessen huet misse bäihalen. Kuuschte si jo eigentlech Schmieren, an esou huet d’Fra dem Mann dann och dacks Schmiere gemaach. Et goufen zum Beispill Gebeesse-Schmieren oder opgekachtene Kachkéis oder Béckerlek a […]
Sex am Alter – firwat net?
Mat zwanzeg ass een der Meenung, datt Mënsche mat véierzeg – déi schliisslech schonn zum alen Eise gehéieren – kaum nach en opreegend Sexliewe kënnen hunn. Mat véierzeg ass een dann dovun iwwerzeegt, sextechnesch ni besser drop gewiescht ze sinn ewéi elo. Gläichzäiteg ass ee sech sécher, datt bei Mënsche mat sechzeg am Bett allerhéchstens […]
LUX ROLLERS Rollstullbasket
De Rollstullbasket ass 1946 vun deemolege Basketspiller an den USA erfonnt ginn, déi no hire Krichsverletzungen hire Sport wollte viru bedreiwen. Mëttlerweil gëtt Rollstullbasket an 80 Länner gespillt. De Rollstullbasket ass eng Sportaart fir Mënsche mat Behënnerung a gouf 1960 eng paraolympesch Disziplin. [membership level=”2,3,4″] Only show for level 2, 3, or 4 users. [/membership] E puer Informatiounen […]
Selbstbewosstsinn a Selbstbehaaptung
Et ass eng Première, mat erstaunlechen Erfollegserliefnesser. Ganz nom Motto, datt jiddwereen amstand ass, sech selwer ze verteidegen, gëtt et zu Bäreldeng den éischte Krav-Maga-Selbstverteidegungscours fir Blanner a Persounen, déi wéineg gesinn, zu Lëtzebuerg. [membership level=”2,3,4″] Only show for level 2, 3, or 4 users. [/membership] „Komm, komm, komm! Schlo dran!“, bierelt den Trainer d’Renée […]
Endlech huet et emol erëm genuch am Éislek geschneit!
Zanter e puer Deeg tommelt de Gusti sech all moies, fir d’Rolllued eropzemaachen: „Huet et da lo endlech genuch geschneit? Alt erëm net, da lauschtere mir, wat se um Radio soen. Muer soll et esou wäit sinn.” Tatsächlech! Wéi de Gusti fréi moies zur Fënster erauskuckt, ass et wäiss dobaussen. An elo séier an de […]
De Problem mam Gläichgewiicht
Jiddereen hätt se gär: eng gesond Work-Life Balance. Mee wat ass dann elo genee déi ominéis Work-Life Balance, a wéi kënnt een an dat Gläichgewiicht?