Placeholder Dummy template

E Mound-Gefier, made in Luxembourg

Den „Tenacious“-Rover

Den „Tenacious“-Rover vun ispace ass deen éischten an Europa hiergestallte Mound-Rover, deen an de Weltall geflunn ass. An en ass net egal wou an Europa entwéckelt a gebaut ginn, mee hei zu Lëtzebuerg. Den Numm „Tenacious“ ass Programm, well dat klengt Gefier fir de rauen Asaz um Mound extreem robust gebaut ginn ass. De Lëtzebuerger Ingenieur Dr. Philippe Ludivig huet dëse Rover mat entwéckelt. E Gespréich.

Ganz verwonnert stinn ech am Gank vun der japanescher Firma ispace, déi hiren Europa-Sëtz zu Hollerech huet, wéi de Philippe Ludivig mech op Lëtzebuergesch uschwätzt. De Mail-Kontakt am Virfeld vu menger Visitt um Campus „Parc Landewyck“ war exklusiv op Englesch, wat och zu Lëtzebuerg d’Sprooch am Space-Secteur ass. Hien ass Ingenieur bei ispace an huet dat klengt Mound-Gefier, den „Tenacious“-Rover, matentwéckelt.

Wat huet et mat dësem klenge ferngesteierte Gefier op sech? De Philippe Ludivig weist mir e Prototyp vum Rover an erkläert, datt et generell immens deier ass, op de Mound ze fléien. An dat betrëfft och d’Entwécklung vum „Tenacious“-Rover. „D’Konscht vun eisem Team besteet manner doranner, eppes ganz Innovatives ze schafen, mee éischter doranner, e Roboter mam geréngste Gewiicht a mam niddregste Stroumverbrauch ze entwéckelen“, sou den Ingenieur. Op dëser Basis muss de Rover dann nach fäeg sinn, sënnvoll Aufgaben a sengem Asazgebitt um Mound maachen ze kënnen.

 „Mir konzentréieren eis éischter dorobber, e minimal funktiounsfäege Produit ze entwéckelen, bei deem mer sécher sinn, datt mer e mat eise Ressourcen op de Mound schécke kënnen“, resüméiert hien. Dofir baut ispace kee groussen an deiere Rover nom Virbild vun der NASA. „Eise Rover ass kee Milliarde-Rover“, betount de Philippe Ludivig.

Fir datt de lëtzebuergesche Rover an den Asaz ka kommen, muss en u Bord vum sougenannte Lander, enger Aart klengt Raumschëff, op de Mound transportéiert ginn. De Lander gëtt sengersäits mat enger Rakéit vun der Äerd an den All geschoss, wou en – soubal e sech an der Ëmlafbunn befënnt – sech ka vun der Rakéit oftrennen a vun do aus seng Rees op de Mound autonom fortsetzen. D’Entwécklung vum Lander gëtt um Haaptsëtz vun ispace zu Tokio an an der Filial an den USA gemaach.

D’Gesamtgewiicht vum Rover mat allen Elementer ewéi Rieder, Motoren, Batterien, Computer a Funkgeräter läit bei fënnef Kilo. D’Gefier huet net, wéi ee vläicht menge kéint, vill Sensore verbaut, mee just zwou Kameraen. Vir ass nach eng Schëpp verbaut, mat där ee kleng Steng oder Sand kann oplueden. De Philippe Ludivig war ënner anerem verantwortlech fir d’Hardware an d’Software vun de Kameraen, déi am Roboter installéiert goufen.

Stroum kritt de Rover made in Luxembourg ausschliisslech iwwer Solarpanelen. Dofir kann d’Gefier och nuets net fueren. Dobäi muss ee wëssen, datt ee Mounddag (Dag an Nuecht) insgesamt 28 Äerd-Deeg dauert. Deemno schéngt 14 Äerd-Deeg laang d’Sonn um Mound. D’Missioun vum Rover ass maximal op dës Dauer festgeluecht. „De Rover ass ronderëm e Küler opgebaut ginn, fir den extreem waarmen Temperaturen daagsiwwer standzehalen“, sou den Ingenieur. „D’Gefier ass awer net konzipéiert ginn, fir eng äiskal Mound-Nuecht vu bis zu minus 200 Grad Celsius ze iwwerliewen, soss hätt een de Roboter misste komplett anescht konzipéieren an doduerch wär en ënner anerem vill méi schwéier ginn.“

Zesummegesat ginn d’Roveren an engem Reinraum-Labo um zweete Stack vum Hollerecher Industriegebai vun ispace. Hei befënnt sech och de „Mission Control Center“, wou de Rover wärend sengem Asaz gesteiert gëtt.

„Éier de Rover op de Mound geschéckt gouf, si vill Tester duerchgefouert ginn, ëmmer méiglechst no un de reelle Moundkonditiounen“, sou de Lëtzebuerger Ingenieur, deen och fir d’Testcampagnë verantwortlech war. Esou gouf de Micro-Rover am Mound-Haff vum fréieren ispace-Terrain am Paul Wurth InCub zu Gaasperech getest, an der Vulkanäschen op de Kanareschen Inselen an an der Mound-Anlag vun der ESA zu Köln. „Bei all dësen Tester hate mir zwee Ziler“, verréit eis de Philippe Ludivig. „Éischtens hu mer déi verbaute Systemer iwwerpréift a validéiert, fir ze testen, ob se wierklech esou funktionéieren, wéi se sollten. An zweetens hu mir eis Teleoperateuren, also déi Leit, déi de Rover iwwer d’Distanz fernsteieren, geschoult“, erkläert hien. „Si souze wärend all dësen Tester am Kontrollraum zu Hollerech, genausou wéi et och fir déi richteg Mound-Missioun geplangt war.“ 

„Mir hunn alles getest a wëssen, datt et funktionéiert“, sou de Philippe Ludivig. Hie schwätzt vun engem zouverlässege System. „Vun der éischter Iddi bis zum fäerdeg gebauten a geteste Rover si manner ewéi dräi Joer vergaangen“, betount den Ingenieur net ouni Stolz. „Dat ass eng extreem kuerz Entwécklung fir esou eng Aart vu Gefier.“

Eppes Kuriéises u Bord

Mat esou engem Rover ze fueren, wär awer net, ewéi mir dat géife mat engem normale ferngesteierten Auto maachen, well ee jo net d’Gefier u sech gesäit, mee just säin Ëmfeld, an och dat just duerch d’„Aen“ dervun – also déi zwou Kameraen, déi verbaut sinn. Dobäi kënnt nach, datt et eng gewësse Latenzzäit vun ongeféier 1,25 Sekonnen an eng Richtung gëtt tëschent der Kameraopnam um Mound an dem Bild, dat den Teleoperateur schlussendlech zu Lëtzebuerg gesäit. An da gëtt et eng weider Bedenksekonn tëschent dem Befeel vum Operateur an der Reaktioun vum Rover. „Wann ee ronderëm en Hindernis muss fueren, da kann dat problematesch ginn.“

De Rover hat bei der leschter Missioun awer och nach eppes vläicht e bësse méi Kuriéises mat u Bord: e klengt schweedescht Miniaturhaus a rouder Faarf. Dëst huet zu engem Konschtprojet gehéiert an et war virgesinn, d’Haus um Mound ze fotograféieren.

Leider ass bei der Missioun vun 2025, bei där de Lander mam „Tenacious“-Rover u Bord sollt um Mound opsetzen, d’Landung mëssgléckt an de Rover ass ni an den Asaz komm. „Dat si Saachen, mat deenen een an der Space-Branche leider rechne muss“, seet de Lëtzebuerger Ingenieur. „Mee mir gesinn dat trotzdeem positiv, well mer aus all Feeler léieren an eis Produiten doduerch verbessere kënnen.“ Ausserdeem konnten d’Funktiounsweise vum Rover am Weltall wärend der Rees op de Mound getest ginn, wat schonn e grousse Schrëtt ass.

Weider Missiounen, ënner anerem am Optrag vun der ESA, stinn an den nächste Joren un. Souwuel de Lander wéi och de Rover gi bis dohinner stänneg weiderentwéckelt, ugepasst a perfektionéiert, fir datt zukünfteg Missioune besser klappen. Geplangt ass, datt d’Roveren iergendwann autonom fuere kënnen a fäeg sinn, selwer Entscheedungen ze treffen, wou se sollen histeieren. D’Entwéckler-Ekipp vun ispace bléckt jiddefalls positiv an d’Zukunft, mat engem ganz prezise Fokus a Richtung Mound.

En Artikel vum Eric Rings

Fotoen: © ispace

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.