Placeholder Dummy template

Mam schlaue Fuuss Lëtzebuerg (besser) kenne léieren

Letz Guess

Wou war d’Gëlle Fra am Zweete Weltkrich verstoppt?

Wat huet Lëtzebuerg als éischt Land op der Welt agefouert?

A wéi engem Joer krut Lëtzebuerg seng éischt Unesco-Unerkennung?

Kenns du de schlaue Fuuss? Nee? Mam Online-Spill Letz Guess kanns du Lëtzebuerg (besser) kenne léieren.

Dat si just dräi vu méi ewéi 500 Froe ronderëm d’Lëtzebuerger Land aus dem Online-Spill „Letz Guess“.

Hätt dir d’Äntwerten op d’Froe gewosst?

Fotoen: Jonk Entrepreneuren Luxembourg © Pierre Levy / www.levygraphie.lu

Falls net, ass dat nawell net schlëmm, well och d’Elisabeth Flammang weess se net all, wéi et eis am Interview verréit. D’Elisabeth Flammang ass ee vun de sechs Käpp vun deem flotten Online-Spill mam schlaue Fuuss. De Fabien, d’Leslie, de Mathieu, de Sébastien an de Sven maachen d’Ekipp vu „Letz Guess“, ewéi d’Spill heescht, komplett. Si si sechs Kolleegen a mat Ausnam vum Leslie drécken si dagdeeglech zesummen d’Schoulbänk am Lycée des Arts et Métiers, dëst op der Première an enger Informatiksklass. Just d’Leslie ass op der Konschtsektioun an huet sech dann och ëm d’Ausgesi vun deem flotte schlaue Fuuss bekëmmert, deen een, net ganz zoufälleg, un de Reenert erënnert!

E Businessplang schreiwen, e Pitch preparéieren an e Finanzplang opstellen, dat waren awer alles Saachen, wouvun déi sechs nach bis virun engem Joer net ganz vill Anung haten. Mee si kruten Ënnerstëtzung vun hire Proffen, vun dräi professionelle Coachen aus der Beruffswelt an deels esouguer vun esou munchem Elterendeel. Méiglech ass dat duerch de Concours vun de Mini-Entreprisen, dee scho méi ewéi zéng Joer vun der ASBL Jonk Entrepreneuren organiséiert gëtt a Schüler am Alter tëschent 15 an 19 Joer d’Méiglechkeet gëtt, aus enger Iddi eng Firma opzebauen, genee ewéi am richtege Liewen.

Zimmlech schnell wossten déi sechs och, wat se maache wollten. D’Lëtzebuergesch-Stonnen an der Schoul waren zimmlech monoton a si wollten eppes iwwer d’Lëtzebuerger Ländche maachen, online an interaktiv. Schnell war d’Iddi gebuer, en Online-Spill mat Froe ronderëm eist Land ze schafen. Awer och d’Opdeelung vun den Aufgabe war deene sechs vun Ufank u kloer.

Am Mee 2024 war et dunn esou wäit a méi ewéi 500 Schüler a Schülerinnen aus 28 Lëtzebuerger Lycéeë konnten hir Produiten dem Public an engem Jury virstellen. An hei konnt een eng Hellewull vu flotten an innovative Produite fannen, vun engem klappbare Grill fir ënnerwee iwwer e biodegradabele Schwamm an der Form vun eisem Lëtzebuerger Ländche bis bei den Online-Quiz „Letz Guess“. Schonn an dëser éischter Ronn konnten déi sechs Kolleege ronderëm d’Elisabeth op sech an hire schlaue Fuuss opmierksam maachen. Si sinn direkt ënner déi 15 Bescht komm. D’Motivatioun war riseg an dësen éischte klengen Erfolleg huet der Ekipp nach en zousätzleche Boost ginn, an se hunn nach eng Kéier alles ginn, well vun do u war d’Zil zimmlech kloer: Si wollte gewannen, erzielt eis d’Elisabeth am Interview.

D’Nadia Battello, d’Direktesch vun de Jonken Entrepreneuren, déi de Concours all Joer organiséieren, bewonnert d’Leidenschaft an den Enthusiasmus, deen déi jonk Schüler ëmmer erëm an hir Projete stiechen. „Et ass richteg flott, dat quasi vu baussen, e bëssen heemlech ze beobachten“, erzielt d’Nadia Battello eis am Gespréich.

Den Erfolleg sollt dunn awer och net ausbleiwen, an de schlaue Fuuss iwwerzeegt d’Jury an der Finall vum Concours a klëmmt op déi iewescht Träppche vum Podest. D’Freed war grouss bei deene sechs a gläichzäiteg ass och den Drock gewuess, well de Gewënn vun der Lëtzebuerger Finall bedeit dann, datt een sech an engem zweete Schrëtt och um internationale Parquet beweise muss, zu Catane an Italien. Bei dëser internationaler Finall vum Gen-E-Festival, deen dëst Joer vun Junior Achievement Italia, engem Member vun JA Europe, deem och d’Jonk Entrepreneuren ugehéieren, organiséiert gouf, sinn 41 Mini-Entreprisë géinteneen ugetrueden.

Placeholder Dummy template

D’Eltere vum schlaue Fuuss hunn nach emol alles ginn an hunn den Ëmfang vum Spill mat Froe ronderëm d’Europäesch Unioun erweidert. An och déi Aarbecht sollt sech rentéieren, well fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Concours klëmmt eng Lëtzebuerger Mini-Entreprise op de Podium! „Letz Guess“ kënnt op déi drëtt Plaz.

Mee wéi soll et elo weidergoe fir déi sechs Kolleegen an hire schlaue Fuuss? „Mir hunn nach mega vill Iddien am Kapp an d’Potenzial vum Spill ass enorm!“, verréit eis d’Elisabeth. An awer wäert et an Zukunft e bësse méi lues virugoen, well déi sechs wëllen no der Première studéieren. Trotzdeem wëllen si de Projet vun hirem Online-Spill weider ausbauen an op kee Fall aschlofe loossen.

Leider war dat an der Vergaangenheet scho mat anere flotte Projeten de Fall, wou niewent dem Studium d’Zäit an och d’Moyenen, fir d’Mini-Entreprise weider auszebauen an ze entwéckelen, net do war, esou datt esou muncher innovative Projet leider mat der Zäit erëm am Tirang verschwonnen ass. Beim Elisabeth an senger Ekipp soll dat awer op kee Fall passéieren.

Mam Verschwanne vun de Mini-Entreprisë konfrontéiere mir dann och d’Nadia Battello. Hatt ass sech däers als Direktesch vun der ASBL Jonk Entrepreneure voll a ganz bewosst a bedauert dëst och. „Hei ass vun eis aus schonn eppes an der Pipeline, fir dat ze vermeiden an deene Jonken och nom Concours a wärend dem Studio ënner d’Äerm ze gräifen an esou Projeten eeben net verschwannen ze loossen“, erzielt d’Direktesch eis.

„Weltwäit“ ass dann och dem Elisabeth Flammang seng Äntwert op d’Fro, wou ee spéiderhin de Lëtzebuerger Fuuss kenne soll. Hatt erzielt dat mat engem breede Grinsen am Gesiicht.

An elo lass – test äert Wësse ronderëm d’Lëtzebuerger Land op letzguess.lu. A wann dir net wësst, wéi héich d’Gëlle Fra ass – déi Fro, déi mat am heefegste falsch beäntwert gëtt ‒, da fannt dir hei, niewent der Geschicht an esou muncher Seeche ronderëm d’Statu, och d’Äntwert op déi Fro! 😉

En Artikel vum Marc Wilgé

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.