Placeholder Dummy template

Kooperatioun an Zuelen a Grafiken

Ausgewielten ONGDen am Fokus

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng Hellewull vun ONGDen, déi sech an der weltwäiter Kooperatioun engagéieren. Munch dovunner si ganz kleng a konzentréiere sech just op ee Land, anerer sinn zimmlech grouss an decke vill Länner a verschiddene Kontinenter of. De Konterbont huet aacht verschidden ONGDen erausgepickt an ënner d’Lupp geholl.

Den Daachverband vun de Kooperatiouns-ONGDen zu Lëtzebuerg ass de Cercle de Coopération des ONGD du Luxembourg, deen eng ronn 90 Memberen huet. De Konterbont huet der aacht erausgesicht, kuerz virgestallt an hire Budget opgeschlësselt, entweeder de Joresbudget oder dee vun engem bestëmmte Projet, fir ze weisen, wéi dëse sech zesummesetzt.* Well des ONGDen alleguer mam Ausseministère (MAEE) konventionéiert sinn, ass e bestëmmten Undeel vum Budget eng Ko‑Finanzéierung vum MAEE. De Rescht setzt sech meeschtens aus Spenden, aneren Donen oder dem Verkaf vu Produiten a Servicer zesummen. Eng Iwwersiicht.

*Aus Grënn vun enger besserer Visibilitéit rënne mir d’Prozent- an d’Budgetzuelen op respektiv of.

Les Amis du Tibet
Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Cooperation ASBL
Fondation Follereau
Action pour un monde uni (AMU)
Eng oppen Hand fir Malawi
SOS Villages d’Enfants Monde
ASTM – Action Solidarité Tiers Monde
Terre des Hommes Luxembourg ASBL

Les Amis du Tibet

Nepal
Indien

1995 huet e Grupp vun 13 Leit de Veräin „Les Amis du Tibet“ gegrënnt. Säit 1996 ass d’Associatioun vum lëtzebuergeschen Ausseministère als ONG unerkannt. Si huet sech als Zil gesat, d’tibeetescht Vollek ze ënnerstëtzen an d’Ëffentlechkeet zu Lëtzebuerg fir de Sujet vum Tibet ze sensibiliséieren. Fir hiert 10-järegt Jubiläum huet d’ONG am Joer 2005 den Dalai Lama op Lëtzebuerg invitéiert. Mëttlerweil huet d’Associatioun 42 Projeten a bal 300 Memberen.

Ee Projet erausgepickt:

Verbesserung vun Ënnerkonften:

am tibeetesche Kannerduerf zu Dharamasala an Indien (2023)

Zäitraum:

de Projet dauert 2 Joer

Gesamtbudget fir de Projet:
242.260 Euro iwwer 2 Joer

60 % Ko-Finanzéierung vum MAEE: 145.356 Euro

30 % finanzéiert d’ONG: 72.678 Euro

10 % komme vu lokale Partner: 24.226 Euro

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
Service Cooperation ASBL

Burkina Faso
Demokratesch Republik Kongo

De Service Cooperation ASBL ass zënter 1959 aktiv an domadder eng vun den éischten Associatiounen, déi sech am ländlechen Afrika fir eng Verbesserung vun de Liewenskonditiounen agesat huet. De Fokus läit op der Landwirtschaft a Véizuucht souwéi op der Educatioun. Als Zillänner gëllen aktuell virun allem de Burkina Faso an d’Demokratesch Republik Kongo.

Ee Projet erausgepickt:

Bau vun enger Beruffsschoul am Burkina Faso:

technesch a berufflech Schoulbildung fir Jugendlecher a jonk Erwuessener am ländleche Raum

Zäitraum:

September 2021 bis August 2024

Gesamtbudget fir de Projet:
1.124.000 Euro

80 % Ko-Finanzéierung vum MAEE: 899.200 Euro

20 % Finanzéierung duerch Spende vun der ONG: 224.800 Euro

Fondation Follereau

Mali
Guinea
Elfenbeinküst
Togo
Burkina Faso
Benin
Zentralafrikanesch Republik
Demokratesch Republik Kongo
Madagaskar

D’Fondation Follereau ass 1966 op Initiativ vum Raoul Follereau gegrënnt ginn an ass eng lëtzebuergesch entwécklungsorientéiert ONG, déi sech fir d’Verbesserung vun de Liewensbedéngungen an deenen äermsten afrikanesche Länner asetzt. De Fokus läit virun allem op de Beräicher Gesondheet, Bildung, Nouthëllef a Protektioun vu Mënscherechter.

Gesamtbudget fir de Projet:
4.498.218 Euro

66 % Ko-Finanzéierung vum MAEE: 2.968.824 Euro

34 % Spenden an aner Donen: 1.529.394 Euro

Action pour un monde uni (AMU)

Argentinien
Bolivien
Brasilien
Haiti
Kenia
Uganda
Demokratesch Republik Kongo
Tansania

Déi 1992 gegrënnten ONG mat Sëtz zu Lëtzebuerg schafft enk mat engem internationalen Netzwierk vun ONG-Partner zesummen. D’AMU féiert Projeten an de Beräicher Landwirtschaft an Ëmwelt, Energie, Waasser an Ofwaasser, Weiderbildung, Gesondheet a Gläichstellung duerch. D’ONG ass och eng Plattform fir Jonker, déi sech fräiwëlleg fir Projeten engagéieren. D’Zil ass et, eng Zesummenaarbecht mat lokalen Organisatiounen ze schafen an dës ze responsabiliséieren.

Ee Projet erausgepickt:

Ënnerstëtzung vu 50 lokale Bauerefamillen:

am Nordoste vu Brasilien (Recife) fir méi eng ekologesch Landwirtschaft a Véizuucht

Zäitraum:

2018-2021

Gesamtbudget fir de Projet:
314.548 Euro

74 % Ko-Finanzéierung vum MAEE: 232.766 Euro

26 % Bäitrag vun der ONG: 81.782 Euro

Eng oppen Hand fir Malawi

Malawi

D’ONG ass 1989 gegrënnt ginn. Vun Ufank un huet d’ONG virun allem Projeten zu Gonschte vun der Bevëlkerung ronderëm d’Spidol St. Gabriel zu Namitete ënnerstëtzt. Duerno huet d’ONG hir Ënnerstëtzung och op aner Beräicher erweidert, wéi ënner anerem d’Kanner- a Fraerechter, de Naturschutz oder d’Mikrofinanz.

Ee Projet erausgepickt:

Verbesserung vu lokale Liewenskonditiounen:

fir d'Awunner vun Chinyata aus der Regioun Walirangi am Distrikt Namitete
- Accès zu propperem Waasser
- Formatioune vun 1.005 Persounen an de Beräicher Landwirtschaft a Véizuucht
- Educatioun: ënner anerem 12 Klassesäll a 6 Haiser fir Enseignantë souwéi 24 Toiletten

Zäitraum:

2008-2013

Gesamtbudget fir de Projet:
288.501 Euro 

67 % Ko-Finanzéierung vum MAEE: 193.296 Euro

33 % Bäitrag vun der ONG: 95.205 Euro

SOS Villages d’Enfants Monde

Kolumbien
Marokko
Senegal
Guinea
Niger
Zentralafrikanesch Republik
Äthiopien
Madagaskar
Ukrain
Usbekistan
Laos
Benin
Mauritius
Cap Vert

Säit 1974 ass d’ONG SOS Villages d’Enfants Monde vu Lëtzebuerg aus aktiv a setzt sech fir d’Wuelbefannen, d’Entwécklung an d’Rechter vun de Kanner op der ganzer Welt an. Am Zentrum vum Engagement steet d’Konstruktioun vu Kannerdierfer, fir Weesekanner e séchere Kader ze bidden. Zum Optrag vun der ONG gehéiert och d’gesellschaftlech Sensibiliséierung. D’ONG steet ënner dem Schierm vun der Groussherzogin Maria Teresa.

Joresbudget 2023: 7.952.634 Euro

38 % Ko-Finanzéierung vum MAEE:

3.022.001 Euro

38 % Privat- a Firmendonen: 3.022.001 Euro

15 % Testamentsspenden: 1.192.895 Euro

9 % anert Akommes a Verkaf vu Produiten: 715.737 Euro

ASTM – Action Solidarité Tiers Monde

Bolivien
Brasilien
Burkina Faso
Ecuador
El Salvador
Guatemala
Honduras
Indien
Peru
Philippinnen
Togo
Palästina

D’ASTM gouf 1969 gegrënnt. Si engagéiert sech, fir d’Liewenskonditioune vun den Äermsten ze verbesseren. De Fokus läit op der politescher, ekonomescher, sozialer a kultureller Emanzipatioun vun den Entwécklungslänner. Gläichzäiteg beméit sech d’ONG ëm eng selbstkritesch Analys vun der westlecher Welt an hire Muechtzentren.

Joresbudget 2023: 3.606.853 Euro

85 % Ko-Finanzéierung vu verschidde Ministèren: 3.065.825 Euro

15 % Donen a Privatzouschëss: 541.028 Euro

Terre des Hommes Luxembourg ASBL

Argentinien
Ecuador
Nicaragua

Terre des Hommes Luxembourg (TdHL) ASBL ass am Joer 1966 gegrënnt ginn. Den Agrement vum Ausseministère huet d’ONG 2010 kritt. Den Haaptfokus leet TdHL op d’Verbesserung vum Schicksal vun de Kanner. D’Ënnerstëtzung kënnt virun allem Kanner, Jugendlechen a Jonken a prekäre Situatiounen zegutt.

Ee Projet erausgepickt:

Verstäerkung vun de soziale Grondbesoinen:

vun den Awunner vum Aarmevéierel Bella Vista Oeste (Provënz Santa Fe) an der Stad Rosario an Argentinien

Zäitraum:

Dezember 2023 bis November 2026

Gesamtbudget fir de Projet: 659.438 Euro

 60 % Ko-Finanzéierung vum MAEE: 395.663 Euro

27 %  Undeel vun der ONG: 178.048 Euro

13 % Undeel vu lokale Partner: 85.727 Euro

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.