Placeholder Dummy template

Den ZLS, méi wéi nëmmen den LOD

D’Roll vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

Den ZLS (Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch) an den LOD Lëtzebuerger Online Dictionnaire dierfte mëttlerweil ville Leit e Begrëff sinn. Am Gespréich erkläert eis den Alexandre Ecker, ausgebilte Lexikograf an Direkter vum ZLS, wat d’Missioune vum ZLS sinn a wat fir Toolen/Outilen den ZLS nieft dem LOD nach ubitt – et sinn der nämlech eng jett!

Alexandre Ecker (Foto: © Gilles Kayser)

D’Haaptmissioun vum ZLS ass et, de Leit d’Lëtzebuerger Sprooch méi no ze bréngen. Éier dësen Zenter gegrënnt gouf, ass mat engem Règlement ministériel vun 1998 de CPLL (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise) an d’Liewe geruff ginn, mam Optrag, ënner anerem e lëtzebuergeschen Dictionnaire ausschaffen ze loossen. 2007 huet dësen en neien Numm kritt – Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) – an ass an enger nach net definitiver Versioun online gaangen. „Als éischt just mam Buschtaf A, einfach fir de Leit ze weisen, wéi dat kéint ausgesinn“, sou den ZLS-Direkter Alexandre Ecker. „Wichteg war eis de Feedback vun de Useren, ob dat iwwerhaapt esou funktionéiert an ob se domadder eens ginn.“

Den LOD ass de Leit also säit 2007 e Begrëff, éier dunn eelef Joer méi spéit, am Joer 2018, den ZLS gegrënnt gouf. D’Ekipp vum LOD gouf dunn an den ZLS integréiert an den LOD ass säitdeem ee vun de Produiten, déi den Zenter ubitt. „Mëttlerweil huet den LOD ronn eng Millioun Useren d’Joer, mat zéng Milliounen Ufroen“, seet den Alexandre Ecker an erkläert: „Den LOD ass a bleift d’Häerzstéck vum ZLS, mee en ass awer just en Deel vun de ville Missiounen, déi den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch huet.“ Dag fir Dag gëtt weider um Dictionnaire geschafft.

Sou wéi d’Lëtzebuerger Sprooch ass och den Online-Dictionnaire e liewege Produit, dee sech stänneg weiderentwéckelt. „Den ZLS mécht am Fong net d’Sprooch. Et sinn d’Leit dobaussen, déi d’Sprooch maachen“, betount den Alexandre Ecker. „Dofir ass hire Feedback fir eis extreem wichteg, fir méiglechst no un deem ze sinn, wat tatsächlech geschwat gëtt.“ Et soll net, wéi dat a Frankräich mat der Académie française de Fall ass, de Leit virgeschriwwe ginn, wéi se schwätze sollen. D’Académie française huet eng normativ Missioun an decidéiert, wéi wat an hiren Ae misst geschwat ginn, a spigelt dëst an hirem Dictionnaire erëm. „Mir hunn dogéint eng deskriptiv Missioun, bei där mir d’Aufgab hunn, dat modernt Lëtzebuergescht, dat d’Leit dobausse schwätzen, am Dictionnaire festzehalen,“ sou den ZLS-Direkter. „Fir e Wuert, dat an den LOD kënnt, soll et bei de Leit e méiglechst breede Konsens ginn.“

Den ZLS, dee bis Dezember 2023 dem Educatiounsministère ënnerstoung a säitdeem zum Kulturministère gehéiert, bezeechent sech als oppent Haus. Fir den Zougang zum ZLS ze erméiglechen, huet den Zenter eng Hotline ageriicht. „Déi meeschte Leit huele Kontakt per E-Mail op“, verréit eis den Alexandre Ecker. „An dréngende Fäll – wann zum Beispill eng Noriichteredaktioun en Doute bei engem Titel huet – ruffen d’Leit eis un. Dat ass awer éischter seelen.“ 2024 goufe ronn 1600 Mailen op d’Hotline geschéckt – also e puer den Dag.

Muench Froe sinn einfach an den ZLS ka se séier beäntwerten. Bei simpelen orthografesche Froe verweist den Zenter dacks op den LOD, wou de User dat gefrotent Wuert mat ënner anerem Iwwersetzungen a Beispillssätz fënnt. Heiansdo kënnen et awer och ganz komplex grammatesch Froe sinn, bei deenen d’Mataarbechter vum ZLS e bësse recherchéiere mussen. Dës Fäll ginn dann am ZLS am Grupp beschwat an dann deels och gesammelt, fir an Zukunft doraus eng Zort FAQ (Frequently asked questions) ze maachen. Well den ZLS eng „mission publique“ huet, kënnen d’Äntwerten op dës Froen esou méiglechst ville Leit zur Verfügung gestallt ginn. „Duerch dësen Austauch gesi mir, wou et Froe ronderëm d’Sprooch an och d’Schreifweis ginn.“ Villes fléisst erëm zeréck, souwuel an den LOD wéi och an d’Reegelwierk vun der Orthografie – e weideren Outil vum ZLS.

D’Reegele vun der Lëtzebuerger Schreifweis ginn nämlech am ZLS ausgeschafft. Eng nei Reegel muss awer fir d’éischt vum CPLL guttgeheescht ginn. No engem positiven Avis vun dësem Conseil, an deem Leit aus ënnerschiddleche Secteure vertruede sinn, mussen d’Ännerunge vum Regierungsrot validéiert ginn. Eréischt da kënne se offiziell vum ZLS am Reegelwierk vun der Orthografie publizéiert ginn.

E weidere bekannten Outil vum ZLS ass de Spellchecker, dee vum Michel Weimerskirch entwéckelt an du vum Zenter iwwerholl gouf. De Layout ass iwwerschafft an deem vum LOD ugepasst ginn. Hei kënnen d’Usere ganz Texter erakopéieren, fir se op déi richteg Schreifweis iwwerpréiwen ze loossen. De Spellchecker kënnt ouni KI (Kënschtlech Intelligenz) aus. „Mir hunn awer wëlles, de Spellchecker auszebauen“, seet den Alexandre Ecker.

Alain Atten
Alain Atten (Foto: © Sophie Margue)

Zwee weider Toole vum ZLS hunn awer eng integréiert KI: d’Schreifmaschinn an d’Liesmaschinn. Si kënnen op der Websäit sproochmaschinn.lu opgeruff ginn. D’Schreifmaschinn ass eng Sproocherkennung, déi mëndlech Texter kann an e geschriwwenen Text ëmwandelen. Et kann een entweeder direkt an de Mikro schwätzen (fir maximal 5 Minutten) oder ganz Audioopname vu maximal 50 Megabyte eroplueden. Mat der Liesmaschinn kann ee sech geschriwwen Texter virliese loossen.

Den Alexandre Ecker a seng Ekipp am ZLS ginn dacks gefrot, wéi et mat Toolen ausgesäit, déi vun anere Sproochen an d’Lëtzebuergescht an ëmgedréint iwwersetze kënnen. „Do kann ech op Google Translate an neierdéngs och op ChatGPT verweisen“, seet hien. Allerdéngs géifen d’Iwwersetzungen aus anere Sproochen an d’Lëtzebuergescht nach net sou gutt funktionéieren. Ëmgedréint géif dat scho besser klappen. „Et mierkt een, datt d’KI nach net genuch gutt Date gesinn huet, mat deene se trainéiert gouf, fir gutt Resultater ze kréien“, erkläert hien. Dowéinst ass den ZLS momentan amgaang, un engem Projet ze schaffen, bei deem esou Datesätz ausgeschafft ginn.

Mee den ZLS ass net nëmmen digital ënnerwee. Niewent senger alljärlecher Presenz op de Walfer Bicherdeeg, wou den Zenter och déi bekannten Dictée iwwerholl huet, bréngt en och kleng Gadgete wéi faarweg Stickeren, Postkaarten oder och nach stofte Kierf ënner d’Leit.

A puncto Publikatioune gëtt den ZLS déi beléifte Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ eraus, déi an all Band eng aner Kategorie vu Begrëffer ofdeckt. „Am Hierscht kënnt schonn de Band 7 eraus, an deem sech alles ëm d’Déieren dréint“, sou den Alexandre Ecker. E gewëssene Succès erwaart sech den Alexandre Ecker och vum Band iwwer d’Frechheeten, deen d’nächst Joer soll erauskommen. „Et ass nämlech déi Kategorie, déi am LOD am meeschte gekuckt gëtt.“ Da gëtt et och nach d’Publikatioun „Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 an zwee Bänn, déi op der Fuerschungsaarbecht vum Alain Atten baséiert an d’Sproochsituatioun vum Lëtzebuerger Sproochraum mat senge regionalen Dialekter ëm d’Joer 1900 erfaasst, dat mat villen Erklärungen a Kaarten, déi vum Geograf Claude Schmit opbereet goufen.

„Eppes, wat ee vu bausse vläicht manner gesäit, sinn déi relativ vill Coursen, déi den ZLS organiséiert,“ verréit eis den ZLS-Direkter. Méi visibel ass dogéint d’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ vum ZLS, déi bis elo op méi wéi 30 verschiddene Plazen am Land souwéi zu Arel, Paräis a Stroossbuerg war. „Hei schaffe mer grad un engem digitale Spinoff, fir se nach méi am Ausland kënnen ze weisen.“

Fir senger Aufgab ëm d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch gerecht ze ginn, ass den ZLS niewent senger Presenz an de soziale Medien och ganz aktiv an de „klassesche“ Medien: Vun enger Serie um radio 100,7 mam Numm „Wat s de net sees!“ iwwer reegelméisseg Artikelen an der Warte – der kultureller Bäilag vum Luxemburger Wort – bis zur RTL‑Summerserie ass den Zenter medial gutt opgestallt. Och d’Wuert vum Joer, dat 2024 iwwregens „Presidententrick“ war, läit an der Hand vum ZLS.

Gäre géif den Alexandre Ecker och iwwer d’Jugendwuert vum Joer ofstëmme loossen, mee dat wär bis elo nach net gelongen. „Ech mengen, mir schaffen nach ëmmer e bësse laanscht déi Jonk“, gëtt hien ze bedenken. „Et ass eppes, wat mir um Häerz läit, well déi Jonk vun haut maachen d’Sprooch vu muer.“

Dofir huet den ZLS elo eng weider Persoun rekrutéiert, déi d’Ekipp vum ZLS op 18 Persoune vergréissert. Si huet d’Kommunikatioun fir den Zenter iwwerholl, woubäi ee grousse Volet den Ausbau vun der Presenz an de soziale Medien ass. „Mat hir schaffe mir e Konzept aus, fir déi Jonk nach besser ze erreechen, fir se fir eis Aarbecht ze interesséieren, mee och fir vun hinnen e Retour ze kréien, wat d’Sprooch ass, déi déi Jonk am Alldag benotzen.“

Den ZLS kann also méi wéi just LOD, e bitt eng ganz Panoplie vun Outilen a Publikatiounen un. „Et wär also schued, wann d’Leit géife mengen, den ZLS wär just den LOD“, sou dem Alexandre Ecker säi Fazit.

En Artikel vum Eric Rings

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.