Placeholder Dummy template
Yogonanda

Business, Spiritualitéit a Conscious Leadership

Eng Perspektiverweiderung mam „Zentrapreneur“ Marco Houwen

Warscheinlech ass et fir déi meescht Leit net evident, Business, Ekonomie a Spiritualitéit zesummen ze denken. Et kéint ee souguer mengen, déi dräi Beräicher wäre Géigesätz, déi wierklech guer näischt mateneen ze dinn hunn. De Konterbont huet sech mam Marco Houwen getraff, deem säi Wee genee am Zentrum vun dëse Liewensberäicher verleeft. Den „Zentrapreneur“ huet eis mat op eng Rees a seng Vergaangenheet geholl, déi den Ausléiser an den inhärente Motor fir d’Realisatioun vu senger Visioun war. Dobäi spillt och de Yogi a Mystiker Paramahansa Yogananda, deen als wichtegste Vermëttler vun der ëstlecher Spiritualitéit am Weste gëllt, eng elementar Roll. E war, wéi de Marco Houwen et haut ass, e Bréckebauer.

„Ech sinn de Marco. Kënne mir eis duzen? Ass dat an der Rei?“, freet de schick gekleete Mann virun der Bäckerei Fischer zu Menster, bei där mir eis Rendez-vous ginn haten. „Jo“, soen ech erliichtert, well esou ass e Gespréich op Aenhéicht am beschten ze féieren. Mir fannen eng Sëtzplaz direkt bei der grousser Fënster – se ass wéi fir eis gemaach an och effektiv déi eenzeg, déi nach fräi ass. Vun hei aus hu mir e bemierkenswäerte Bléck op d’Wisen an de Bësch. „Wat eng Aussiicht!“, freeën ech mech an denke mer, dass dee fantastesche Bléck op d’Natur perfekt ass fir en Interview, op deen ech wierklech gespaant sinn. De Marco äntwert: „Genee esou hat ech mir dat virgestallt.“

Déi nächst zwou Stonne sëtze mir gemittlech an eiser Nisch an d’Zäit vergeet vill ze séier. Mir hunn natierlech iwwer den Zesummenhang tëschent Business a Spiritualitéit geschwat, awer och iwwer dem Marco säi ganz perséinleche Wee, well ouni deen ass net ze verstoen, wéi hien an d’Roll vum „Zentrapreneur“ eragewuess ass.

De laange Wee an d’Authentizitéit: Bauereliewen, Bicherwuerm, Perséinlechkeetsentwécklung a politesch Mini-Karriär

„Ech soen ëmmer, ech si gezeugt ginn, fir de Betrib ze iwwerhuelen“, erzielt de Marco, deem säi Papp Bauer war. Fir d’Bild komplett ze maachen, betount hien, dass en eigentlech an zwou Welte grouss ginn ass, well seng Mamm war Léierin – deemno ass säi Liewen am Spannungsfeld vu Landwirtschaft a Bicher verlaf. „Scho mat 12, 13 Joer hat ech vill Bicher gelies, wéi z. B. d’Bibel, dem Homer seng Odyssee an nach eng Partie anerer“, erënnert sech de Marco. D’Liesen an domat och den intellektuellen Erkenntnisprozess ware fir hie vun Ufank un immens wichteg. Als jonke Mann huet hien eng ganz Rëtsch vu verschiddenen Jobs gemaach, bis en da schliisslech 1997 säin, wéi en et haut nennt, „éischte richtegen Declic“ hat, deen duerch e Buch vum Anthony (Tony) Robbins ausgeléist ginn ass. De Marco huet e Workshop vum Bestsellerauteur an NLP-Trainer (neuro-linguistic programming) zu Bréissel besicht an dësen hat eng nohalteg Wierkung: „Ech war e jonke Kärel, deen d’Welt fir alles beschëllegt huet, an ech sinn als e Mann erauskomm, deen der Welt säi Stempel opdrécke wollt.“

E spirituelle Kontext war fir de Marco séier fonnt: „Virun deem Workshop hunn ech an der Vergaangenheet gelieft. Den Tony Robbins huet mech awer net an d’Géigewaart geholl, mee an d’Zukunft bruecht.“ De jonke Mann huet dunn d’Feier a sech brenne gespuert an domat ugefaang, divers Firmaen ze grënnen. Ëm d’Joer 2000 wollt hien eng Internet-Plattform op d’Bee setzen, iwwer déi sech d’Leit, déi hire Wee an der Perséinlechkeetsentwécklung gesicht hunn, konnte vernetzen. Dat war den Ufank vun enger 17 Joer laanger Rees an déi nei Technologien an an den „Entrepreneurship“.

Vu bausse gesäit et aus, wéi wann hien alles erreecht hätt. Dat ass awer net déi ganz Wourecht: „Wat d’Leit mer méi gesot hunn, wéi genial dat wär, wat ech géif maachen, wat ech manner Sënn a mengem beruffleche Wierke gesinn hunn.“ D’Onzefriddenheet huet de Marco 2017, also no 20 Joer, erëm zeréck bei den Tony Robbins gedriwwen. Wärend där Begéinung huet et hie wéi e Blëtz getraff: Et gëtt just eng Optioun, fir eng reell Erfëllung ze fannen. „Ech muss mech op de Wee maachen, fir vun deem ze liewen, fir dat ech wierklech stinn. Mäi Beruff muss absolut mat menge Wäerter kompatibel sinn.“

Dat ass de Moment, wou dem Marco säi bewosste Wee ugefaang huet – an awer huet hie fir d’éischt nach eemol misse richteg an d’Knéie goen. 2018 war hie Kandidat fir d’DP am Walkrees „Zentrum“ fir d’Chamberwalen. Et war – sou duecht hien – eng optimal Méiglechkeet, fir e gesellschaftlechen Impakt ze hunn. Intellektuell hat hien de politesche System duerchdrongen: Dat war eng immens gutt a gläichzäiteg desillusionéierend Erfarung, déi et him erméiglecht huet, sech vu villem gesellschaftspolitesche „Blödsinn“ ze befreien. Wat hie schliisslech awer richteg getraff huet, ass, dass en de Leschten op der Zentrumslëscht gouf: „Mäin Ego hat esou eng kritt, dass ech richteg an d’Gette gaange sinn. Ech war krank wéi en Hond, hat Nieresteng. Déi dräi Méint nom 14. Oktober 2018 ware wierklech den absolutten Horror.“

Ech mierken, wéi eppes vu mengem Gespréichspartner bei mech eriwwerkënnt. Et ass net nëmmen d’Intensitéit a sengen Aen, mee eppes aneschters, méi Déiwes, dat mir eng Ganzkierper-Héngerhaut gëtt. Ech héieren de Marco soen: „Do hunn ech dann endlech wierklech ugefaangen, mäi Wee ze goen. Et hat esou laang gedauert, ech hu misse komplett zerstéiert sinn, mee schliisslech hat ech et verstanen. Ech ka jo nëmme kohärent an authentesch sinn, wann ech voll a ganz dee sinn, deen och tatsächlech a mir drastécht. Deen, deen ëmmer manner vu gesellschaftleche Konventioune gepräägt as an ëmmer méi fräi vum Afloss vun äussere Bewäertungen an Identitéitsmustere lieft.“

D’Gebuert vum „Zentrapreneur“ an d’Fro „Wéi kann ech businessorientéiert dee sinn, deen ech sinn?“

Wéi kann ech businessorientéiert dee sinn, deen ech sinn? – déi Fro ass mat der Fro no tatsächlecher Authentizitéit opgetaucht. A se mécht absolut Sënn, well Firmae grënnen ass dat, wat de Marco jorelaang gemaach huet. An elo goung et dann dorëm, dat an engem komplett authentesche Kader ze maachen, deen déi eege Wäerter a Prinzippie representéiert.

Dem Marco seng Perspektiv huet sech erweidert. En huet d’Buch The Power of Now. A Guide to Spiritual Enlightenment vum Eckhart Tolle gelies, dat en zënter sechs Joer doheem leien hat, an huet och ugefaangen ze meditéieren, vill ze meditéieren. „Ech hu vill verschidde Workshops gemaach, hat ënnerschiddlech bewosstsinnserweidernd Erfarungen – ënner anerem mat Planzemedezin an engem schamanistesche Kader.“

An deem Zesummenhang ass „Zentrapreneur“ entstanen. Den Numm setzt sech aus dräi Wierder zesummen: Zen, Intrapreneur an Entrepreneur. E verkierpert domat eng manifest Bréck tëschent diverse Beräicher, an éischter Linn Business a Spiritualitéit. Op meng Fro, op déi Beräicher da géifen zesummepassen, äntwert de Marco: „Nee, et gehéiert net auserneen. Dat ass de grousse Problem. Net nëmmen am Business, mee an der gesamter Gesellschaft. Mir si geléiert ginn, dass déi materiell an déi spirituell Dimensioun zwou verschidde Saache sinn. Ech ka sonndes an d’Kierch goen, do maachen, wat mer gesot gëtt, an de Rescht vun der Woch als Mënsch en egoisteschen Idiot sinn. Dat selwecht gëllt fir de Beräich vum Business. Ech ënnerstëtze blann den Turbo-Kapitalismus, mee a menger Community spillen ech de léiwe Männchen an heiansdo spenden ech 1.000 Euro, fir mäi Gewëssen ze berouegen.“

Grad am Business, deen esou en immensen Impakt op eis Welt huet, wär et enorm wichteg, stabil Wäerter a Prinzippien ze hunn, déi déi spirituell Dimensioun net ausblenden, well hei géif et zentral ëm Verbindung, ëm d’Zesummewierke goen. Déi Bréck tëschent deenen zwee Domäner ze bauen, war an ass fir de Marco elementar. Dofir kann een eigentlech net vun Zoufall schwätzen, dass zu där Zäit ee vun de gréisste Bréckebauer vum fréien 20. Joerhonnert a säi Liewe getrueden ass, nämlech de Yoga-Meeschter Paramahansa Yogananda, deen de Kriya-Yoga an d’USA an domat an de Weste bruecht huet. De Marco ka sech net méi erënneren, wou hie fir d’éischt eppes vum Yogananda héieren oder gesinn huet, mee hie weess nach genee, dass e beim Yogi eng Äntwert op all déi Froe fonnt huet, déi e sech déi lescht 50 Joer gestallt huet.

Déi intensiv Sich vum Marco goung mat där Begéinung op en Enn – domat awer net de Wee, dee weiderhin ze goen ass. „Zentrapreneur“ ass – esou interpretéieren ech et – manner den Numm fir eng Firma, mee vill méi eng gewielten Identitéit, mat där de Yogananda-Begeeschterte probéiert, seng Visioun an d’Welt ze setzen. Dat, wat hien op sengem Wee geléiert huet, vermëttelt en elo weider un d’Entreprisen: Authentizitéit, nohalteg Wäerter a Matgefill. De leschten Aspekt kéint engem am Business-Beräich komesch virkommen, ma dowéinst ass en ëmsou méi essenziell. An e verweist op de Prinzip vum Conscious Leadership, also eng Persoun, déi eng Féierungspositioun huet an déi bewosst mënschlech-empathesch auslieft. „Et geet net ëm d’Delegéiere vun uewen erof, mee ëm d’Vermëttlung vum Gefill, dass mer all an engem Bot sëtzen, an ech probéieren, meng Mataarbechter iwwer d’Kanäl vun der Begeeschterung a Firmenidentitéit zu enger Ko-Kreatioun ze motivéieren.“

Den „Zentrapreneur“ resüméiert: „Ech kann nëmmen als Leader an enger Firma agéieren an nohalteg Resultater schafen, wann ech eng inklusiv, holistesch Approche hunn. All d’Parteie musse vu mengem Geschäftsmodell eppes hunn. Da kënne mer och vu ‚Compassion‘ schwätzen. Am Géigesaz zu der Empathie stécht hei d’Komponent vun der matfillender Handlung direkt dran: Ech handelen ekonomesch a gläichzäiteg fir d’Wuelbefanne vu menge Matmënschen. Dat ass spirituell Intelligenz am Business-Kontext.“ De Marco huet sech déi spannend Aufgab ginn, eng Bréck tëschent zwee Beräicher ze bauen, där hiert Zesummendenken ëmmer wéi wichteg gëtt.

Fotoen: © Zentrapreneur

En Artikel vum Heng Barone

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.