Wil Lofy Portrait

Lofy, de Séifuerer

„Konscht ass eng Entdeckungsrees ouni Enn“

Et gëtt kaum e Kand, dat net scho mol beim Versuch, d’Hämmelsmarsch-Skulptur am „Roude Pëtz“ an der Stad ze beréieren, an d’Waasser gefall ass. Och d’Maus Ketty an de Bacchus si Skulpture fir unzepaken. De Wil Lofy huet se geschafen. Den 28. Juni 2021 verléisst hien eis am Alter vu 84 Joer. E puer Joer virdrun hate mir dem Wil Lofy seng Schatzinsel an der Stad am Gronn besicht a festgestellt: Hei wunnt een, dee vill méi ass ewéi nëmmen Hämmelsmarsch.  

Wéi de Wil Lofy virun e puer Joren zu Panama iwwer de Strand gelaf ass, ass hien op e gëftegen Dausendfüssler getrëppelt. D’Gëft huet d’Blutt zum Gerënne bruecht, e Brand an der Wonn huet sech breetgemaach. Um Enn hu missen e puer Zéiwen erof. Dohier ass d’Statik elo e bësse prekär an d’Form net méi ganz esou olympesch wéi fréier, laacht de Lofy, wéi hien eis e bësse wackeleg duerch de Bannenhaff vu sengem Haus am Stadgronn féiert. Hanner der onscheinbarer Eisepaart an der rue Saint-Ulric verstoppt sech e Refugium. Hei steet d’Zäit stëll. Et ass e mosaikhafte Cocon aus amazonasaarteg wuchernde Beem, ongeméinte Pawee, ëmronnte Grasflächen, scheinbar zoufälleg ofgestallte Konschtobjekter. Do sinn zum Beispill en Dësch, deem seng Glasplack op engem Tarantelkierper aus Holz läit, zwou Schildkröte faarweg ewéi e Reebou, Fësch aus Holz, déi geféierlech ausgesi mat schaarfen, ofstoende Flossen, handfërmeg Holzsëtzer.

Iergendwou tëschent zwee Beem kuckt déi razeg Gestalt vum „Blannen Theis“ eraus, lénks doniewent e Bildnes vum Lofy senger Groussmamm Anna, op engem Dësch eng Auswiel vu Muschelen. Et geet als éischt mol an e klengen Atelier. Hie stéisst d’Dier op, stellt sech an en Eck, wëllt net stéieren. Hien erkläert wéineg, léisst léiwer d’Wierker schwätzen. Och hei Dreifgidder vu sengem Talent, e Gewulls aus Faarwen, Strukturen an Texturen: Nach méi Fësch aus Joerhonnerten alem Dreifholz, dat hie sammelt an a Containeren op Lëtzebuerg brénge léisst, aus Walschanken zesummegefléckte Gesiichter, nach e puer geschnëtzte Sëtzgeleeënheeten, üppeg-weiblech Silhouetten. Dat ass iwwerwältegend. An iwwerraschend.

Et kennt een de Wil Lofy virun allem duerch Wierker aus dem Lëtzebuerger Mythen-a Kulturschatz wéi de Blannen Theis, Maus Ketty, den Hämmelsmarsch, d’Péckvillercher… Et si bëseleg-frëndlech Figuren, kannereg an trotzdeem alles anescht ewéi liichtgängeg. D’Konscht vum Wil Lofy, wéi ee se kennt, huet eppes Volleks- oder vill éischter Mënschennoes. Konscht fir unzepaken. Folkloristesche Kënschtler nennt een hien dowéinst. Dat ass ewéi e Schiet. Eemol Hämmelsmarsch, ëmmer Hämmelsmarsch. Punkt, Schluss, aus. Stëll. Auszäit? Nee. Hie stoung ni roueg. Just hunn sech d’Blécker iergendwann vun him ofgewant, déi vill Bekanntschafte si vergaangen, d’Vergiessen ass komm. Dat passéiert allze oft zu Lëtzebuerg. Dobäi offenbaart de faarwegen Haff vu sengem Refugium e komplett aneren, onbekannte Wil Lofy. Den Hämmelsmarsch ass laanschtgezunn, de Lofy ass weidergeseegelt. „Konscht ass eng endlos Entdeckungsrees. A souwisou: fir d’éischt d’Liewen, dann d’Konscht“, seet hie gär. An dann nach eppes: Hien ass immens villsäiteg. Dat Dommt mat Villsäitegkeet ass awer, dat se schnell als Amateurismus duerchgoe kann. „Kann alles an näischt, ass net anzeuerdnen“. Ze vill kënnen ass ni gutt. Genee ewéi en Iwwerschoss un Exzellenz. Awer gesond Mëttelmooss ass de Wil Lofy nu mol ganz einfach net. Dat ass e Problem. A Problemer dréckt ee léiwer fort. De Lofy léisst sech eigentlech och ganz liicht fortdrécken.

Wann de Lëtzebuerger Wanter kënnt, geet hie selwer an säi rouegt Schleekenhaischen am Gronn, wéi de Lonesome Cowboy eraus an déi grouss wäit Welt: Dann zitt hie fort a südlech Gefilden a schafft do weider. Iwwer eng beängschtegend kromm Trap aus Steng geet et weider bei seng Wunneng um éischte Stack. Hie schafft sech virsiichteg erop. Stäipt sech op e Bengel mat engem Grëff a Form vun engem Schlaangekapp. De Wil Lofy ass dat, wat ee gemengerhand als eng cool Strëmp bezeechne kéint. Hien huet jiddwerfalls alles, wat et zum „Coolstrëmpentum“ onbedéngt brauch. Charakter, Attitüd an e Look: Hie gesäit net onbedéngt aus wéi en Oboespiller an engem pikfeine Concertorchester. Crocks iwwer décke Wollstrëmp, wäisst Hiem mat verziertem Mao-Kolli, rout Stoffbox, faarwegen, wëllene Gilet. Struppege Schnauz plus gro Zausmatt. Um Handgelenk eng kleng schwaarz Tätowéierung, um Fanger e Rank mat engem bloen A. Dann huet hien och nach en drolegen Numm. Wéi muss et eigentlech heeschen? „Wil“ oder „Will“? Well et gesäit ee jo béides. „O, mat der Zäit gëtt alles méi kuerz.“ A sou. Um Schëld niewent der Schell steet awer „Will“. „Jo? Wéi gesot, et gëtt ee méi bescheiden a verkierzt sech.“ Kloer.

Wéi hien esou an senge véier Mauere steet, grouss a razeg, e wéineg verluer, ëm hien erëm onzieleg Zeechnungen a Skizzen, huet hien eppes vum Lucky Luke, gepaart mat Sinbad, dem Séifuerer an enger Prise Ernest Hemingway, nëmmen ouni dat Haudegenhaft. Éischter ewéi e Bohemien. E ganz zaarte Bohemien. Dat passt och zu sengen Zich. Säi Gesiicht, et huet eppes Friemes. Hie schéngt net vollkommen autochton, mat den héije Bakeknachen, de geschwollenen Aen. De Lofy, de Séifuerer, kënnt vu wäit hier. Viru Joren hätt hien d’Kap Hoorn an engem Boot ouni Motor ëmseegelt, erzielt hie ganz bäileefeg. Seegele mécht hie souwisou andauernd. Dat ass et! Do läit en Tick Anarchie, jo bal Piraterie a sengen Zich. Eppes Wëlles an Onnoerbares ass et. Wéi d’Villercher, mat deenen hien zesummelieft: Si sinn no, awer versicht een se ze gräifen, fléien si fort.

Hien huet keng Rou- „Ech hu keng Zäit“ an heemechtslos sinn ech och. Esou léisst en sech och nëmme schwéier biografesch faassen, probéiere wëllt hien et haut awer trotzdeem. „Ech hu vill Bauchlandungen a richteg uerdentlech um Kënn ofgebremst“. Iergendwann Enn vun de 1970er, no wirrem Ëmhierschwiewen, ass hien zu Lëtzebuerg opgetaucht. E Frënd vum Briddel huet him Ënnerschlupf a 5.000 Frang ginn. Als éischt huet hien sech e Puer Rollschong kaf. Rollschong?! Hie kuckt verdutzt:“ Ma iergendwéi muss een dach vum Briddel an d’Stad kommen.“ Do si Rollschong natierlech dat Bescht. Ganz kloer – mat de Rollschong ass hien also an d’Stad, huet op der Place d’Armes eng Wäschléngt gespaant an do seng Monotopië verkaf. Du koumen iergendwann Bestellungen an de Rescht vun der Geschicht kennt een esou ongeféier. Haut falen ëmmer nach Kanner an de Roude Pëtz, zu Réimech reit de fette Bacchus ëmmer nach op sengem Wäifaass, zu Ettelbréck steet d’Botterfra an zu Munneref laacht d’Maus Ketty.

Wat genee dertëschent alles passéiert ass, schéngt schwéier a geuerdenter Aart a Weis ze erzielen. Iergendwéi ass et an ass et och net esou wichteg. D’Fro ass éischter, firwat ee wéi hien zeréck op Lëtzebuerg kënnt? Wier et net méi logesch gewiescht, gläich ganz fort ze bleiwen amplaz ëmmer hin an hier ze reesen? „Hei ass et friddlech”, mengt hien e bëssen nodenklech, awer „et ass wéi eng Këscht Namurs-Knippercher: et soll een net alles beieneen iessen“. Ouni Beweegung a friem Gewässer kann hien eben net: „Ech wëll erausfannen, wat an aneren Aquarie lass ass.“ Also huet hien eng einsam Insel zu Chile kaf, huet Mulle geziicht an ongeféier fofzeg aner Beruffer ausprobéiert. De Mann huet eendeiteg Fräiheetsdrang. Zoue Raim halen hien net.

Beim Wil Lofy sinn d’Fënstere meeschtens wäit opgemaach, fir datt d’Villercher bei hie kënnen. Wann d’Fënsteren zou sinn, klappen si moies un d’Fënster. Dëst Joer wieren si méi zaghaft wéi soss, wonnert hien sech: „Dat läit sécher dorun, datt ech esou laang fort war. Ze laang vläicht.“ Ënner enger vun de Fënstere fléisst d’Uelzecht laanscht. Et kéint een sech theoretesch ratz fatz an d’Waasser werfen, bei opkommende Suicidegedanken oder onvermëtteltem Fluchtreflex. Oder wann ee ganz abrupt séier lass misst zur nächster Kap Hoorn Ëmseegelung. Wat beim Lofy ëmmer passéiere kann. Stierwe wéilt hie jiddefalls nach laang net.

Sindbad vun der Konscht! Och hei um éischte Stack, niewent engem groussen Apple-Computer, deen hien net selwer bedénge kann, e liicht chaotescht Sammelsurium. Ënner anerem d’Zeechnungen zu engem Buch iwwer d’Ermesinde, dat hie gläich erausgi wëll an engem anere mat Fëschzeechnungen: Vum normale Séibewunner bei de Fësch, de Fësch als Tankcamion, iwwer de verkabelte Fësch, bis bei de krassen Terrorfësch. Vun der Natur zum Horror. E Sënnbild vun der „Weltläufte“ an och am Aklang mam Wil Lofy senger Welt.

Hien ass e Mieresbierger. Hien ass wéi dat vum Ozean ausgekatzten Holz, dat hien a sengem Atelier a Form bréngt. Lofy, de Séifuerer, lieft mat de Gezäiten. Alles bei him an un him erënnert un d’Waasser. Schonn eleng déi vun him geschnëtzte Booter. Se sinn iwwerall. Ewell virun dem Haus stéisst de Visiteur op dat éischt. Um Plaffong hänkt eent. D’Buedbidden, ganz aus Holz, erënnert un e Boot. Och d’Bett wierkt wéi eng Koje an d’Kiche kënnt als Kombüse dohier. Enk ass et an de Buedem schéngt ënner de Féiss ze pendele wéi knaarzend Schëffsplanken.

Seng Elementer sinn d’Waasser, d’Fra an de Fësch. Wéi e roude Fuedem zitt sech dës Dräifaltegkeet vun der Profanitéit duerch säi Schaffen. Hie wierkelt mat uralem Dreifholz, Fëschskeletten a Walfëschrëppen. D’Ermesinde an d’Fësch-Fra Melusina sinn seng Heldinnen. Glasplatte rouen op ausluedende Fraenhannerdeeler. An dach ass alles reng ewéi d’Villercher. Hie bréngt et fäerdeg, dat Üppegt an dat Karge zesummenzeféieren, Zerbriechlechkeet a Rabellaissche Fëllung gi bei him Hand an Hand a verbannen sech mat der Plastizitéit vun de graffe Schwemmholzstrukturen. E Mieresbierger. D’Mier fléisst a senge Kënschtleroderen.

De Wil Lofy mécht Konscht wéi ee Séimannsgarn spënnt: blénkend, fragil a fabelhaft. Seng Wierker si gestrant Deeler senger selwer, onverbéit a kierperhaft, an dach huet dem Lofy seng Konscht bei aller uewerflächlecher Naivitéit och eppes archivalesch Déiwes. „Éboulement archival“ grommelt hien, wou hien een a Schiflag gerodene Pabeierstapel no engem Classeur duerchwullt. Op dem Dësch steet e Kannerglobus: op dem afrikanesche Kontinent prägen e Gorilla an en Elefant, gläich doniewent, am Atlantik, tommelen sech e Wal an e Séiléiw: “Dat ass als wann d’Welt nach an Uerdnung wier“. Hie sicht no engem biografesche Classeur. Dee soll him hëllefen, hien an säin ongeuerdnet Liewen dach nach an eng chronologesch Form ze bréngen. Well dat haut eben esou si muss. Awer wien de Classeur duerchbliedert, mierkt: De Lofy widdersetzt sech allem Pressen an d’rigid Immobilitéit vun enger Zäitschinn, säi kënschtlerescht Nomadentum entzitt sech vun aller uerdnender Bestriewung.

Do wëll einfach näischt esou richteg aneneegräifen. Hie kenneléieren ze wëllen heescht also zwangsleefeg, sech op hien aloossen ze wëllen, sengem Ëmhierschwiewen aus sécherer Distanz ze follegen, seng Schlaangelinnen ze respektéieren. „Wësst Dir, d’Liewen ass esou kuerz. Et ass laanschtgezu wéi en Dram“, mengt hien, wéi en de Classeur endlech fonnt hat. E richt e bësse muffeg, schéngt seelen opgemaach ze ginn. Wat ass eigentlech säi gefillten Alter? „Ech si matzen an de Lëmmelsjoren. Vläicht hunn d’Kanner meng Konscht genee dowéinst esou gären.“

Do sëtzt en, de Wil Lofy, de Séifuerer, a sengem coole Gezei, mat engem Laachen, bal kannereg an trotzdeem befriemlech anescht, wéi eng Mëschung aus „Maus Ketty“ a sengen eigentümlech schéinen Dreifholz- a Walrëpper Gestalten. Dëse Wil Lofy wëll entdeckt ginn. Hie schwätzt net vill, quatscht net erëm. Et mengt een ëmmer, datt do nach eppes eraus wëll aus dem Wil, datt et awer net däerf awer vläicht och net onbedéngt muss.

Säin eigentlecht kënschtlerescht Element ass d’Fantastik, dat erfannerescht Spill mat Strukturen, déi hie mat handwierklechem Sënn fir Faarf a Kraaft bändegt. Eraus komme mol lärmend Kaskade wéi den Hämmelsmarsch, mol Stëllt a Schlichtes, mol heemlech Melancholie. An dann ass do nach eppes ganz Almoudesches: Poesie. De Wil Lofy huet der Beschleunegung vun der Welt dobaussen- déisäit vun der Eisepaart zu sengem verwonschenen Haff, tatsächlech eppes entgéintzesetzen: en Universum aus kannereg déiwen Dreem, en ëmstierzlerecht Spill mat Waasser a Gestalte wéi aus engem anere Liewen. Hie wëll déi entzaubert Welt weider verzauberen.

En Artikel vum Michèle Vallenthini
Fotoen: Isabella Finzi

Den original Artikel an däitscher Sprooch fannt Dir am Tageblatt:

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.