Placeholder Dummy template

Wien ësst do gär gutt?

Esou eng Fro, erschéngt deem Engem oder Aneren esou zimmlech iwwerflësseg oder? Wien ësst da schonn net gär gutt?

Datt gemeinsam Molzechte scho säit ëmmer e soziaalt Ereegnes waren, ass bekannt. Zesummen iesse mécht glécklech, motivéiert zum Austausch, steigert d’Kommunikatioun an och d‘Empathie an d’Gemeinschaftsgefill. Iesse géint Isolatioun? Dat wier dach ze einfach! An dach war genee dat d’Iddi vum Kachbuch Mir iesse gär gutt, wat iwweregens och an enger zweeter Editioun erauskomm ass!

D’Club Haus zu Schëffleng huet eng Missioun: De Kampf géint déi sozial Isolatioun vun eelere Mënschen. Aus deem Grond, bitt d’Club Haus eng Rei un Aktivitéite fir Leit ab 50 Joer, wat awer op kee Fall bedeit, datt méi jonk Leit net wëllkomm wieren, am Géigendeel – D’Vermësche vun de Generatioune bréngt Dynamik mat a gëtt ganz gär gesinn! D’Palette un Aktivitéite geet vu klenge Coursen, Fräizäitaktivitéite bis zu Vakanzen a leeft ënner dem Motto: Net eleng mee zesummen!

Dat animéiert net just de Kierper, mee och de Geescht an d’Motivatioun! Niewebäi, geet et dann och ëm Solidaritéit an och d’Aarbecht fir aner Associatiounen, wou ganz oft Aktivitéiten organiséiert ginn, vun deenen den Erléis gespent gëtt.

D’Dominique Freis-Lazzari, Mataarbechterin am Club Haus beim Kiosk zu Schëffleng, huet mat hirer Iddi vun engem Kachbuch net nëmmen hier Seniore verbonnen. „Wann ech dee Moment gewosst hätt, wat herno op mech duerkënnt, da weess ech net, ob ech d’Marie-Anne jeemools gefrot hätt esou eppes ze realiséieren.”, seet d’Dominique haut réckbléckend. D’Marie-Anne Maroldt, Responsabel vum Club Haus, huet dem Dominique dat wichtegst geschenkt, wat fir d’Aktioun néideg war: Vertrauen! An op dësem Vertraue konnt de Projet duerch d’Hëllef vun der ganzer Ekipp op d’Been gestallt ginn.

D’Iddi war et, en eegent Kachbuch, dat Jonk an Al verbënnt, kreativ an ofwiesslungsräich ass a Generatiounen esou wéi Traditiounen tëschent zwee Buchdeckele bréngt, an d’Lëtzebuerger Bicherbutteker ze bréngen!

Wou bis den Okee vum Marie-Anne Maroldt komm ass, ass et och zimmlech schnell lassgaangen! Leit aus dem Club, verschiddene Altersheemer, mee och Primärschoulkanner aus der Maison Relais goufe mobiliséiert, fir beim Projet matzemaachen. Mee, wéi organiséiert een sou eppes? D’Barbara huet sech mam Danielle a mam Christiane ëm déi franséisch Iwwersetzung gekëmmert, fir datt d’Rezepter gläichzäiteg als Instrument zur Verbesserung vun der Lëtzebuerger Sprooch genotzt kënne ginn. De Fotoclub vu Schëffleng huet sech ëm d’Fotoe gekëmmert, d’Dany ëm d’Genauegkeet vun de Rezepter.

Zoutaten … E Club Haus, e motivéierte Generatiounemix, engagéiert Mataarbechter, e puer Rezepter an e Fotoapparat … Sou kéint dat kléngen, wann een e Rezept fir de ganze Prozess geschriwwen hätt. D’Plate goufen am Club Haus gekacht, geschmaacht, fotograféiert an och deelweis illustréiert. ,,D’Joëlle huet wonnerschéin Aquareller gemoolt a wann ech en Homard gemoolt wollt kréien, da krut ech en e puer Deeg drop.”, erënnert sech d’Dominique. D’Simone Zeimes huet da spontan och d’Buch mat wäertvollen Tipps ronderëm d‘Ernärung beräichert a bréngt domat den Aspekt vum gesonden Iessen an d’Buch!

A wat däerf da beim gudden Iessen net feelen? De gudde Wéngchen natierlech! D’Recommandatiounen fir de Wäin koumen vum Charles Decker, dem Hervé Bouniol an dem Här Stéphane, Baron de Belair, déi allen dräi e ganz wichtegen Deel bäigedroen hunn an domat och d’Moolzechten ofgerënnt hunn.

„D’Marie-Anne huet mech bei allem gewäerde gelooss a mer dat néidegt Vertraue ginn. Ausserdeem huet hatt alles mat der Press, de Gemengen, den Autoritéiten an esou weider gereegelt”, zielt d’Dominique ganz dankbar.

D’Kachbuch an de ganze Prozess deen do hannendru stécht, ware esou gutt ukomm, datt esouguer eng zweet Editioun mam Numm Mir iesse gär gutt 2, nokomm ass. D’Ekipp vum Club Haus, huet esou eng flott Initiativ ergraff an domat Generatioune verbonnen an e Schrëtt a Richtung Integratioun vollbruecht. An och nodeem s d‘Bicher fäerdeg sinn, hält d’Solidaritéit fir d’Club Haus net op.

Pro verkaafte Buch engagéiere si sech, fir 1€ un den Cent Buttéck vu Beetebuerg ze spenden!

Et ass eng immens flott Kaddosiddi, mat enger schéiner Initiative hannendrun, gudde Lëtzebuerger, awer och internationale Rezepter, flotte Biller a Fotoen an Ernärungstipps, déi et definitiv derwäert sinn!

Op eis Fro, ob eng drëtt Editioun geplangt ass, seet d’Dany mat engem Laachen: „Oh mei, nee. Déi zwou Editiounen waren eng super schéin Erfarung, mee do ass vill Aarbecht hannendru gewiescht.“

Ma da loosse mir eis emol iwwerraschen!

Gudden Appetit op alle Fall a vill Spaass beim Kache vun de Rezepter!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.