Laang Jore gouf doriwwer diskutéiert, wéi een dat räicht audiovisuellt a fotografescht Ierwe vu Lëtzebuerg kann zesummendroen a schützen, fir datt dëse Räichtum och den nächste Generatiounen zougänglech ass. D’Grënnung vum „Centre national de l’audiovisuel“ (CNA) am Joer 1989 war e wichtege Schrëtt an dës Richtung. Ënner der Responsabilitéit vum Kulturministère huet den CNA dräi Haaptmissioune kritt: De Schutz an d’Opbesserung vun de Bilddokumenter an och d’Promotioun vun dësem wäertvolle Material.
2007 plënnert den CNA aus dem ale Pensionat zu Diddeleng op seng nei Adress. Heibäi handelt et sech ëm e Gebai, an deem esouwuel den CNA wéi och de regionale Kulturzenter „opderschmelz“ an och déi regional Museksschoul zu Diddeleng ënnerbruecht sinn. Hei ginn et net nëmmen Ausstellungen (am Display 01 an Display 02) ze gesinn, den CNA huet och en eegene Kino (Ciné Starlight), eng Mediathéik an en Ausbildungszentrum fir d’Beräicher Archiv, Toun- a Filmstudio an och e Fotoslabo.
Iwwer 500.000 Fotoen a ronn 25.000 Toundokumenter, vun deenen der scho bal 14.000 digitaliséiert konnte ginn, esou wéi 200.000 Filmdokumenter (56.000 konnte bis elo digitaliséiert an zum Deel an enger héijer Opléisung opbereet ginn) sinn haut am CNA archivéiert, an dat am Keller vum genannte Gebai, a spezielle Schief bei enger Temperatur tëschent 6 a 16 Grad Celsius an enger Loftfiichtegkeet, déi net méi héich wéi 40 Prozent däerf sinn.
Den CNA huet sech am Laf vun der Zäit een excellente Numm gemaach, dee wäit iwwer d’Grenze vu Lëtzebuerg ewech bekannt ass. Sou huet den CNA zum Beispill u Fotoausstellungen zu Sankt Péitersbuerg, zu Bréissel, Madrid an och Tokio matgewierkt, ouni déi vill Ausstellungen hei zu Lëtzebuerg ze vergiessen, z. B. d’Expo Paul Strand am Geschichtsmusée, „Workers“ vum Sebastiao Salgado an de Victor-Hugo-Halen, „The bitter years“ am Casino zu Lëtzebuerg …
Mir kéinten nach laang a vill iwwer den CNA schreiwen, mee dat géing de Kader vun dësem Artikel sprengen. Loosse mer eis awer nach iwwer een aktuellen, ganz interessante Projet schwätzen. Verschidde Beräicher vum CNA sinn haut am Diddelenger Waassertuerm ënnerbruecht, deen en Deel vum industrielle Kulturierwe vun der „Forge du Sud“ ass. Déi zwee fräischaffend Kënschtler Daniela del Fabro a Misch Feinen hunn zesumme mam CNA hire Projet „D’Stëmme vun der Schmelz“ am Oktober 2019 gestart. „Vill Leit wëssen net méi, wéi et deemools war. Deemools, wéi d’Schmelzen nach op Héichtoure geschafft hunn. Dofir si Berichter vu Schmelzaarbechter sou wichteg“, seet de Misch Feinen. „Et geet bei deem Projet ëm eng Zäit, Gesellschaftsschichten a Beruffer, déi no an no verschwannen. Et soll och rieds goe vun Uertschaften a Plazen, déi et haut net méi gëtt.“
Fir d’éischt wëllen si e Maximum vu Material sammelen an da soll gekuckt ginn, wéi een dat Material kann opbereeden. „Mir loosse gären Zäitzeien aussoen. Mir schwätzen hei, gutt verstan, vu Leit, deenen hir Kanner haut schonn an der Pensioun sinn“, sou de Misch Feinen. Wien eng Geschicht zu der Schmelz ze erzielen huet, dee ka sech ënner oder op der Telefonsnummer 52 24 24-545 mellen.
Wa mer vum CNA schwätzen, da musse mer awer och nach d’Steichen-Kollektioun nennen. Wärend d’Family of man-Serie zu Clierf am Schlass ze gesinn ass, weist den CNA d’Expo „The bitter years“ vum berüümten amerikanesche Fotograf Edward J. Steichen, deen 1879 zu Béiweng gebuer gouf, am Waassertuerm zu Diddeleng. Déi Ausstellunge sinn iwwer d’Wanterméint zou a ginn eréischt den 1. Mäerz nees op. Zum Edward Steichen ass nach ze soen, datt hien 1880 mat sengen Eltere vu Lëtzebuerg an Amerika ausgewandert ass.
Egal wéi, de Besuch am CNA lount sech ëmmer. A wann een dann emol bis do war, da bleift et mat Sécherheet net bei deem enge Besuch.
Déi verschidden Ouvertureszäite vum CNA (18, rue du Centenaire, L-3475 Dudelange) fënnt een ënner www.cna.lu, www.steichencollections-cna.lu oder och nach ënner
www.cinestarlight.lu.
D’Telefonsnummer ass den 52 24 24-282.
En Artikel vum Roger Infalt
Fotoen: © CNA/Romain Girtgen

Déi verschidden Ouvertureszäite vum CNA (18, rue du Centenaire, L-3475 Dudelange) fënnt een ënner www.cna.lu,
www.steichencollections-cna.lu oder och nach ënner www.cinestarlight.lu.
D’Telefonsnummer ass den 52 24 24-282.
En Artikel vum Roger Infalt