Placeholder Dummy template

Lëtzebuerg, e Paradis fir d’Weltraumwirtschaft

ClearSpace a Blue Origin am Fokus

Firwat huet ausgerechent Lëtzebuerg – eent vun de klengste Länner an Europa – esou eng villfälteg Panoplie vu Weltraumfirmen? De Grond ass eng national Strategie, déi iwwer Joerzéngten entwéckelt gouf. Zënter méi wéi 30 Joer bedeelegt sech de Grand-Duché aktiv u kommerziellen a kooperativen Initiativen am Weltall-Secteur an huet esou eng bemierkenswäert dynamesch Raumfaartindustrie opgebaut. De Konterbont geheit e Bléck an de sougenannte „Space Directory“ vun der Luxembourg Space Agency (LSA) aus dem Joer 2025 a pickt hei zwou Entreprisen eraus, fir hir konkreet Aktivitéiten ze beliichten.

De Grondstee vun der Lëtzebuerger Weltraumwirtschaft gouf 1985 geluecht, wéi d’Land mat der Grënnung vun der Société européenne des satellites (SES) an d’Geschäft vun der Satellittekommunikatioun erageklommen ass. Aus dësem Schrëtt huet sech eng ganz Industrie ronderëm dëse Kommunikatiounsberäich a weider raumfaartorientéiert Déngschtleeschtungen entwéckelt. Haut gëllt d’SES als ee vun de weltwäit féierende Bedreiwer a punkto Satellittentechnologie.

En anere wichtege Meilesteen an der Entwécklung vum Lëtzebuerger Weltraum-Secteur war de Bäitrëtt vum Land an d’European Space Agency am Joer 2005. Doduerch kruten d’Entreprisen am Land Zougang zu europäesche Fuerschungsprogrammer, spezifizéierten Technologieprojeten an internationale Partnerschaften, wat de weidere Wuesstum an d’Diversifikatioun vun der Industrie zur Folleg hat.

De Succès vum Space-Secteur huet d’Lëtzebuerger Regierung derzou encouragéiert, e visionäre Schrëtt ze goen, deen dat laangfristegt ekonomescht Potenzial vum Weltall op engem komplett aneren Niveau exploréiert: D’Ried ass vun der Initiativ „SpaceResources.lu“, déi am Joer 2016 lancéiert gouf. Am „Space Directory“ heescht et: „De Grand-Duché ass dat éischt europäescht Land, an dat zweet weltwäit, dat e legale Kader fir d’Erfuerschung an d’Benotzung vu Weltraum-Ressourcen huet.“ Esou avancéiert Lëtzebuerg zu engem absolutte Pionéier an dësem Domän.

Mat der Grënnung vun der LSA am Joer 2018 kruten dës zesummegefaassten Entwécklungen en institutionaliséierte Kader. D’Agence ass den zentrale Vermëttler tëschent der Regierung an den Entreprisen, se koordinéiert Fërderprogrammer, ënnerstëtzt d’Fuerschung, vernetzt d’Lëtzebuerger Industrie mat weltwäite Partner a bedreift ausserdeem eng wichteg Ëffentlechkeetsaarbecht.

D’Resultat vun der Lëtzebuerger Space-Strategie ass en dichten Ekosystem, dee sech ronderëm d’Exploratioun vum Weltall dréit. Entrepreneuren, Ingenieur*innen a Wëssenschaftler*innen aus der ganzer Welt schaffen hei un Technologien, déi vu Satellittekommunikatioun iwwer Weltraumrobotik bis hin zur nohalteger Notzung vu Ressourcen am All reechen. Mëttlerweil huet Lëtzebuerg ronn 80 Weltallfirmen a Fuerschungslaboratoiren an den Undeel vum Secteur um Bruttoinlandsprodukt gehéiert zu deenen héchsten an Europa. Dobäi spillt och Lëtzebuerg als Finanzplaz eng wichteg Roll: D’Land gëllt als ee vun de weltwäit wichtegsten Zentere fir Investitiounsfongen an ëmmer méi Investisseuren interesséiere sech fir sougenannten „NewSpace-Entreprisen“ – also privat Firmen, déi nei Geschäftsmodeller fir de Beräich vum Weltraum entwéckelen. Zwou vun dësen Entreprisen huele mir elo pointéiert an de Bléck.

ClearSpace: Nohaltegkeet am Weltraum

Bei der Firma ClearSpace, déi zënter 2023 e Sëtz zu Lëtzebuerg huet, ass den Numm Programm: De Prinzip vun der Nohaltegkeet soll an de Weltall transportéiert an hei eng zirkulär Wirtschaft etabléiert ginn. D’Missioun vun der Entreprise ass et, d’Liewensdauer vun de Satellitten am Orbit ze verlängeren, andeems een Technologien entwéckelt a bereetstellt, déi d’Maintenance oder d’Reparaturen direkt op der Plaz kënnen duerchféieren.

Doniewent gëtt awer och u Méiglechkeete gefuerscht, fir aktuelle Weltraumschrott – z. B. Satellitten, déi net méi ze reparéiere sinn – anzefänken an aus dem Orbit ewechzehuelen, fir en dono geziilt a kontrolléiert an der Äerdatmosphär verglousen ze loossen. Esou kéint een d’Mass vu Weltraumschrott reduzéieren, dee schonn elo en ekologesche Problem a virun allem eng Gefor fir aktiv Satellitten duerstellt. Zu Lëtzebuerg bereet ClearSpace am Moment eng sougenannten „GEO in-orbit servicing“-Missioun vir, déi nach virun 2030 eng Liewensdauerverlängerung vu Satellitten erméigleche soll.

Blue Origin: Mobilitéit ausserhalb vun der Äerd

D’Entreprise selwer stellt sech esou vir: „Mir bauen eng Strooss an de Weltall zum Notze vun der Äerd – dem bloen Ursprong vun der Mënschheet.“ D’Firma, déi am Joer 2000 vum Jeff Bezos an den USA gegrënnt ginn ass, huet zënter 2025 och e Sëtz zu Lëtzebuerg, wou d’Ekipp aus 25 Leit besteet. Blue Origin konzentréiert sech dorop, d’Käschte fir den Zougang zum Weltall radikal ze reduzéieren a säi gewaltegt Ausmooss u Ressourcen ze erschléissen. Dofir entwéckelt a bedreift d’Firma beispillsweis Rakéitentribwierker, déi een ëfters ka benotzen, Trägerrakéiten oder Moundlandefären – d’Iddi vun der Nohaltegkeet ass och hei offensichtlech.

Ënnert dem Numm „Blue Alchemist“ huet d’Entrepise eng Initiativ fir Weltraumressourcë lancéiert. Hei geet et dorëms, eng laangfristeg Presenz um Mound ze realiséieren, déi aschléisst, datt d’Rostoffsituatioun konkreet analyséiert gëtt. Uviséiert ass och d’Hierstellung vun Energiesystemer aus Materialien, déi um Mound fonnt ginn. Dowéinst ass et net verwonnerlech, datt Blue Origin den Artemis-Programm vun den USA ënnerstëtzt, deen erëm Mënschen op d’Uewerfläch vum Mound brénge soll.

D’Entreprise fokusséiert sech allerdéngs ausserdeem op e komplett anere Volet, nämlech dee vum Weltraumtourismus. Mat der Rakéit „New Shepard“ kënne Privatpersoune mëttels engem kuerze suborbitale Fluch iwwer déi sougenannte Kármán-Linn bruecht ginn, déi sech ronn 100 km iwwer der Äerd befënnt. D’Passagéier erliewe bei dësem kosmesche Kuerztripp e puer Minutte Schweerelosegkeet an hunn d’Méiglechkeet, d’Äerd aus dem All ze observéieren.

D’Verzeechnes vun der LSA bitt en detailléierten Iwwerbléck iwwer eng ganz Rëtsch aner Firmen, déi zu Lëtzebuerg diverse Weltraumaktivitéiten noginn. De Virwëlz lount sech – esou fënnt een hei zum Beispill och Informatiounen iwwer Maana Electric zu Féiz, déi aus Sand oder Moundstëbs Materialie fir Solarzellen an Energiesystemer hierstellen, déi an der Raumfaart kënne genotzt ginn.

En Artikel vum Heng Barone

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.