Wéi Touristen Aarbechtsplaze fir Leit mat enger Behënnerung schafen

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Beetebuerger Mäerchepark

Fotoen: parc-merveilleux.lu

Psst, e schléift! Déif a fest. An dat schonn zënter bal 68 Joer! De Ris am Märchepark zu Beetebuerg. An och wann Dir hien net schnaarchen héiert, esou huet hien dach schonn esou munches verschlof. Zum Beispill d’Ouverture vum Märchepark am Joer 1956. Ënner dem Impuls vum Här Albert Willem Ter Braake, engem hollännesche Landschaftsarchitekt, an enger Rei Beetebuerger Geschäftsleit, gouf deemools d’Societéit Parc merveilleux S.A. an d’Liewe geruff. Op engem Spadséiergang duerch e klenge Bësch soll een op kleng Chaleten treffen, wou een duerch verschidde Fënsteren animéiert Figuren Zeenen aus de Märercher vun de Gebridder Grimm duerstelle gesäit a wou een eng Stëmm héiert, déi d’Märchen erzielt. Selbstverständlech soll een am Bësch och Wëld gesinn an eng flott Spillplaz fir déi Kleng däerf net feelen. An net ze vergiessen, de gudde Maufel fir Grouss a Kleng. De Beetebuerger Märchepark ass schnell zu engem feste Bestanddeel vum Liewen zu Lëtzebuerg ginn. Wien dréit haut net flott Erënnerungen aus senger eegener Kandheet oder aus Momenter, déi ee mat senge Kanner an dono mat sengen Enkelkanner am Märchepark verbruecht huet, mat sech ronderëm?

De schlofende Ris huet och déi Zäiten net matkritt, an deenen et dem Beetebuerger Park net esou gutt gaangen ass. An den 90er-Joren huet et u Sue gefeelt, fir de Park mat neien Iddien um Liewen ze halen. En neien Investisseur huet misse fonnt ginn, wat guer net esou einfach war. Et war d’APEMH (Association des Parents d’Enfants Mentalement Handicapés), déi dofir gesuergt huet, datt de Ris friddlech weiderschlofe konnt. Mee wéi kënnt eng Organisatioun, déi sech ëm Persoune mat enger Behënnerung këmmert, eigentlech dozou, de Beetebuerger Märchepark ze iwwerhuelen? D’APEMH war op der Sich no sënnvollen Aarbechten fir de Leit mat enger geeschteger Behënnerung kënnen unzebidden. Op hirem Bauerenhaff hat d’Organisatioun schonn d’Erfarung gemaach, datt d’Aarbecht mat Déieren sech gutt eegent fir seng Leit. De Beetebuerger Park bitt hinnen nach vill méi flott ënnerschiddlech Aarbechtsberäicher un, wou d’Kompetenze vun hire Leit zum Droe kënne kommen.

Haut beschäftegt de Park méi wéi 100 Mataarbechter. Et muss sech ëm d’Déiere gekëmmert ginn. Si musse gefleegt a gefiddert ginn. Ëm de 25 Hektar grousse Park këmmert sech eng Gaardenekipp. An der Kiche gëtt gekacht, esouwuel fir d’Visiteure vum Park ewéi fir déi Leit, déi elei schaffen. Et gëtt ëmmer eppes nei unzesträichen an d’Gehege gi vun eis selwer gemauert. Eng eege Wäscherei meeschtert d’Wäsch an d’Streck … Aarbecht ass genuch am Märchepark, an der Saison souwisou, an dono och.

De Märchepark soll lieweg an interessant bleiwen, an nach vill Generatioune vu Kanner an Enkelkanner begeeschteren. Mat vill Léift ginn al Wäerter erhalen, ouni datt vergiess gëtt, frësch Iddien ze integréieren. „Knusper, knusper, knäuschen, wer knabbert da an meinem Häuschen” ass nach ëmmer ze héieren, an dat an dräi Sproochen, wann een duerch de Bësch spadséiert. Mee d’Déierewelt, déi et ze bestaune gëtt, limitéiert sech net nëmmen op eenheemescht Wëld. Och wann elei op Elefanten, Giraffen a Léiwe verzicht gëtt, esou kann een awer 200 Déierenaarte vu 5 Kontinenter bestaunen. Bei engem Spadséiergang duerch d’Déierenhaiser Amazonia a Mahajanga kënnt Dir, ganz ouni Barriär, eng Rei Déiere begéinen. Nee, keng Angscht. En hongeregen Tiger gehéiert net dozou.

„Et wor emol …“ heescht et an de Märercher. Dat kann een och fir déi bal 68-järeg Geschicht vum Parc merveilleux zu Beetebuerg soen. Mee do wäert och nach villes geschéien. A wie weess? Vläicht kënnt an dësem moderne Märchen eng Kéier d’Prinzessin mam pinken E-Bike ugestrampelt a kësst de Ris endlech wakereg. Well dat Märchen ass nach laang net eriwwer.

Päiperleksgaart

Fotoen: Emile Hengen

Päiperlek, Schmetterleng, Pimpampel, Millermoler … mir fält spontan keng aner Kreatur an, déi vun de Lëtzebuerger esou vill verschidden Nimm verpasst kritt huet ewéi dëst faarwegt Déierchen. Vläicht ass et déi erstaunlech Metamorphos vum Raup zum Kokon bis hin zum faarweprächtege Päiperlek, déi eis esou faszinéiert.

E besonnescht Doheem hu Päiperleken am Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher. An dësem tropesche Gaart liewen Honnerte vun exotesche Päiperleken. Temperaturen, déi konstant bei 28 Grad leien, an eng Loftfiichtegkeet vu 70 bis 80 % loosse bei jidderengem direkt exotesch Vakanzegefiller opkommen, och mat zouenen Aen. Dat wär allerdéngs vill ze schued. Et géif ee jo soss déi beandrockend Schéinheet vun der Planzewelt net gesinn. „Aen op!“, heescht et éischter. „Mamma, Mamma, ech hunn am Gréngs e Chamäleon gesinn. Kuck do!“ „Psst, du verjos jo soss d’Déieren. Wou sëtzt de Chamäleon? A jo, do. Elo gesinn ech en och. Wéi schéin! A, kuck do, dee Päiperlek …“ Jo, op der Entdeckungsrees duerch de Gréiwemaacher Amazonas kann een net nëmmen allerlee Päiperleken entdecken.

Wärend der Saison fannen ongeféier 40.000 Leit de Wee an de Päiperleksgaart, erzielt eis d’Maud Hansen, Directrice vun den Ateliers protégés bei der Yolande Coop. D’Yolande Coop gehéiert zum Grupp elisabeth a këmmert sech ëm d’Kreatioun vun adaptéierten Aarbechtsplaze fir Leit mat enger Behënnerung. Genee ewéi de Beetebuerger Märchepark gouf och de Päiperleksgaart vun engem aneren Träger, de Caves Bernard Massard, am Joer 1989 gegrënnt. Eréischt méi spéit, am Joer 2011, gouf dëse vun der Yolande Coop iwwerholl. Haut hu néng Leit mat enger Behënnerung hir fest Aarbechtsplaz am Päiperleksgaart fonnt, fënnef am Gaart selwer a véier am Buttek an an der Brasserie. 

Fir datt d’Leit ëmmer erëm de Wee op Gréiwemaacher fannen, gëtt dofir gesuergt, datt all Joer eppes Neies ugebuede gëtt. D’Aarte vun de Päiperleken an och vun de Planze variéieren an iwwer dat ganzt Joer gi Liesungen a Workshoppen iwwer verschidden Theeme fir Grouss a Kleng organiséiert.

D’Saison am Päiperleksgaart dauert am Prinzip vum éischten Abrëll bis den eenandrëssegsten Oktober. Mee och ausserhalb vun der Saison ass hei keen am Wanterschlof. De Gaart muss ënnerhale ginn, d’Planze musse geschnidden an ëmgeplanzt ginn, et gëtt renovéiert, Neies bäigefüügt, ugestrach, also alles wat een net ka maachen, wa Visiteuren do sinn.

Zum Päiperleksgaart gehéiert och e klenge Buttek, wou ee flott Kaddoen ze kafe kritt, déi an den Ateliere vun der Yolande Coop hiergestallt goufen, an och eng Brasserie däerf natierlech net feelen. De Shop an d’Brasserie sinn dat ganzt Joer iwwer op.

Park Sënnesräich

Fotoen: photographer.lu - Park Sënnesräich

Wann de Beetebuerger Märchepark an de Päiperleksgaart initial vun enger anerer Gesellschaft gegrënnt goufen an eréischt méi spéit vun enger Organisatioun, déi sech an éischter Linn ëm Leit mat engem Handicap këmmert, iwwerholl goufen, esou verhält et sech mam Park Sënnesräich zu Lëllgen (Lullange) an der Gemeng Wëntger anescht.

1979 huet d’Vereenegung Foyer Éisleker Heem an engem schéinen herrschaftlechen Haff eng Wunnstruktur fir Leit mat enger Behënnerung opgemaach. Bei dësem Haus war e Grondstéck vun 3 Hektar. Eng Kooperativ, de Lëlljer Gaart, gouf gegrënnt an e Gäertner agestallt, fir dat Grondstéck an der Rei ze halen. Leit mat enger Behënnerung hunn dem Gäertner gehollef, fir aus dësem Grondstéck eng wonnerschéi Grénganlag mat héijem Erhuelungswäert ze maachen, déi fir all d’Duerfleit fräi zougänglech war. Wéi d’Ateliers protégés gesetzlech als eng ekonomesch Struktur agestuuft goufen, huet missen ëmgeduecht ginn. Soll dës parkänlech Anlag elo an eng Bamschoul ëmgewandelt ginn, fir kënne Planzen a Beem ze verkafen, oder ginn et nach aner Méiglechkeeten, fir dësen Terrain wirtschaftlech méi interessant ze notzen, an zur selwechter Zäit zousätzlech Aarbechtsplaze fir Leit mat engem Handicap ze schafen?

Leit, déi deemools am Verwaltungsrot waren, haten d’Iddi, fir de Park touristesch ze notzen. Et sollt op en „duussen“ Tourismus gesat ginn. Theema vum Park sollt d’Sënneserfarung sinn. An et war och séier kloer, datt de Park net deen eenzegen Tromp sollt bleiwen, mat deem versicht gëtt, d’Gäscht ze iwwerzeegen, erëmzekommen. D’Éislek huet wonnerschéi Landschaften unzebidden, u sougenannten Indoorattraktioune feelt et allerdéngs. Fir sech inspiréieren ze loossen, goufen sech aner Projeten iwwer dës Thematik ugekuckt, wéi zum Beispill d’Cité des sciences zu Paräis, de Park Nemo zu Amsterdam oder d’Schloss Freudenberg zu Wiesbaden. Et war den Initiateuren och wichteg, e Park an d’Liewen ze ruffen, an deem ee spilleresch eppes iwwer seng 5 Sënner gewuer gëtt. Op der enger Säit sollen d’Kanner net duerch theoreetescht Wëssen an Experimenter mental erschloe ginn an anerersäits sollen d’Elteren net schonn no enger Stonn en décke Kapp hunn, wéi dat ganz oft bei Indoorspillplazen de Fall ass. Dëst ass dem Lëlljer Gaart och absolut gelongen.

Den éischte Juni 2017 gouf de Park Sënnesräich a Presenz vun der Politprominenz ageweit. Op engem themateschen Tour kann de Visiteur mat senge fënnef Sënner vill flott Erfarunge sammelen. Am Spigelsall kann hien sech als laange Lullaatsch, breede Knirps oder krommen Néckel bewonneren. Beim Nomole vun engem Stär iwwer d’Spigelschrëft wëllt d’Hand einfach net dohin, wou d’Gehier se wëllt hin hunn. Am Kraaftraum kann een sech op den éischte Stack eropschrauwen. Am Taaschtlabyrinth soll ee mat verbonnen Ae säi Wee fannen. An der Loopdisco maachen déi eegen Danzschrëtt Musek. An nach vill méi Attraktiounen erwaarde Familljen, Gruppen oder eenzel Persounen, déi de Wee fir en Dagesausfluch an d’Éislek, op Lëllgen, fannen, an dat dat ganzt Joer iwwer. Selbstverständlech gëtt am Bistro Sënnesräich Wäert geluecht op e gudde Maufel, well de Geschmaachssënn soll op kee Fall ze kuerz kommen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.