De moderne Powerriegel

Hues de net och heiansdo Loscht op eppes Séisses, mee du traus dech net sou richteg zouzegräifen, well s du der de Virsaz gesat hues, dech deemnächst méi bewosst ze ernären? Dann ass hei d’Léisung fir dech, datt s de kee schlecht Gewësse muss hunn. D’Energy Balls eegnen sech perfekt fir dat klengt mee gesond Geschneeks tëschenduerch. Nach ni eppes dovunner héieren? Ma da kommen hei emol e puer Erklärungen iwwer dësen neien Iesstrend.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

„Energy Balls sinn u sech kleng ronn mëll Häppercher, déi op den éischte Bléck u Schockelastrüffen erënneren. Graff zesummegefaasst bestinn se aus eewäiss- a fetträiche Liewensmëttelen,“ erkläert d’Dieteticienne Tamara Ribeira-Olten. Ëmmer méi Leit gräifen an deene leeschte Joren op déi kleng Knippercher zeréck. Dat läit virun allem dorunner, well eis haiteg Gesellschaft op e méi gesonde Liewensstil uecht an dofir och op eng méi ausgeglachen Ernärung oppasst. Datt d’Energy Balls sou e Succès hunn, kann een domadder erklären, datt se einfach appetitlech ausgesinn, a ville Varianten ze maache sinn an iwwerall kënne matgeholl ginn. Als modern Variant vum traditionelle Powerriegel bezeechent d’Fachfra dës Knippercher.

Wat déi kleng Delikatessen nach sou beléift mécht, ass, datt een se ganz einfach selwer zoubereede kann. A wat praktesch dobäi ass: D’Preparatioun hëlt net vill Zäit ewech an se ass einfach wéi Bonjour. Déi meeschten „Energiebäll“ kënnen nämlech bannent fënnef bis zéng Minutte preparéiert ginn. „Eng Handvoll Nëss wéi Macadamien, Mandelen oder Cashewnëss, ewéi och gedréchent Uebst, Ueleg oder Afennossbotter brauch een emol op alle Fall, fir sech sou Energy Balls ze maachen. Wat elo nach feelt, sinn Huewerflacken a jee no Goût e puer Sesamkären, e bëssi Uebst oder Pistaschen. A fir déi Léit, déi de Schockela guer net op der Säit loosse kënnen, dierf e wéineg Kakao net feelen“, seet d‘Ernärungsberoderin. Alles wat een elo nach maache muss, sinn all déi Saache mat e bëssi Waasser an de Mixer geheien an se esoulaang mëschen, bis eng pecheg Mass entsteet, aus deenen ee selwer Bulle forme kann. Voilà, an dat war schonn de ganzen Zauber. Um Enn vun eisem Artikel fann Dir e puer Rezepter fir Är éischt Energy-Balls selwer ze maachen. Wann een se net alleguer beieneen ënnerdaach kritt, sollt een d’Energy Balls an enger loftduerchlässeger Box am Frigo lageren. Op dës Manéier bleiwen se ouni Problemer e puer Deeg frësch.

Wéi scho virdrunner ugedeit, sollen déi kleng Energieknippercher insgesamt d’Konzentratioun stäerken a fir méi Power am Alldag suergen. Virun allem fir Sportler, déi nom Effort erëm séier Energie tanke wëllen, kënnen se extrem interessant sinn. „Energy Balls sinn einfach eng richteg Energiequell, wëll se haaptsächlech aus Liewensmëttele bestinn, déi duerch hire Fett- oder Kuelenhydratgehalt vill Kalorië mat sech bréngen. Déi ganz Hülsefriichten, ënnert anerem Nëss, bréngen dem Kierper awer och een Deel Eewäiss, deen e brauch, fir d’Muskelen oprecht ze erhalen. Virun allem d’Nëss, déi vill Omega-3-Fetter enthalen, hunn och e positiven Effekt op d’Häerz“, erkläert d’Expertin. Mee net nëmme fir déi sportlech aktiv Persoune kënnen dës Energy Balls eng positiv Wierkung hunn. „Et sinn einfach vill verschidde Vitaminnen, Mineralstoffer a virun allem Ballaststoffer doranner enthalen, déi och e virdeelhaften Effet op d’Sättegungsgefill an d’Verdauung hunn“, seet si weider.

Obwuel sech dës kleng Stäerkung als eng gutt Alternativ fir e klenge Maufel tëschenduerch eegent, soll se op kee Fall déi traditionell Ernärung ersetzen. „Si sollen nëmme punktuell zou sech geholl ginn. Dës kleng ,Power-Häppercher’ kënnen d’Energiezoufuer nämlech séier an d’Luucht dreiwen, wat natierlech Konsequenzen op d’Gewiicht vun enger Persoun kann hunn, virun allem dann, wann se a grousse Quantitéiten als Snack fir tëschenduerch ugesi ginn“, warnt d‘Ernärungsexpertin. Dofir réit d’Dieteticienne derzou, se ëmmer just a Moossen ze genéissen. Sou bréngen déi ganz sougenannten Energy Bites guer keng Risike mat sech. Virun allem mueres eegnen se sech ideal als Moieskaffi. Sou start een nämlech mat vollem Elan an den Dag eran. Fit sinn, kuerz nom Opstoen, wat wëllt ee méi?

En Artikel vum Laurent Neiertz

Wéi mécht een Energy Balls?

E puer Rezepter

Energy Balls ze maachen ass wierklech super einfach! Alles, wat dir dofir braucht ass e gudde Mixer oder eng Kichemaschinn. Einfach all Zoutaten an de Mixer ginn an esoulaang mixen, bis alles gutt vermëscht ass. Et soll eng pecheg Mass entstoen, aus där een einfach Kugele forme kann. Duerno kann een d‘Energy Balls nach a Kakao, Sesam oder Kokosflacke rullen. Lecker an einfach!

Energy Balls – d‘Grondrezept

Zoutaten:

Aprikosen-Kokos-Balls

Zoutaten:

  • 200 g gedréchent Softaprikosen
  • 3 Zoppeläffelen (ongeféier 35 g) Huewerflacken
  • 10 Zoppeläffele Kokosraspel
  • 2 Zoppeläffelen Agaven-Sirup oder Hunneg
  • 1 Zoppeläffel Kokosueleg

    1. Softaprikosen am Mixer reng maachen. Huewerflacken (ongeféier 35 g) a 4 Zoppeläffele Kokosraspel an enger Pan ouni Fett liicht réischteren. Agavesirop a Kokosueleg dobäiginn. Opkachen a vun der Kachmaschinn huelen.

    2. 4 Zoppeläffelen ongeréischtert Kokosraspelen an d‘Aprikosen ënnerréieren. Ofkille loossen. Mat fiichten Hänn zu Hackernëss grousse Kugele formen. An ongeféier 2 Zoppeläffele Kokosraspele wenzelen. Ongeféier 30 Minutte killen.

    Afennoss-Schoko-Balls

    Zoutaten:

    No an no Schockela, Afennëss a Softdattelen am Mixer reng maachen. Schockela, Afennëss an Dattele mat Fluesssom an dem Botter vun den Afennëss gutt vermëschen an zu Hackernëss grousse Kugele formen. Ongeféier 30 Minutte killen.

    Afennoss-Balls

    Zoutaten:

    • 75 g gesalzten, geréischtert Käre vun Afennëss
    • 50 g däischtere Schockela
    • 1 Packung (200 g) Softdattelen ouni Steng, gedréchent.
    • 40 g (ongeféier 1 geheeften Zoppeläffel) Afennëss-Botter
    • 20 g Fluesssom
    • Bakpabeier
    1. D‘Afennëss an de Schockela no an no am Mixer zerklengeren. Dattelen am Mixer püréieren.
    2. Dattelen, de Schockela an d‘Afennëss an enger Schossel vermëschen. Den Afennëss-Botter an d‘Fluesssome gutt ënnerréieren. Aus der Mass Hackernoss grouss Kugele formen an op Bakpabeier setzen. Dréchne loossen.

    Räis-Noss-Balls mat Kréischelen

    Zoutaten:

    • 5 Räiskichelcher (ongeféier 55 g)
    • 50 g gedréchent Kréischelen
    • 175 g vegan Macadamiacrème
    • 3-4 Zoppeläffele Sesamsom

    Räiskichelcher an eng Gefréiertut maachen. D‘Tuten zoumaachen a mat der Deegrull driwwer rullen, bis d‘Kichelcher zergrimmelt sinn. Kréischelen haen. Mat Macadamiacrème an de Grimmele verréieren.

    Mat fiichten Hänn Hackernoss grouss Kugele formen. Am Sesam wenzelen. Ongeféier 30 Minutte killen.

    Müsli-Balls

    Zoutaten:

    • 75 g gemëschten Nëss a Kären (zum Beispill Hieselnoss-, Cashew- a Mandelkären)
    • 100 g gedréchent Figen
    • 50 g Botter
    • 2 Zoppeläffelen helle Rommelssirop
    • 4 Zoppeläffelen Huewerflacken
    1. Nëss hacken an an enger Pan ouni Fett réischteren. Eraushuelen an ofkille loossen. Figen am Mixer hacken
    2. 50 g Botter an 2 Zoppeläffele Sirop kuerz opkachen. Huewerflacken, Nëssmëschung a Fige gutt ënnermëschen. Vun der Kachmaschinn huelen. Ofkille loossen. Zu Hackernëss grousse Kugele formen. Ongeféier 30 Minutte killen.

    Leider hues du kee Premium Abonnement!

    E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

    Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.