Wéi stomm Zäitzeie stinn si uechter eist ganzt Ländchen op Kräizungen, déi sougenannte Weekapellen. Wou kommen se hier an aus wat fir enge Grënn sinn si gebaut ginn? Et ass eng Erausfuerderung, heiriwwer ze schreiwen, well an eiser Literatur esou gutt ewéi keng komplett Dokumentatiounen zu dësem Thema ze fanne sinn.
Nach haut ginn d’Kanner alt emol nach vum Paschtouer ugehalen, d’Kräiz ze maachen, wann si laanscht esou e Weekräiz oder eng Kapellche kommen, mee deene meeschte Matbierger falen dës Zäitzeie vu fréier guer net méi op. Souwäit nozeliesen ass, zum Beispill an engem Dokument vum Jängi Muller vun de Geschichtsfrënn Koplescht-Bridel, sinn esouwuel Weekräizer wéi och Weekapellen e Symbol vum déiwe chrëschtleche Glawe vun eise Virfaren; si si bei dës Monumenter komm, fir ze bieden a fir Gott ze veréieren. Mat Hëllef vun den agemeesselte Figuren a Schrëften huet sech da jiddereen op seng eege Manéier Gott virgestallt. Deemools war et Brauch, datt d’Lëtzebuerger – zum gréissten Deel Katholicken – entweder e Kräiz oder eng kleng Kapell opgeriicht hunn als Erënnerung un e wichtegt Ereegnes op hirem Liewenswee, un dat d’Passanten sech sollen erënneren (e freedegt Evenement oder en Hëllefruff an der Nout, zum Beispill am Fall vu Pescht, Seuchen oder schwéierer Krankheet). Meeschtens kennt déi lokal Populatioun dësen Ursprong awer just nach vum Héieresoen, zemools d’Inscriptiounen deelweis staark vum Wieder matgeholl sinn. Déi meescht Kräizer a Kapellercher si Sakramentskräizer, bei deene fréier d’Pressessiounen Halt gemaach hunn a wou de Paschtouer dann och de Seegen ausgedeelt huet. (Dokumentatioun: Koplescht fréier an hott, Weekräizer a Kapellen aus eiser Gemeng, Jängi Muller).
Am Zweete Weltkrich waren dës Steekräizer a Kapellercher och oft den Zilobjet fir d’Schéissübunge vun den Nazigrenzwiechter, déi domat e groussen Deel vun den Detailer an Opschrëften zerstéiert hunn. Dacks steet an dëse Kapellen dann eben e Weekräiz oder eng Statu vun engem Hellegen, zum Beispill dem Patréiner vun der Duerfkierch. Si waren och alt emol un d’Gemaier vun engem Haff ugebaut a sinn zum Deel och zerstéiert ginn, wann esou e Bauerenhaff ofgerappt gouf. Heiansdo ass et just eng Statu, déi an enger Nisch an enger Hausmauer steet, et gëtt awer och Grotte mat enger Statu dran an esouguer Minikierchen, déi alt och emol e klengen Altor Opweises hunn. Iwwerdeems wou déi eng onbeuecht op enger Kräizung verfalen, sinn anerer awer opwändeg restauréiert ginn.
Et ass onméiglech, hei op déi eenzel Kapellercher alleguer anzegoen, well et ginn der wierklech eng Hellewull. Sou ass zum Beispill op wikipedia.org eng Lëscht vun de Weekapellen zu Lëtzebuerg ze fannen, mee och déi ass net wierklech komplett. Verschidde Kapellercher si gutt dokumentéiert an et fënnt ee wierklech all Eenzelheet derzou am Internet, anerer schéngen einfach vergiess ze sinn. Fir den Ënnerhalt vun dëse Gebailechkeete suergt entweder d’Kierch oder awer déi jeeweileg Gemeng; eng 33 Kapellen a Weekapellen sinn iwwregens och als „National Monumenter“ klasséiert.
E Lëtzebuerger Matbierger, den Norbert Weins, hat sech op de Fändel geschriwwen, déi eenzel Weekapellen a Weekräizer ze dokumentéieren, ze fotograféieren an och ze publizéieren, anzwar a senger Bicherserie „Auf Wegkreuzfahrt durch das Großherzogtum Luxemburg“, déi tëschent 1982 an 1984 bei der Imprimerie Centrale erauskomm ass.
En Artikel vum Sully Prud‘homme