Placeholder Dummy template

Wat ass Konschttherapie?

En Interview mat der Presidentin vun der ALAtD

D’Christiane Baltes ass Presidentin vun der ALAtD (Association Luxembourgeoise des Art-thérapeutes Diplomés ASBL), dem Beruffsverband vun de Konschttherapeuten. Mir hu si an hirem Cabinet zu Rolleng (franséisch: Lamadelaine) besicht a si ënner anerem gefrot, wat dann eigentlech e Konschttherapeut esou mécht. Dobäi si mir gewuer ginn, datt dëse Beruff hei zu Lëtzebuerg net unerkannt ass, wat eng Rei Challengë mat sech bréngt.

Konterbont: Dir sidd Presidentin vun der ALAtD, dem Beruffsverband vun de Konschttherapeuten. Wat ass d’Zil vun Ärer Organisatioun a fir wat setzt Dir Iech an?

Christiane Baltes: Eist Haaptzil ass d’Unerkennung vun eisem Beruff als Profession de la santé, well dat ganz vill Saache méi einfach géif maachen. Momentan ass d’Situatioun e bësse méi komplizéiert. Vu datt mir net als Gesondheetsberuff unerkannt sinn, iwwerhëlt den ONE (Office national de l’enfance) eis Seancen och net. Just déi, déi eng duebel Kap unhunn an en Diplom als Psycholog oder Ergotherapeut besëtzen, kënne fuddelen, all déi aner net. Déi Aventure, déi ech hei gestart hunn, andeems ech zu Rolleng e Cabinet opgemaach hunn, ass schwiereg. Weeder d’Krankekeess – d’CNS – nach iergendeng Zousazversécherung kënnt dofir op. Dacks ass et awer fir genau déi Leit, déi esou eng Therapie brauchen – dacks sinn et sozial schwaach Leit –, net méiglech, esou eng Rechnung selwer ze bezuelen.

Deen anere Probleem ass deen, datt et duerch d’Net-Unerkennung och keng legal Basis fir de Konschttherapeut gëtt. Dat implizéiert, datt eigentlech jiddereen dat maache kann. Iergendee leet Iech e Blat Pabeier a Faarwen dohinner an nennt dat Ganzt dann Therapie. Dat wëlle mir ënnerbannen, mee mir hunn do keng Handhab.

K.: Hutt Dir vläicht e Beispill?

C.B.: D’lescht Woch si mir duerch Zoufall op e Post an de soziale Medie gestouss: „Wine Art Therapy“. Ech weess net, ob déi sech alles schéin drénken, mee dat do wëlle mir net. Et ginn och Formatiounen hei am Land ugebueden, bei deenen iergendeng Kënschtlerin e ganze Weekend e Cours ubitt an um Enn hunn alleguerten d’Participanten e Certificat an der Konschttherapie.

K.: Wat mécht e seriöe Konschttherapeut eigentlech?

C.B.: Et gi verschidde Richtungen, wéi een dat maache kann, an déi si jee no psychologeschem Courant ënnerschiddlech. Et gëtt zum Beispill déi psychodynamesch Approche, déi psychoanalytesch oder déi anthroposophesch. Dat hänkt jeeweils vun der psychologescher Orientatioun of, déi hannendrunnerstécht. Do ginn et verschidde Schoulen a verschidde Couranten.

K.: Wat maacht Dir dann elo?

C.B.: Ech sinn éischter psychodynamesch ënnerwee, dat heescht, datt ech eng Persoun an hirem Ganze gesinn. Ech schaffen haaptsächlech mat der Persoun hiren eegene Ressourcen, fir déi esou anzesetzen, datt si doraus eng positiv Erfarung mat erauszitt an duerno da probéiert, den Transfert dovunner mat an den Alldag ze huelen.

K.: Dat heescht, Dir sidd Psychologin an …?

C.B.: Nee, soss kéint ech jo als Psychologin operéieren. D’Formatioun vum Konschttherapeut fält zu engem groussen Deel an de Beräich Psychologie an zu engem aneren Deel an de Beräich Konscht. Hei léiert een, wéi eng Materialien ee kann asetzen, wéi dëst Material op de Patient wierkt, wéi eng Problematik et beim Patient gëtt a wat een dësem kann ubidden, fir datt d’Material op säi Fall a seng Situatioun passt an net frustrant fir en ass. Mir probéieren also, dat passend Material fir e bestëmmte Patient ze fannen, a bréngen déi zwee zesummen.

E Virdeel vun der Konschttherapie ass et, d’Konscht als Medium ze benotzen, fir domadder schaffen ze kënnen, ouni onbedéngt Wierder benotzen ze mussen. Ech hunn nach d’lescht Woch eng Demande vun enger Psychologin kritt, ob ech kéint e Kand behandelen, dat net géif mat hir schwätzen, wouwéinst si net wéisst, wat se mat em maache soll. Ech sot: Jo, natierlech, iwwer Kannerzeechnunge kann een zum Beispill ganz vill erausfannen. Dogéint kann de Psycholog, dee just Froe stellt, obwuel d’Kand net schwätze wëll, net wierklech weiderkommen.

K.: Wéi gitt Dir da vir?

C.B.: Dat ass ganz verschidden. Et hänkt dovunner of, wat fir eng Problematik de Patient huet. Ech stelle mir fir d’éischt emol follgend Froen: Wat ass de Probleem? Wat sicht de Patient? Muss en en Trauma opschaffen? Ass et, well e mat sengen Emotiounen oder Gefiller net eens gëtt? An da kucken ech, wéi mir dat kënnen opschaffen. Wat kann ee maachen? Dacks wëssen am Ufank vun der Therapie weeder de Patient nach den Therapeut, wou de Wee higeet. Ganz vill Saache kommen intuitiv, wéi zum Beispill bei engem Collage, wou ech soen, schneit emol alles eraus, wat dech usprécht, wat der gefält, wat s de schéi fënns, wou s de iergende Lien dozou hues. An duerno probéiere mer, ze kucken, wéi een dat kategoriséiere kann oder wat sech erauskristalliséiert huet. Iergendwann kënnt de Patient mat enger Ausso à la „Dat do erënnert mech un eppes!“ an da kënne mer dat opschaffen. Dacks weess een, do ass eppes, mee et weess een net, wéi een dat ausdrécke soll. Biller kënnen do ganz opschlossräich sinn.

Bei der Konschttherapie geet et manner ëm d’Resultat vum finale Produit a méi ëm de Prozess ‒ wat d’Produktioun vum Produit also am Patient ausléist.

K.: Wéi eng Konschtrichtunge setzt Dir dann an?

C.B.: Allgemeng kann ee Konschttherapie, Musekstherapie, Danztherapie, Beweegungstherapie oder Theatertherapie asetzen. Ech hunn awer eng Ausbildung an der intermedialer Konschttherapie gemaach. Dat heescht, datt ech déi verschidde Richtunge benotzen. Da schwätzt ee vun engem Perspektivwiessel, jee nodeem ob ech soe „beschreif mer dat Bild“ oder ob ech op eemol Museksinstrumenter dohinnerleeën a froe „wéi kéints du dat Bild musikalesch beschreiwen?“. Da setzt ee sech anescht mam Probleem auserneen.

K.: Muss de Patient eigentlech konschtaffin sinn?

Jein, mee et muss ee sech awer wëllen drop aloossen. Ech hunn och Patienten, déi sëtzen dann do a soen: „Dat hei ass näischt fir mech, ech kann näischt domadder ufänken.“ Da kann ech och net vill maachen. Anerer soen „Ok, ech probéieren et emol“ a soen duerno „Et war awer eppes anescht, wéi ech gemengt hunn“.

K.: Wéi eng Leit sinn dat, déi bei Iech kommen? Traumapatienten oder éischter Leit mat enger Behënnerung?

C.B.: Et ass immens breetgefächert. Dat kënnen zum Beispill Leit sinn, déi en Hiereschlag haten an doduerch kierperlech, awer och kognitiv ageschränkt sinn a Problemer hunn, mat der neier Liewenssituatioun eens ze ginn. Dat kënnen awer och Kriibspatienten, Leit aus der Psychiatrie, Jonker mat Autismus oder eeler Mënschen, déi an engem Altersheem wunnen, sinn.

K.: Zum Schluss nach eng ofschléissend Fro zum Haaptzil vun Ärem Beruffsverband: Wéi stinn dann eigentlech d’Chancen, datt d’Konschttherapie zu Lëtzebuerg unerkannt gëtt?

C.B.: Mir hate virun der Summervakanz eng Entrevue mat der Gesondheetsministesch Martine Deprez. Mir sinn op ganz oppen Ouere gestouss a mir sinn net deen eenzege Beruff, dee reglementéiert muss ginn. Dat ganzt Gesetz vun de Gesondheetsberuffer muss iwwerschafft ginn, mee dat ass jo lo eréischt kierzlech passéiert, dofir wësse mer net, wéi séier dat geet. An eisen Nopeschlänner ass d’Konschttherapie och net unerkannt, en Argument, dat dacks hei zu Lëtzebuerg benotzt gëtt, fir et och hei net mussen ze maachen. Et ginn awer Beispiller vu Länner, wéi Groussbritannien, wou se unerkannt ass. An Éisträich ass just d’Musekstherapie unerkannt. Et ginn och wëssenschaftlech Beleeger, datt dës Aarte vun Therapien erfollegräich kënne sinn. Se unzeerkennen, wär jo eigentlech eng eemoleg Geleeënheet fir Lëtzebuerg, mol eng Kéier Virreider ze sinn.

En Interview vum Eric Rings

Fotoen: © Christiane Baltes

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.