Am Kader vun der Foire agricole 2024 treffe mir de Marc Hermes, deen eenzege Lëtzebuerger Timber-Sportler. 15 Joer huet de Marc Holzhaen als Sport bedriwwen. Timber-Sports nennt sech dës Sportaart. Holz haen als Sport huet eng méi ewéi 150-järeg Traditioun a gëtt dofir oft „The Original Extreme Sport“ genannt. Bëschaarbecht gëtt säit Dausende Joren a ville Länner a Kulture praktizéiert. Wou de Sport allerdéngs säin Ursprong huet, léisst sech haut net mat Sécherheet soen. Scho Mëtt vum 19. Joerhonnert hunn d’Bëschaarbechter, déi sougennante Lumberjacken, ugefaangen, mat Aaxten a Seeë géinteneen unzetrieden. Eng al Seechen erzielt, datt am Joer 1870 zu Ulverstone op der australescher Insel Tasmanien zwee Bëschaarbechter fir 25 Pond gewett hunn, wien säi Bam am schnellsten ëmheet.
1891 war an der Stad Latrobe an Tasmanien du schonn déi éischt Holzfäller-Weltmeeschterschaft. Iwwer de pazifeschen Ozean koum d’Sportaart als Concours an d’USA an a Kanada. 1985 gouf en dunn duerch déi bekannte Mark STIHL ënner dem Numm STIHL TIMBERSPORTS® professionaliséiert. Säitdeem ginn et weltwäit eng Rei Meeschterschaften, ënner anerem eng Weltmeeschterschaft.
En Interview vum Marc Wilgé
D’Springboard gëtt als Kinneksdisziplin vum Timber-Sport bezeechent. Bei dëser Disziplin kënnt et net nëmmen op déi prezis Technik an d’Kraaft vum Sportler, mee och op d’Gläichgewiicht an d’Geschécklechkeet un.
D’Zil ass et, deen op der Spëtzt vun engem 2,80 Meter héije Bamstamm montéierten Holzblock, deen en Duerchmiesser vu 27 Zentimeter huet, duerchzehaen. Fir eropzekomme schléit de Sportler dat éischt Lach an de Stamm a placéiert do eent vun zwee Brieder, deene sougenannte Springboards. Dëst éischt Springboard ass säin éischten Träpplek no uewen. Mat senger Aaxt an deem zweete Springboard spréngt hien heirop a schléit e wéineg méi héich en zweet Lach fir dat zweet Springboard. Esou baut hien sech eng kleng Trap no uewen.
Emil Hansson
© STIHL TIMBERSPORTS®
Dës Disziplin simuléiert d’Ëmhae vun engem Bam mat der Aaxt. En Holzblock, dee senkrecht steet, muss esou séier ewéi méiglech vu béide Säiten duerchgeschloe ginn. Prezis Schléi mat der Aaxt a Kraaft sinn enorm wichteg fir dës Disziplin.
Matt Cogar
© STIHL TIMBERSPORTS®
Bei dëser Disziplin läit de Bamstamm um Buedem an de Sportler steet drop. Mat kräftegen Aaxtschléi vu béide Säite muss dësen esou schnell ewéi méiglech an zwee gehae ginn.
Jack Jordan
© STIHL TIMBERSPORTS®
Bei dëser Disziplin schafft all Sportler mat enger handelsüblecher Motorsee, mat där vum Bamstamm vu 40 Zentimeter Duerchmiesser zwou dënn Scheiwe mussen erofgeseet ginn.
Matt Slingerland
© STIHL TIMBERSPORTS®
Mat enger ronn 2 Meter laanger Handsee muss och bei dëser Disziplin eng Scheif vun engem 46 Zentimeter décke Stamm erofgeseet ginn.
Matt Cogar
© STIHL TIMBERSPORTS®
Och bei dëser Disziplin ginn 3 Holzscheiwe vun engem 46 Zentimeter décke Stamm erofgeseet. Hei kommen allerdéngs selwer gebaute Motorseeën an den Asaz, déi bis zu 80 Päerd staark sinn an deenen hir Kette mat enger Vitess bis zu 240 km/h dréit. Hei si Geschécklechkeet a Kraaft gefrot, well déi Maschinne weie bis zu 27 Kilo.
Jamie Head
© STIHL TIMBERSPORTS®
Spaweck
Timber? Wat bedeit dat dann eigentlech? An Neuseeland, Australien an deels och a Groussbritannie gëtt geseetent Holz, awer och Konstruktiounsholz fir de Bau als Timber bezeechent. Timber ass awer virun allem dat, wat d’Bëschaarbechter ruffen, kuerz éier de Bam ëmfält, esou datt jiddwereen sech aus dem Wee maache kann.