„Ech sinn an Esch eragefuer a stoung bei der rouder Luucht, wéi mir e Bus entgéintkoum. Dat war schonn opreegend, de Bus mat mengem Design op der Strooss ze gesinn.“
Den Alain Welter kënnt aus der Graffiti-Zeen. Hien huet am Minett schonn eng ganz Rei Projete gemaach, wéi d’Gestaltung vun de Killtierm zu Déifferdeng. Mat Politik wëll hie sech net onbedéngt ofginn, seet hien. An Esch2022 huet hien ufangs als ze vill politesch empfonnt. Och dowéinst wollt hie fir déi europäesch Kulturhaaptstad u sech guer kee Projet areechen, erzielt hien am Interview.
2020 ass hien dunn awer vun den Organisateure selwer gefrot gi fir matzemaachen. Zanterhier sinn eng ganz Rei Iddie verwierklecht ginn a Projeten entstanen. Partnerschafte mat enger Béiermark, mat anere Kulturhaaptstied oder eeben den Design op den TICE-Busser.
„Iwwerwältegend“, esou beschreift den Alain Welter dee Moment, wéi bei der Pressekonferenz d’Busser mat senger Konscht drop presentéiert goufen. Et wier eng ganz nei Erfarung gewiescht, e Bus ze gestalten, well een do och d’Form an d’Gréisst natierlech mat bedenke muss. Fir d’éischt gouf den Design op der Hand gemoolt, dann als riseg Fichieren digital ugeluecht, fir datt e spéider konnt gedréckt ginn. Zéng Busser rullen elo mam Diddelenger Waassertuerm oder de Schmelz-Gebaier duerch de Minett. Vun Duerf zu Duerf, vu Stad zu Stad.
Verbannen, egal ob Plazen oder Leit, dat ass warscheinlech den zentrale But vun Esch2022. An ënner deem Motto stinn och d’Projete vum Danz- a Choreographie-Duo Rhiannon Morgan an Giovanni Zazzera. Am Kollektiv LUCODA hu si mat anere professionellen Dänzerinnen an Dänzer Iddien iwwerduecht an ausgeschafft. Enn 2019 huet sech de Kollektiv fir den Appel à projets en vue vun Esch2022 gegrënnt.
Haut, iwwer 2 Joer méi spéit, kënne si et bal net gleewen, datt et elo lassgeet. Net all Projet, deen agereecht gouf, konnt zeréckbehale ginn, mee et wier ee frou, Esch2022 wéi eng „éischt Vitrinn“ kënnen ze befëllen. D’Projeten, déi d’Rhiannon Morgan an den Giovanni Zazzera schlussendlech am Kader vun der Kulturhaaptstad presentéieren, wëllen den Danz fir jiddwereen accessibel maachen. Do si Projete wéi Choreochroma oder Differdancedays, déi de Public mat abannen. Ausserhalb vun engem Theater oder festgeluechte Plazen, déi fir d’Kultur virgesi sinn. An esou sollen d’Leit am Luxembourg Science Center zu Déifferdeng matdanzen an Deel vun enger Installatioun ginn. A Kierche gi Mini-Choreographië vu maximal 25 Minutte gewisen, fir Loscht op Danz ze maachen.
D’Opreegung ass erauszehéieren, wéi d’Rhiannon Morgan an den Giovanni Zazzera um typesch schwaarzen Danz-Parquet vum Proufsall sëtzen a vun all hire Visiounen erzielen.
Duerch déi vilfälteg Projeten erhoffe sech déi jonk Dänzer, Kontakter am Süde vu Lëtzebuerg an an der Groussregioun ze knäppen, fir och no Esch2022 kënnen zesummenzeschaffen. De professionellen Danz wier hei am Land virun allem an der Haaptstad konzentréiert. Den europäesche Projet wier dofir eng Geleeënheet, fir sech och am Süden ze vernetzen. Och dowéinst wier et wichteg, datt iwwerall am Land Reklamm fir Esch2022 gemaach gëtt. An der Stater Gare zum Beispill mat Feiler weisen, wou een den Zuch Richtung Esch kann huelen. Bis ewell gesäit een ausserhalb vum Minett awer effektiv wéineg vum Kulturjoer. Eng verpasste Chance.
Als eng „grouss Chance“ hat den Théid Johanns Esch2022 an engem Wort-Artikel beschriwwen. Dat war am Oktober 2018. „Ech war stolz, datt de Minett eng Chance kritt, sech ze beweisen“, seet hien am Interview. Haut ass hien enttäuscht, wéi sech déi grouss Chance entwéckelt huet. Esch2022 hätt net méi vill mat der Séil vun der Regioun ze dinn. Ënner anerem och wéinst de ville Changementer ënner de Féierungspositiounen.
Mam Kënschtlerkollektiv CUEVA hat den Théid Johanns e Projet agereecht. Et sollt e konviviaalt Duerf entstoen, an deem verschidde Generatiounen an Nationalitéiten zesummekommen. Op enger kulinarescher Basis sollten déi ënnerschiddlechste Leit openeen duergoen a beieneefannen. E Projet, deen u sech gutt bei d’Iddi vun Esch2022 gepasst hätt. Mee e gouf awer net zeréckbehalen. Et wéisst een net genee, u wat et geleeën hätt, esou nach den Théid Johanns. Zwar wier ee gewuer ginn, datt de Formulaire net komplett ausgefëllt gi wier, mee trotzdeem wier de Projet een Tour weiderkomm, fir dann eliminéiert ze ginn. Beim Kënschtlerkollektiv bleift d’Fro: „Firwat mer net invitéiert goufen, als awer bekannten an aktive Kollektiv aus der Groussregioun, zu engem kuerze Gespréich. Dat kann ech mer just mat institutioneller Arroganz erklären.“
D’Iddi vun engem konvivialen Duerf, an deem déi ënnerschiddlechst Leit zesummefannen, setzt d’Kënschtlerkollektiv CUEVA elo an eegener Regie ëm, ënner dem Numm Metzeschmelz. Dat ganzt Fréijoer an de ganze Summer laang kann een um Terrain vun der aler Arbed zu Schëffleng weekends matmaachen.
Fir Dänzer, Videokënschtlerinnen oder Moler ass Konscht en Deel vum Alldag. Et ass hir Aarbecht. Mat Danz a Kierchen, Konscht op Busser an engem alternativen Duerf op enger eigentlech verloossener Plaz kéint Konscht och en Deel vum Alldag vun eis all ginn. An dat net just an engem Kulturjoer, mee och dann, wann d’Projekteren nees aus sinn.
En Artikel vum Monica Camposeo