D’Marie kennt déi Zeechen schonn zënter Joren. An ëmmer, wann de Wanter d’Nuechte laang an donkel an d’Deeg kuerz a gro gi léisst, weess si, datt d’Zäit erëm do ass ass. Dann huet si ëmmer manner Loscht op eppes, verléiert hiren Driff, hir Energie a kann sech op näischt méi richteg freeën. Si schléift vill an ass trotzdeem andauernd midd, se beweegt sech wéineg an awer ass si ëmmer kapott. „Mäi Wanterblues“ nennt si et, a wann et esouwäit ass, zitt si sech an hir véier Wänn zeréck a waart op Besserung. A well all Fréijoer och hir Liewensgeeschter erëmkommen an déi gro a schwéier Deeg an de Vergiess geroden, hëlt si et einfach hin. Joer fir Joer.
D’Marie heescht guer net Marie, si steet stellvertriedend fir vill Mënschen. Wärend si an de Summerméint fit an ausgeglach hiren Alldag meeschteren, gi si am Wanter vun enger Lethargie iwwerfall, déi si praktesch läämt. Saisonal Depressioun gëtt dat genannt an als Ënnerform vun der Depressioun gesinn. Zéng Prozent vun der mëtteleuropäescher Bevëlkerung ass dovu betraff, véiermol sou vill Fraen wéi Männer dorënner och Jugendlecher vu 16 Joer un.
Wéi genee eng saisonal Depressioun entsteet a wien dovu betraff ass, weess de Professer Dokter Claus Vögele, klinesche Psycholog an Psychotherapeut op der Uni Lëtzebuerg: „Et geet ee vun engem multifaktoriellen Ereegnes aus.“ Dat bedeit, datt esouwuel biologesch-geneetesch Risikofacteure ewéi och déi extern, also duerch d’Ëmwelt bedéngte Facteuren eng Roll spillen. Béid mussen zesummekommen, fir d’Erkrankung auszeléisen. Déi saisonal Depressioun fënnt ee weesentlech méi dacks an deene Länner op der Welt, an deenen et am Wanter extreem däischter ass. Dëst deit op eng Feelregulatioun vum chrono-biologesche Rhythmus hin. Dorënner versteet een déi automatesch Regulatioun vu verschiddenen Hormonen, wéi zum Beispill dem Melatonin an dem Serotonin, déi vill mat eisem Schlofverhalen a psycheschem Wuelbefannen ze dinn hunn.
Ausgerechent an der kaler a däischterer Joreszäit zäitweis schlecht a flemmseg drop ze sinn, ass eigentlech näischt Besonnesches. Bal jiddereen vun eis kennt esou Deeg, un deene guer näischt méi geet. Dës hunn esouguer zu der mënschlecher Existenz gehéiert, mengt de Professer Vögele. „Kritesch gëtt et awer, wann déi trauereg Stëmmung iwwer eng méi laang Zäit unhält, en Zeréckzéien aus dem soziale Liewen an der Aarbechtswelt stattfënnt a Verännerungen am Schlof- an Iessverhalen iwwer eng länger Zäit festzestelle sinn.“ Spéitstens da sollt een iwwerleeën, ob net e bëssen Hëllef néideg ass.
D’Symptomer vun enger saisonaler Depressioun, am Volleksmond och Wanterdepressioun genannt, sinn déi selwecht wéi bei enger normaler Depressioun, just datt si ëmmer zur selwechter Joreszäit optrieden, meeschtens am Wanter: Schwieregkeeten, mueres richteg ze erwächen, moies heiansdo Iwwelzegkeet, heefegt Verschlofen, ze vill Iessen, virun allem vill Kuelenhydrater, keng Energie a Konzentratioun, Zeréckzéie vun der Famill an de Frënn, geréng Loscht op Sex, depriméiert Stëmmung, Hoffnungslosegkeet, Verloscht vun der Freed un Aktivitéiten, déi fréier Freed gemaach hunn, liicht Irritatioun, Gewiichtsproblemer.
Kléngt no ettleche Problemer. Awer net all Symptomer mussen zwangsleefeg optrieden, fir datt eng Behandlung recommandéiert gëtt. „Et gëtt warscheinlech eng Abberzuel Fäll, bei deenen d’Konditiounen fir d’Diagnose net ganz erfëllt ginn, awer trotzdeem eng schwéier Behënnerung vum Eenzelen besteet“, seet den Professer Vögele. Wien also nëmmen een Deel vun de Symptomer bei sech feststellt, sollt trotzdeem eppes dogéint maachen. An am beschten scho fréizäiteg. Well bei saisonalen Depressioune ginn déi meescht Mënschen zu Widderhuelungstäter, si leiden all Joer nees op en Neits dorun.
Esou och d’Marie. Bis hir allerdéngs kloer ginn ass, datt hire Wanterblues, wéi si e genannt huet, eng eescht ze huelen an virun allem behandelbar Krankheet ass, goungen Joren an d’Land. Si huet sech zwar mat den Auswierkung vun de Depressiounen arrangéiert, awer mat der Zäit ass hir Angscht virun all Wanter esou staark ginn, datt si schonn am September d’Flemm kritt huet. „Iergendwann wousst ech net méi, ob ech mech elo schonn an engem echten depressiven Zoustand erëmfonnt hunn oder einfach nëmmen an Erwaardung vun der Depressioun schlecht drop war. Du war et Zäit, mech behandelen ze loossen“, seet si.
Well si op Medikamenter verzichte wollt, huet si et mat enger Kombinatioun aus Luucht- an Sporttherapie probéiert. „D’Luuchttherapie, also sech deeglech dem Liicht aussetzen ouni UV-Undeel mat enger Stäerkt vun em déi 10000 Lux ass an der Tëschenzäit eng wäit verbreet an an hirer Effizienz gutt beluechte Behandlungsmethod“, mengt de Professer Vögele. „Se ass absolut ze recommandéieren.“ Awer och medikamentös Behandlungen mat Antidepressiva oder d’kognitiv-behavioral Psychotherapie, an där Patienten léieren, negativ Gedanken duerch Positiver ze ersetzen an méi aktiv um Liewen deelzehuelen, hunn sech als ganz wierksam erwisen.
Op d’Fro, wat fir eng Moossnamen jiddereen fir sech och ouni medezinesch oder psycho-therapeutesch Hëllef ergräifen kann, seet den Psycholog: „Esou vill ewéi méiglech Luucht doheem. Versicht ze evitéieren, am Däischteren ze sëtzen. Féiert e gereegelt Liewen mat festen Zäiten, wou Dir opstitt an an d’Bett gitt. Evitéiert ze vill Schlof. Beweegt Iech vill. Gitt spadséieren, maacht Fitness. Am beschten dobaussen an a Gesellschaft. Déi bescht Virbeugung ass Sport, Sport an nach eng Kéier Sport!“
Mee keng Angscht! Am Géigesaz zur normaler Depressioun oder Major Depression, wéi de Fachbegrëff dofir heescht, verschwënnt d’saisonal Depressioun mat den éischten waarmen Deeg am Fréijoer vun eleng, och wann een näischt géint se mécht. Muench Wëssenschaftler huelen dofir esouguer un, datt si an der Evolutioun méiglecherweis nëtzlech war. Wéi de Wanterschlof bei den Déieren. Well duerch dat villt Schlofen an de reduzéierten Niveau un Aktivitéit gëtt Energie gespuert an gläichzäiteg duerch méi Iessen zousätzlech Energie gewonnen. Déi lästeg Wanterdepressioun als Zort Paus fir Energie ze tanken – wien hätt dat geduecht?
En Artikel vum Heike Bucher (Revue)
Dësen Artikel gëtt et och op Däitsch: