Vum Prinzip hier ass d’Bourse eng gutt organiséiert Maartplaz, wou Keefer a Verkeefer zesummekommen, fir Wäertpabeieren ze handelen. Um Prinzip vun engem traditionelle Maart huet sech am Laf vun de Joerhonnerten net vill geännert: D’Leit treffen sech do, fir Wuere vun allen Zorten ze kafen an ze verkafen. Händler bidden hir Wueren un a Keefer kommen, fir dës Wueren ze kafen. D’Balance tëschent Offer an Demande bestëmmt iwwerdeems de Präis. Dëse Prinzip gëllt och op der Bourse, just datt hei net mat Wueren, mee eebe mat Wäertpabeieren ewéi Aktien oder Obligatioune gehandelt gëtt.
Wärend den Handel op der Bourse fréier nach direkt um sougenannte Parquet vun der Bourse gemaach gouf, andeem Keefer a Verkeefer sech d’Präisser zougeruff hunn, esou gëtt den Handel haut bal exklusiv elektronesch duerchgefouert.
D’Lëtzebuerger Bourse ass eng Wäertpabeier-Bourse an si spillt zwou Haaptrollen: engersäits Lëtzebuerger an international Gesellschaften oplëschten, déi hiert Aktiekapital hei cotéieren, fir sech duerch Investitiounen ze entwéckelen, an anerersäits international Obligatiounen a Fonge cotéieren.
D’Bourse stellt hei d’Handelsplattform zur Verfügung, fir déi verschidden Transaktiounen ze erméiglechen. Si ass also souzesoen en Deel vun der Infrastruktur vun der Finanzplaz a muss sech dofir och esou gutt ewéi méiglech de Begeebenheete vun hirem Standuert upassen. Well de Beräich vun de Fongen eng vun den Haaptaktivitéiten op der Lëtzebuerger Finanzplaz duerstellt, huet d’Bourse entscheet, eng spezialiséiert Firma ze grënnen, déi Fundsquare heescht an eng ganz Rei vu Servicer an dësem Beräich ubitt.
An och wann d’Bourse souzesoen d’Fëllement vum Handel mat Wäertpabeieren duerstellt, esou ass d’Lëtzebuerger Bourse awer keng staatlech Administratioun, mee se huet d’Gesellschaftsform vun enger Société anonyme. Eng Firma also, an där et eng ganz Rei vu verschiddenen Aktionäre gëtt. De Lëtzebuerger Staat ass do ee vun den Haaptaktionären, mee och déi gréisste Lëtzebuerger Bankenakteuren, ewéi d’Spuerkeess oder d’Bil, an esouguer privat Investisseure besëtzen Undeeler vun der Gesellschaft.
Zënter hirer Grënnung viru bal engem Joerhonnert ass d’Lëtzebuerger Bourse eng dreiwend Kraaft an der Entwécklung vum Finanzökosystem an dank hirer innovativer Ausriichtung huet eis Bourse och international u Wichtegkeet gewonnen. Transparenz an international Oppenheet, mee och nohalteg Finanze spillen eng grouss Roll. Doriwwer eraus ass d’Lëtzebuerger Bourse och e Virreider a Saachen Nohaltegkeet: 2016 gouf de Luxembourg Green Exchange gegrënnt, déi éischt Plattform op der Welt, déi exklusiv op Investissementer an den dräi Beräicher Ëmwelt, Soziales an Nohaltegkeet beschränkt ass.
D’Lëtzebuerger Bourse dréit och aktiv derzou bäi, fir eng staark Verbindung tëschent Lëtzebuerg an dem Rescht vun der Welt oprechtzeerhalen. Esou gëtt zum Beispill chineesesche Firmen d’Méiglechkeet ginn, en Zougang zum internationale Kapitalmaart ze kréien. An Zukunft soll de Partenariat mam chineesesche Maart och nach weider ausgebaut ginn.
Och wa Lëtzebuerg keng onbekannte Plaz op den internationale Finanzmäert ass, esou bleift eis Bourse trotzdeem am Verglach mam Ausland e relativ klengen Acteur. Bekannt als Wallstreet ass d’NYSE – New York Stock Exchange –, déi gréisste Bourse op der Welt. Zesumme mat der elektronescher Technologieaustausch-NASDAQ gëtt 2/3 vum weltwäite järlechen Handel hei duerchgefouert. Esou grouss ass eis Bourse bei Wäitem net an et kéint een also héchstens vun enger Mini-Wallstreet schwätzen.
En Artikel vum Louis Reding