Walflicht? Walrecht?

Wiele mussen oder wielen däerfen!

walflicht

Walflicht oder Walrecht – wiele mussen oder wielen däerfen. Op dëst Thema stéisst een ëmmer erëm, wann een sech mat der Politik befaasst. An deenen enge Länner ass et eng Flicht, als Staatsbierger wielen ze goen, an deenen aneren ass et eng perséinlech Wiel.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Zu Lëtzebuerg hu mir d’Walflicht fir Lëtzebuerger tëschent 18 a 75 Joer (ob se zu Lëtzebuerg liewen oder net). No 75 Joer huet een d’Walrecht a keng Walflicht méi. Ënner 18 Joer huet ee weeder d’Recht nach d’Flicht. Eis auslännesch Matbierger däerfen (mussen awer net) sech fir d’Gemengewalen op d’Wielerlëscht vun hirer Gemeng androen. Hunn si dëst allerdéngs eng Kéier gemaach, besti fir si, wat d’Gemengewalen ugeet, dann déi selwecht Bestëmmunge wéi fir d’Lëtzebuerger (also déi mat Walflicht tëschent 18 a 75 Joer).

Nei bei de Gemengewalen dëst Joer ass d’Ewechfale vun der fënnefjäreger Residenzklausel. Elo geet et duer, datt en auslännesche Matbierger säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg huet, ouni zäitleche Minimum, an sech op d’Wielerlëscht vun senger Gemeng andréit, fir kënne mat wielen ze goen. Dat gëllt esouwuel fir EU-Matbierger wéi och fir déi, déi vun ausserhalb vun der Europäescher Unioun agewandert sinn. Allerdéngs hunn sech nach net vill Leit op déi Lëschte via MyGuichet oder op hirer Gemeng agedroen. Den Undeel loung bei nidderegen 19,8 Prozent.

De Referendum vum 7. Juni 2015 hat ënner anerem virgeschloen, d’Reegelunge vum Walrecht vun den auslännesche Matbierger bei de Gemengewalen ënner gewëssene Konditiounen och op déi national Walen auszedeenen. Dëst ass allerdéngs am Referendum verworf ginn. Laut neie Statec-Zuelen haten Enn 2021 genee 339.890 Leit (52,8 Prozent) déi lëtzebuergesch an 304.051 (47,2 Prozent) eng auslännesch Nationalitéit. Säit 1961 ass den auslänneschen Undeel vun der Bevëlkerung hei am Land vun 13,2 op 47,2 Prozent gewuess. Wéinst villen Naturalisatiounen huet den Auslännerundeel sech an de leschte Jore stabiliséiert.

Wat geschitt eigentlech, wann e Lëtzebuerger tëschent 18 a 75 Joer net wiele geet? D’Walgesetz gesäit am Artikel 90 vir, datt am Fall vun enger éischter onbegrënnter Enthalung eng Geldstrof tëschent 100 an 250 Euro fälleg gëtt. Gëtt sech bei der nächster Wal erëm net un d’Walflicht gehalen, kann d’Strof op 500 bis 1.000 Euro festgeluecht ginn. An der Praxis gëtt de Wieler, dee senger Flicht net nokënnt, net bestrooft. Fir d’lescht si walflichteg Net-Wieler am Joer 1964 strofrechtlech verfollegt ginn. Den Opwand, fir all eenzelen Net-Wieler duerch d’Police ze befroen, wär ze vill opwändeg, heescht et.

Tatsächlech ginn et net just e puer eenzel Walverweigerer, mee eng Hellewull. Zum Beispill hate bei de leschte Gemengewalen am Joer 2017 ronn 36.000 Bierger de Wee net bis an d’Wallokaler fonnt. Dës Zuel deckt allerdéngs och déi Leit of, déi eng gëlteg Entschëllegung oder eng Dispens ugefrot haten. Donieft ware vun de knapp 248.885 Stëmmziedele bei de leschte Gemengewalen der nëmmen 228.904 gëlteg. 8.824 waren net ausgefëllt a weider 11.157 waren ongëlteg. Bei de Parlamentswalen 2018 hate mer en änlecht Bild: Vun 233.014 Walziedelen an der Urn waren der 216.177 gëlteg. 6.957 waren net ausgefëllt an 9.880 ongülteg.

A wat géif da geschéien, wann d’Walflicht zu Lëtzebuerg géif opgehuewe ginn? An Holland ass zum Beispill d’Walflicht ufangs den 1970er-Joren opgehuewe ginn. Dono ass de Waltaux ëm bis zu 15 Prozent erofgaangen. Lëtzebuerg gëtt trotz Walflicht en Demokratiedefizit nogesot, well bei Parlamentswale just circa 50 Prozent vun den erwuessene Bierger walberechtegt sinn. Wa mer elo nach géifen d’Walflicht offiziell fale loossen, da kéint een dervun ausgoen, datt den Demokratiedefizit nach weider zouhëlt.

E Bléck op eis Nopeschlänner – d’Belsch ausgeholl, well do wéi zu Lëtzebuerg Walflicht ass – ka vläicht weiderhëllefe bei dëser Aschätzung. An Däitschland loung d’Walbedeelegung bei de Bundestags-Walen 2021 bei 76,6 Prozent. Bei der Parlamentswal a Frankräich ee Joer méi spéit hate just 47,5 Prozent vun de Walberechtegte gewielt. Ëmmerhin waren dat der e puer méi wéi bei de Walen 2017 an eisem südlechen Nopeschland.

Souwuel d’Walflicht wéi och d’Walrecht hu Vir- an Nodeeler. Dofir hu mir op der Strooss emol nogefrot, wéi d’Leit zu dësem Thema stinn. Hei e puer charakteristesch Aussoen:

walflicht

Jos: „Ech hu 84 Joer a fir mech wor de Wiessel an d’Walrecht mat 75 net markant. Fir mech ass et normal, wielen ze goen, an eng Zort Selbstverständlechkeet als Lëtzebuerger. De System vun der Flicht, wielen ze goen, fannen ech och gutt esou. Bei deene Jonke wier ech allerdéngs der Meenung, datt 18 dach fréi ass fir ze wielen. Do sinn déi meescht knapps aus der Schoul oder studéieren an hate bis ewell keng Zäit, sech mam politesche System auserneenzesetzen. Ech fannen awer, datt all Awunner d’Recht hätt, bei de Chamberwale wielen ze goen, onofhängeg vun der Nationalitéit. Mee wien sech wierklech dofir engagéiert, kann ëmmer nach d’Naturalisatioun a Betruecht zéien.“

walflicht

Jacqueline: ,,Ech hu well 62 Joer an ech hu bis elo keng Wale verpasst! Dat ass immens wichteg fir eist Land an dofir soll d’Walflicht erhale bleiwen. Ab 75 kann da jidderee fir sech entscheeden, do schwätzen ech net gär dran. Mee déi Leit, deenen et wichteg ass, datt hei zu Lëtzebuerg net egal ween an der Regierung sëtzt, déi gi bestëmmt och duerno nach weider wielen. Déi Jonk sollten och d’Recht hunn, méi fréi wielen ze goen, vläit hätt Lëtzebuerg dann e puer engagéiert Wieler domat gewonn. D’Schüler, déi am Ausland sinn, sollen awer nach verflicht sinn, wielen ze goen, ech mengen dofir hu si jo genuch Méiglechkeeten.‘‘

walflicht

Mireille: ,,Also ech sinn der 55 a ginn och ëmmer wielen. Ech mengen, dëst war vu virera fir mech kloer, esou leet d’Gesetz dat jo och fest. Ob ech dofir sinn, datt Jugendlecher wiele ginn? Nee, eigentlech net. Déi sollen nach bësse räifen, éier se sech un esou wichtegen Entscheedunge bedeelegen. Walrecht no 75 ass fir mech och ok, iergendwann soll een dann och selwer kënnen decidéieren, ob ee wiele geet oder net. Datt Auslänner net mat wiele ginn, fannen ech richteg. Wann hinnen d’Wale wichteg sinn, da kënnen se jo Lëtzebuerger ginn. Ech mengen, et geet jo hei ëm Lëtzebuerg.‘‘

walflicht

Lis: ,,Ech si 17 Joer al a fannen et gutt, datt d’Walflicht besteet, soss hätte mer vläicht net genuch Wieler. Ab 16 kënne matzewielen, wier flott, awer just, wann een sech dofir interesséiert. All Persoun, déi hei am Land lieft, sollt d’Recht hunn, wielen ze goen. A fir d’Studente wier et vläicht besser, se kéinten eraussichen, ob se wiele wëllen.‘‘

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.