Placeholder Dummy template

„Eis Baachen hunn net vill Waasser“

En Interview mam Anne-Marie Reckinger a Frank Grotz vum Waasserwirtschaftsamt

Och dëst Joer hate mer erëm Bloalgen am Stauséi a gëfteg Substanzen, déi an eng Baach gelaf sinn. An dëse Fäll kënnt ëmmer d’Waasserwirtschaftsamt (Administration de la gestion de l’eau) an d’Spill. Wéi den Numm et schonn deels verréit, läit d’Aufgab vun dëser Verwaltung doranner, eng nohalteg Bewirtschaftung vun eise Waasserressourcen ze assuréieren, dëst an Zesummenaarbecht mat ville Partner. Dës staatlech Administratioun ënnersteet dem Ministère fir Ëmwelt an nohalteg Entwécklung a setzt sech fir alles an, wat um Lëtzebuerger Territoire mat Waasser ze dinn huet. En Interview mat der neier Directrice adjointe Anne-Marie Reckinger a mam Kommunikatiounsverantwortleche Frank Grotz.

Anne-Marie Reckinger

D’Anne-Marie Reckinger ass säit Ufank Juni Directrice adjointe vum Waasserwirtschaftsamt. Nei ass dës Administratioun awer net fir si. Iwwer e Joerzéngt huet si schonn op anere Posten an dëser Verwaltung matgemëscht.

Konterbont: D’Waasserwirtschaftsamt huet eng Hellewull Missiounen. Eng vun deene wichtegsten ass warscheinlech déi vum Drénkwaasser …

Anne-Marie Reckinger: Mir decke verschidden thematesch Beräicher am Kader vum Waasser of. Esou ass d’Verwaltung och opgedeelt. Sou hu mir zum Beispill eng Unitéit, déi sech mam Drénk- a Grondwaasser beschäftegt, also alles, wat sech ënner dem Buedem befënnt. Do stelle mer eis d’Fro, wéi d’Grondwaasserversuergung zu Lëtzebuerg laangfristeg kann assuréiert ginn. Hei si mer am ganz enke Kontakt mat de Gemengen an hire Syndikater, déi fir d’Versuergung vun de Leit mat Drénkwaasser responsabel sinn. Eis Leit am Waasserwirtschaftsamt sti mat hinnen am Echange, wann et Froen oder Problemer ginn. Meeschtens geet et ëm gesetzlech Virgaben oder Kontrollen, déi gemaach ginn.

Kënne mir eist Drénkwaasser – wéi ëmmer gesot gëtt – ouni Bedenken a jidderzäit aus dem Krunn drénken?

Anne-Marie Reckinger: Do kënne mer gudde Gewëssens mat Jo drop äntwerten. Et gëtt eng europäesch Drénkwaasserdirektiv, déi mir an dat nationaalt Recht ëmgesat hunn. An do sinn eng ganz Rei Virgaben dran, wat d’Iwwerwaachung ugeet. Et mussen eng ganz Rei Parametere kontrolléiert ginn, fir déi prezis Grenzwäerter festgeluecht goufen. Déi gëllt et anzehalen. D’Gemengen an hir Syndikater musse reegelméisseg Kontrolle maachen. Doniewent hu mir eis Unitéit „Eau potable et souterraine“, déi onugemellt Prouwen huele geet. Mir nennen dat Razzia. Dës Prouwe ginn da bei eis am Laboratoire analyséiert. Hei zu Lëtzebuerg hu mer eng gutt Qualitéit vum Drénkwaasser. D’Iwwerwaachung ass streng a soubal eppes net ganz gutt ass, mussen d’Gemengen direkt hir Bierger doriwwer informéieren.

Frank Grotz: Eng vun eise Missiounen ass et och, eis Awanderer dofir ze sensibiliséieren, datt ee Krunnewaasser zu Lëtzebuerg kann drénken. A ville Länner däerf een dat net drénken a vill vun hinne wëssen deemno net, datt een dat awer hei ouni Bedenke ka maachen. E weidere Message, dee mer gäre vermëttelen, ass deen, datt d’Drénkwaasser keng onendlech Quell ass.

Mir sollen also net onbedéngt mat deem propperen Drénkwaasser eis Wiss nätzen oder den Auto virun der Dier wäschen?

Anne-Marie Reckinger: Genee. Et sollt een evitéieren – besonnesch an dréchene Perioden – säi Wuess ze nätzen, fir datt dee schéi gréng bleift. A mam Auto ass et méi effizient, an eng Wäschanlag ze fueren. Do gëtt manner Waasser verbëtzt an d’Pfleegeproduite ginn do professionell opgefaangen a kommen net an d’Ofwaasser.

Wa mir eisen Auto doheem wäschen, kommen also problematesch Substanzen an d’Ofwaasser?

Anne-Marie Reckinger: Mir hunn allgemeng e grousse Problem mat Mikroveronrengegungen. Dat si Substanze wéi Planzeschutzmëttel, Haushaltschemikalien oder Medikamenter, déi ee ganz schwéier aus dem Ofwaasser erauskritt. Dat gëllt och fir d’Autoswäsch doheem. Eng klassesch Kläranlag ass net dorobber ausgeluecht, mee nëmmen op den Ofbau vun organeschem Material. D’Gefor besteet also, datt dës fir d’Ëmwelt problematesch Substanzen nom Passage duerch d’Kläranlag an eis Gewässer kommen. Allerdéngs ginn et neierdéngs e puer Kläranlagen, déi dës Substanze mat spezielle Verfaren erausfiltere kënnen. Et gëtt e Planning fir den Ausbau vun de bestoende Kläranlage fir dës problematesch Substanzen.

Dat gerengegt Ofwaasser – deels also nach mat problematesche Substanzen dran – kënnt also an eis Gewässer. An eise Flëss a Baache maacht Dir da reegelméisseg Analyse vun der Waasserqualitéit?

Anne-Marie Reckinger: Jo, dat ass eis Unitéit „Protection des eaux“. Hei geet et engersäits ëm de qualitativen Aspekt vun den Uewerflächegewässer an anerersäits ëm d’Ofwaasser. Zu dësem leschte Punkt gehéiert de Bau vu Kläranlagen oder d’Entwässerung vum Reewaasser. Wéi hir Kolleege vum Drénkwaasser stinn och si am enke Kontakt mat de Gemengen an de Syndikater. Zesumme ginn zum Beispill Pläng gemaach, wou wéi eng Kläranlag soll gebaut ginn.

Maacht Dir selwer dann och Waasseranalysen?

Anne-Marie Reckinger: Kloer, mir hunn och e Laboratoire, wou Waasserprouwen analyséiert ginn. Dee befënnt sech um éischten an zweete Stack an eisem Gebai hei um Belval. Dës Prouwe sinn deels vun eis selwer, wou mir d’Qualitéit vun eise Gewässer kontrolléieren. Dat kënnen awer och Drénkwaasserprouwe sinn, déi Gemengen oder Privatleit eis eraginn an déi mir op ganz ville Parameteren testen.

Dir deckt awer och de Volet Héichwaasser of?

Anne-Marie Reckinger: Zu eiser Unitéit „Cours d’eau“ – alles, wat mat eisen Uewerwaassergewässer ze dinn huet – gehéiert och de Management vum Héichwaasser, wéi d’Previsiounen, déi si unhand vu Modeller berechne kënnen. Si preparéieren och d’Alerten, am Fall, wou d’Bevëlkerung misst gewarnt ginn. Eng weider Missioun ass d’Renaturéierung vun de Gewässer. Mir kucken, ob et enger Baach „gutt geet“. Hei stelle mer eis d’Fro, wéi mer Baachen, déi an der Zäit verbaut goufen, erëm méi natierlech an naturno gestalte kënnen.

Och am staatleche Kaartendéngscht Geoportail ass d’Waasser keen onwichtegt Element. Och do geet et ëm Héichwaasser …

Anne-Marie Reckinger: Jo, de Waasserberäich ass souguer immens grouss am Geoportail. Dee Site gëtt vun eis mat villen Donnéeë gefiddert. Zum Beispill gëtt et hei zu Lëtzebuerg eng Héichwaasser-Direktiv, déi virgesäit, datt een un de Gewässer potenziell Héichwaasserzonen ausweise muss. Wann een dat als Bierger wësse wëllt, fir beispillsweis un engem Gewässer en Haus ze bauen, da sinn dës Kaarten immens wichteg.

Mee de Bierger entscheet jo net eleng, wou e baue wëll oder net, mee dofir muss ee jo fir d’éischt eng Geneemegung ufroen …

Anne-Marie Reckinger: Genee, dofir hu mir de „Service autorisation“, well ee jo net egal wat egal wou hibauen däerf. Dat ass genee gereegelt. Mir analyséieren déi Dossieren a maachen dann de Suivi, fir d’Autorisatiounen erauszegi respektiv ze refuséieren.

Ëmmer erëm liest ee vu Veronrengegungen an eise Baachen, wann eng gëfteg Substanz express oder duerch en Accident draleeft. Wat ass hei Är Roll?

Anne-Marie Reckinger: Sicopol ass eis Kontrollunitéit, déi an dësem Fall an den Asaz kënnt. Eis Leit begleeden d’Asazkräfte vum Cegedis, wann se op den Terrain geschéckt ginn, fir séier eng provisoresch Léisung ze fannen, wéi beispillsweis Barriären opriichten. Da gëtt gekuckt, wat genee geschitt ass a wéi en Impakt dëst op d’Waasserqualitéit huet. Deementspiechend entscheet de Sicopol, wéi eng Moossname getraff musse ginn, fir datt d’Ëmweltverschmotzung sou geréng wéi méiglech ausfält. Dono gëtt vun hinnen och de Suivi gemaach, fir eventuell Laangzäitfollgen am A ze hunn.

Frank Grotz: An dëser Unitéit befannen sech OPJen (Officiers de police judiciaire), déi wéi d’Kriminalpolizei handelen däerfen, mee eebe just fir dee spezifesche Beräich am Kontext vun der Verschmotzung. Si schreiwen och Procès-verballen, falls den Dossier op d’Geriicht geet.

Jee no Verschmotzung kann dat jo deels schlëmm Follge fir d’Natur an de Mënsch hunn?

Frank Grotz: Jo, genee. Zu Lëtzebuerg kann eng gewësse Quantitéit u Verschmotzung méi grouss Follgen hu wéi am Ausland.

Wisou?

Anne-Marie Reckinger: D’Leit mengen, Lëtzebuerg wär e waasserräicht Land. Dat stëmmt awer nëmme bedéngt. Mir hunn hei am Land éischter méi kleng Baachen. Mir leien op der „Rhein-Maas-Wasserscheide“. Dat heescht, datt dee gréissten Deel vun eisem Reen an de Rhäin entwässert gëtt an e klengen Deel an d’Meuse. Well mir direkt op där „Wasserscheide“ leien, hunn eis Baachen net sou vill Waasser. Dowéinst kann den Impakt och scho bei enger klenger Pollutioun immens grouss sinn, well et sech net sou gutt verdënne kann. Aus dësem Grond musse mir relativ streng sinn am Fall vu Verschmotzungen.

D’Pollutioun ka jo och eng grouss Gefor fir d’Liewewiesen am Waasser sinn. Gehéieren d’Fësch an de Gewässer och zu Ären Aufgaben?

Anne-Marie Reckinger: Jo, an der Unitéit vum „Cours d’eau“ hu mer de Volet „Écologie et pêche“, wou an de Gewässer Prouwe gemaach ginn, fir festzestellen, ob sech tatsächlech déi Planzen a Liewewiesen an der jeeweileger Baach befannen, déi do hire Liewensraum missten hunn. Doniewent hu mer och eng Fëschzuucht, d’„Pisciculture de l’État“ zu Lëntgen, wou Forelle geziicht an dann an de Lëtzebuerger Gewässer ausgesat ginn.

Net gutt fir Mënsch an Déier sinn och déi elo erëm kierzlech gemellte Bloalgen am Stauséi. Wisou kommen déi eigentlech all Joer a firwat dëst Joer sou fréi?

Anne-Marie Reckinger: Fir datt d’Bloalgen entstinn, mussen direkt e puer Facteuren als Ausléier zoutreffen. Wéini déi Cyanobakteerien sech awer genee verbreeden, ass nach net ganz erfuerscht. Dofir kënne mir keng prezis Äntwert ginn. Fréier hate mer de Phenomeen vun de Bloalgen ëmmer just um Stauséi, an de leschte Jore waren se awer och mol an de Baggerweieren zu Rëmerschen an am Wäiswämper Séi. Well dëst effektiv e Problem fir Mënsch an Déier ass, déi an dëse Gewässer wëlle bueden, maache mir e reegelméissege Monitoring, fir de Phenomeen ze erkennen.

Wéi ass dann allgemeng d’Qualitéit vun eise Gewässer?

Anne-Marie Reckinger: Eise Gewässer geet et leider net gutt. Och hei ginn et europäesch Direktiven ewéi d’„Wasserrahmenrichtlinie“. Dës gëtt Virgabe fir d’Qualitéit vun den Uewerflächegewässer an dem Grondwaasser. All sechs Joer musse mir e „Plan de gestion“ mat Bewäertungen opsetzen. Dee leschte „Plan de gestion“ aus dem Joer 2021 ass schlecht ausgefall: Null Prozent vun eisen Uewerflächegewässer waren an engem gudden Zoustand. Fir ze soen, datt d’Gewässer an engem gudden Zoustand sinn, mussen all d’Parametere gutt sinn. Wa just ee Parameter net gutt ass, därfe mir dëst Gewässer net als „an engem gudden Zoustand“ bewäerten. Dës Direktiv ass also immens streng an et ass fir eis och net méiglech, Fortschrëtter ze visualiséieren. Mir hunn nämlech Fortschrëtter zu Lëtzebuerg gemaach an trotzdeem si mer ëmmer nach bei null Prozent. Ganz besonnesch beim Ofwaasser, dat jo an d’Gewässer leeft, hu mer immens Fortschrëtter an der Qualitéit erziilt. Trotzdeem hänke mir als Lëtzebuerg e bëssen hannendran.

Ginn et dann Erklärungen heifir?

Anne-Marie Reckinger: Mir leiden an eisem klengen an dicht bevëlkerte Land immens ënner dem Siidlungsdrock. Mir mussen op enkstem Raum vill bauen, net nëmmen Haiser, mee och Industrien.

Frank Grotz: An déi meeschte Gréngfläche gi bewirtschaft, wat leider net anescht geet.

Ass eis Lag dann hoffnungslos?

Anne-Marie Reckinger: Nee, mir wäerte weider haart dorunner schaffen. Et ass och en Zesummespill vun allen Acteure wéi d’Gemengen, d’Industrie, d’Landwirtschaft oder d’Haushalter, fir dat finaalt Zil vum gudden Zoustand ze erreechen. Zumindest ass et méiglech, ganz no an d’Géigend vun der Bewäertung „gudden Zoustand“ ze kommen. Allerdéngs spillt eis den Impakt vum Klimawandel net grad an d’Kaarten. Mee mir ginn et net op.

En Interview vum Eric Rings

Fotoen: © Administration de la gestion de l’eau

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.