Schwéier ze iwwersinn, sti se iwwerall am Ländchen: déi impressionnant Waassertierm. Firwat Drénkwaasser eigentlech iwwerhaapt muss „getiermt“ ginn, hu bestëmmt scho vill Leit sech gefrot, déi näischt direkt mat Waasserwirtschaft ze dinn hunn. D’Erklärung vum Luc Berens, dem Produktiounsresponsabele vum SES (Syndicat des Eaux du Sud) schaaft do Kloerheet: Nuets, wann déi meescht vun eis schlofen an de Waasserverbrauch deemno niddereg ass, gëtt dat aus der Natur gewonnent Waasser, nodeems et gerengegt gouf, an e Waasserbaseng a lëfteger Héicht gepompelt an do gespäichert. Aus deem Baseng gëtt et dann an d’Waasserleitungsnetz agespeist, fir datt et bei eis doheem mam idealen Drock vun 3 Bar aus dem Krunn sprëtze kann. Am Géigesaz zu méi hiwwelege Wunnregiounen, fir déi et duergeet, sougenannt „Niddreg-Waasserbasengen“ op engem erhéichte Punkt ze installéieren, muss fir Géigende mat enger méi flaacher Topografie op d’Tuermform zeréckgegraff ginn, fir dee gewënschten Drock ze erreechen.
Eng effikass Drénkwaasserversuergung gouf zu Lëtzebuerg eréischt nom Éischte Weltkrich opgebaut, virdrun hu vill Leit sech hiert Drénkwaasser direkt aus der Natur beschaaft: aus der Baach, aus dem Pëtz am Duerf oder aus dem Reefaass, an deem d’Waasser opgefaange gouf, dat vum Hausdaach gedrëpst ass. Et wonnert ee sech net, datt et deemools dacks zu Typhusausbréch koum, duerch déi vill Leit gestuerwe sinn.
Déi historesch Tierm zu Lëtzebuerg, wéi den ufanks vum 20. Joerhonnert gebauten Tuerm aus Natursteng um Lampertsbierg mat sengem massive Portal an de spatze Säitentiermercher, kënne mat den Noutwendegkeete vun haut net méi mathalen, sinn awer denkmalgeschützt wéinst hirer Schéinheet. Aner Tierm aus fréieren Zäite gi fir Kulturzwecker genotzt, ee Beispill dofir ass déi villbesichten Ausstellung „The Bitter Years“, déi virun enger Rei Joren am alen Diddelenger Héichreservoir ze gesi war. Deen eelste Waassertuerm, deen haut nach a Betrib ass, ass wuel dee vu Klengbetten, deen 1953 gebaut an 1999 moderniséiert gouf.
Mat modernster Technik ausgerüst, sinn et haut Tierm wéi deen um Rebierg bei Héiweng, den „Aquatower“ vu Bäerdref an den 2018 nei gebauten Tuerm um Ban de Gasperich – dee mat sengen 68,43 Meter als deen héchste Waassertuerm zu Lëtzebuerg gëllt –, déi Dag fir Dag eng grouss Zuel vun Awunner zouverlässeg mat frëschem Waasser versuergen. 2024 ass nach den Natur-Waassertuerm um Kierchbierg, deen aus zwee Zylindere mat engem Gesamtvolume vun 1000 Meterkibb besteet, dobäikomm. Wéi deen um Ban de Gasperich huet och dësen Tuerm net nëmmen eng Funktioun als Waasserspäicher. Dës Kontruktiounen erméiglechen et bestëmmte Vullenaarten, hei hir Näschter ze bauen. Niewebäi: Ronn 130 Liter H2O verbraucht jidderee vun eis pro Dag am Duerchschnëtt!
Waassertierm gëtt et zu Lëtzebuerg an alle méigleche Formen, woubäi dem Luc Berens no d’Triichterform technesch gesinn déi bescht ass, well bei de Variante mat ze vill Verstriewungen d’Waasser méi ongläichméisseg erofleeft an et esou éischter zu Drockschwankungen a strukturelle Rëss ka kommen. Et ass awer ze verstoen, datt souwuel d’Architekte wéi och déi respektiv Gemengeverantwortlech op eng gewëssen individuell Ästheetik net wëlle verzichten.
E Waassertuerm gëtt vun der respektiver Gemeng gebaut a finanzéiert; dobäi gëllt, datt all Gemeng esou vill Behälter zegutt huet, wéi se Sektiounen huet. Well d’Käschte fir esou e liewensnoutwendegt „Wahrzeichen“ an d’Millioune ginn an d’Terrainen hei am Land bekanntlech net grad bëlleg sinn, gëtt vill gemaach, fir datt d’Investitioun amortiséiert gëtt: Op verschidde Waassertuerm-Arealer, wéi zu Käerjeng, sinn Ariichtunge fir de kommunale Service technique installéiert, et gi Wandmillen an/oder Photovoltaik-Ariichtunge fir erneierbar Energie opgeriicht a villes méi. Och Veräiner profitéiere vun deenen imposante Waasserkathedralen: A verschiddenen Tierm, wéi deem um Rebierg, kann et duerchaus emol virkommen, datt e Chouer an deem risegen Noutfall-Reservoir prouft, deen d’Waassermassen am Haaptbehälter am Fall vun engem Äerdbiewen opfänke soll – den Echo-Effekt ass einfach ideal fir Gesang-Experimenter! An aneren Tierm kann een interessant Ausstellunge besichtegen, déi sech entweeder mat der Tuerm-Technik selwer oder mat aneren Theeme befaassen.
Ganz beléift sinn och déi gefouert Touren duerch d’Installatiounen, bei deenen een déi ganz Technik explizéiert an derno vun der Tuermspëtzt e wierklech phenomenalen Ausbléck gebuede kritt. Sou Toure sinn a ville Gemenge méiglech, fir de Waassertuerm Rebierg kann ee sech un de Luc Berens bei der SES zu Käerch adresséieren, d’Participatioun ass gratis.
En Artikel vum Patrick Calzi