Waasser

Placeholder Dummy template

Eng Zort Liewenselixir fir de Mënsch

Waasser huet eigentlech keng Nodeeler. Ob een eng gutt Schlupp Waasser no enger intensiver sportlecher Aktivitéit zou sech hëlt, e waarmt Bad an enger Bidden no engem kale Spadséiergang am Wanter hëlt oder een einfach nëmmen e Sprong an d’Schwämm bei waarme Summerdeeg mécht: D’Waasser deet dem mënschleche Kierper einfach nëmme gutt.

Virun allem ass d’Waasser iwwerliewenswichteg fir de Mënsch. Ouni Waasser funktionéiert nämlech näischt am mënschleche Kierper. Vernoléissegt een d’Drénken, da fänkt dësen un ze meuteren. D’Waasser ass nämlech Bestanddeel vun alle Kierperzellen an ass och wichteg, fir de ganze Stoffwiessel unzereegen. Dofir ass et recommandéiert, vill vun deem H2O (tëschent 1,5 an 2 Liter am Dag) zou sech ze huelen. Soumadder kënnen ënner anerem d’Gehir, d’Verdauung, d’Nieren an och d’Haut normal schaffen. Wéi vill Waasser een drénke soll, hänkt awer och vun der jeeweileger Situatioun of. Dreift eng Persoun Sport a schweesst vill, sou ass et natierlech ubruecht, méi ze konsuméieren. En plus ass Waasser als e gesonden a kalorienaarmen Duuschtläscher bekannt.

De Kierper profitéiert awer net nëmmen duerch déi direkt Zoufuer vum Waasser. Virun allem am Wellnessberäich kënnt eis Haut a Kontakt mam Waasser, wou dëst Element eng heelend Wierkung op de Kierper huet. De Begrëff Spa (aus dem laténgeschen Sanus per aquam) heescht jo och näischt anescht wéi Gesond duerch Waasser. Duerch speziell Kure kënne soumadder d’Duerchbluddung ugereegt a kleng Bobboe geheelt ginn. D’Ofwierkraaft kann z.B. duerch e waarmt oder een äiskaalt Buede gestäerkt ginn. Léist een et sech am Whirlpool gutt goen, sou kann een d’Séil entspane loossen. Natierlech ginn et och speziell Offere wéi déi vun engem „Basischen Bad“. Duerch d’Schweessen ass et der Haut hei méiglech, gewësse Schuedstoffer aus dem Kierper ze eliminéieren an déi am Waasser enthale Mineralien opzehuelen.

Sportlech Aktivitéiten am Waasser hunn awer och e positiven Afloss op d’Gesondheet. D’Waassergymnastik huet zwar meeschtens mam Klischee ze kämpfen, datt dëst éischter eng Sportaart fir déi méi eeler Leit wier, mä si bréngt awer vill Atoute fir de Kierper mat sech. Virun allem fir Mënschen, déi mat Problemer vun de Gelenker oder der Wirbelsail ze kämpfen hunn, eegent sech dee Waassersport ideal derfir. Duerch d’Waasser weien d’Muskelen, d’Knachen, d’Seenen an d’Bänner nëmmen nach een Zéngtel vum reelle Kierpergewiicht. Doduerch gëtt de Kierper ganz anescht wéi bei sportlechen Exercicer dobausse belaascht. Dës Übungen am Waasser reegen net nëmmen den Häerz-Kreeslaf-System an d’Duerchbluddung un, mä hunn am Fong e positiven Effet op de ganze Beweegungsapparat.

Sou gesi kann ee Waassersport wéi den Aqua-Jogging als en effektiven – an awer och ustrengenden – Ganzkierpertraining beschreiwen. Zousätzlech droe Variante wéi den Aquarobic derzou bei, datt ee vill Kalorien derbäi verbrennt an awer och eppes fir seng Ausdauer an de Muskelopbau mécht. A mat dat Bescht derbäi ass: De Verletzungsrisiko ass extrem niddereg. Firwat? Ma ganz einfach: Hefteg Beweegungsofleef ginn nämlech duerch d’Waasser ofgefiedert. Dat ass ee vun de groussen Ënnerscheeder am Verglach zu anere Sportaarten, wou d’Belaaschtung op d’Häerz, d’Knachen, d’Venen an d’Gelenker vill méi grouss ass. Sou kënnt et och net vun ongeféier, datt vill Leit – oder virun allem Sportler – et vun Doktere recommandéiert kréien, no Verletzunge mat liichte Schwammübungen nees unzefänken. Dofir ass et och nëmme verständlech, datt d’Schwammen och sou munch Virdeeler mat sech bréngt – quasi déiselwecht wéi bei deenen opgezielte Waassersportaarte virdrun.

Duerch de Waasserdrock gëtt d’Blutt nämlech besser zum Häerz transportéiert. Mä domadder net genuch: Am Fong gëtt beim Schwammen de ganze Kierper vu Kapp bis Fouss beusprocht, sou datt een u sech indirekt de ganze Kierper trainéiert. Natierlech ginn et och nach kleng Ënnerscheeder bei deenen eenzele Schwammstiler festzestellen. Virun allem Kraul- a Réckeschwammen eegene sech perfekt derfir, fir seng Muskelen an den Äerm, Schëlleren a Réck ze kräftegen, fir just e Beispill ze nennen.

Mee witzegerweis sollt ee wärend oder nom Schwammen eppes net vergiessen: Nämlech d’Drénke selwer. Och wann een et net mierkt, mä esouguer am Baseng kënnt een un d’Schweessen. Fir dat auszegläichen, wier et am beschten e Waasser (nee, kee Chlorwaasser!) oder en Äppeljus ze drénken. Awer och net an ze grousse Quantitéiten, soss mécht de Mo Männercher.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.