Waasser

Placeholder Dummy template

eng Zort Liewenselixir fir de Mënsch

Waasser huet eigentlech keng Nodeeler. Ob een eng gutt Schlupp Waasser no enger intensiver sportlecher Aktivitéit zou sech hëlt, e waarmt Bad an enger Bidden no engem kale Spadséiergang am Wanter hëlt oder een einfach nëmmen e Sprong an d’Schwämm op waarme Summerdeeg mécht: D’Waasser deet dem mënschleche Kierper einfach nëmme gutt.

Virun allem ass d’Waasser iwwerliewenswichteg. Ouni Waasser funktionéiert nämlech näischt am mënschleche Kierper: Vernoléissegt een d’Drénken, da fänkt en un ze meuteren. D’Waasser ass nämlech Bestanddeel vun alle Kierperzellen an ass och wichteg, fir de ganze Stoffwiessel unzereegen. Dofir gëtt recommandéiert, vill vun deem H2O (tëschent 1,5 an 2 Liter am Dag) zou sech ze huelen. Domadder kënnen ënner anerem d’Gehier, d’Verdauung, d’Nieren an och d’Haut normal schaffen. Wéi vill Waasser een drénke soll, hänkt awer och vun der jeeweileger Situatioun of. Dreift eng Persoun Sport a schweesst vill, dann ass et natierlech ubruecht, méi Waasser ze konsuméieren. En plus ass Waasser als e gesonden a kalorienaarmen Duuschtläscher bekannt.

De Kierper profitéiert awer net nëmme vun där direkter Zoufuer vum Waasser. Virun allem am Wellnessberäich kënnt eis Haut a Kontakt mam Waasser, wou dëst Element eng heelend Wierkung op de Kierper huet. De Begrëff Spa (aus dem laténgesche sanus per aquam) heescht jo och näischt anescht wéi „gesond duerch Waasser“. Duerch speziell Kuere kënnen d’Duerchbluddung ugereegt a kleng Bobboe geheelt ginn. D’Ofwierkraaft kann z. B. duerch e waarmt oder en äiskaalt Buede gestäerkt ginn. Wann een sech et am Whirlpool gutt goe léisst, da kann d’Séil entspanen. Natierlech ginn et och speziell Offere wéi déi vun engem „basesche Bad“. Duerch d’Schweessen ass et der Haut hei méiglech, gewësse Schadstoffer aus dem Kierper ze eliminéieren an déi am Waasser enthale Mineralien opzehuelen.

Sportlech Aktivitéiten am Waasser hunn awer och e positiven Afloss op d’Gesondheet. D’Waassergymnastik huet zwar meeschtens mam Klischee ze kämpfen, datt se éischter eng Sportaart fir déi méi eeler Leit wier, mee si bréngt awer vill Atoute fir de Kierper mat sech. Virun allem fir Leit, déi mat Problemer vun de Gelenker oder der Wirbelsail ze kämpfen hunn, eegent sech dee Waassersport ideal. Duerch d’Waasser weien d’Muskelen, d’Knachen, d’Seenen an d’Bänner nëmmen nach een Zéngtel vun hirem reelle Gewiicht. Doduerch gëtt de Kierper ganz anescht wéi bei sportlechen Exercicer ausserhalb vum Waasser belaascht. D’Übungen am Waasser reegen ausserdeem net nëmmen den Häerz-Kreeslaf-System an d’Duerchbluddung un, mee hunn am Fong e positiven Effet op de ganze Beweegungsapparat.

Sou gesi kann ee Waassersport wéi den Aqua-Jogging als en effikassen – an awer och ustrengenden – Ganzkierpertraining beschreiwen. Zousätzlech droe Variante wéi den Aquarobic derzou bei, datt ee vill Kalorien derbäi verbrennt an awer och eppes fir seng Ausdauer an de Muskelopbau mécht. A mat dat Bescht derbäi ass: De Verletzungsrisiko ass extreem niddereg. Firwat? Ma ganz einfach: Hefteg Beweegungsofleef ginn nämlech duerch d’Waasser ofgefiedert. Dat ass ee vun de groussen Ënnerscheeder am Verglach zu anere Sportaarten, wou d’Belaaschtung op d’Häerz, d’Knachen, d’Venen an d’Gelenker vill méi grouss ass. Sou kënnt et och net vun ongeféier, datt vill Leit, a virop Sportler, vun Doktere recommandéiert kréien, no Verletzunge mat liichte Schwammübungen nees unzefänken. Dofir ass et och nëmme verständlech, datt d’Schwammen och sou munch Virdeeler mat sech bréngt – quasi déiselwecht wéi bei deenen opgezielte Waassersportaarte virdrun.

Duerch de Waasserdrock gëtt d’Blutt nämlech besser bei d’Häerz transportéiert. Mee domadder net genuch: Am Fong gëtt beim Schwammen de ganze Kierper vu Kapp bis Fouss beusprocht, sou datt een un sech indirekt de ganze Kierper trainéiert. Natierlech ginn et och nach kleng Ënnerscheeder bei deenen eenzele Schwammstiler festzestellen. Virun allem Kraul- a Réckeschwammen eegnen sech perfekt derfir, fir seng Muskelen an den Äerm, de Schëlleren an am Réck ze kräftegen, fir just ee Beispill ze nennen.

Mee witzegerweis sollt ee wärend oder nom Schwammen eppes net vergiessen: Nämlech d’Drénke selwer. Och wann een et net mierkt, mee esouguer am Baseng kënnt een un d’Schweessen. Fir dat auszegläichen, wier et am beschten, Waasser (nee, kee Chlorwaasser!) oder en Äppeljus ze drénken. Awer och net an ze grousse Quantitéiten, soss mécht de Mo Männercher.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.