Vun 0 op 100 trotz engem Handicap Den Tom Habscheid

Datt een trotz enger Behënnerung oder engem Handicap sportlech op engem Topp-Niveau ka vir mat derbäi sinn, dat beweist den Tom Habscheid.

Scho vu Gebuert un ass dem Tom Habscheid säi lénkst Bee verkierzt, wat de gebiertegen Useldenger awer ni dovun ofgehalen huet, fir Sport ze maachen. Schonn a jonke Jore stoung hien zu Useldeng um Fussballsterrain an huet dräimol d’Woch trainéiert, och wann hien, wéinst sengem Handicap, ni eng Lizenz sollt kréien an och ni bei de Matcher um Terrain konnt derbäi sinn.

No senger Erfarung am Fussball huet den Tom awer net labber gelooss an esou muench aner Sportaart ausprobéiert. Basket, Vëlo, Schwammen an och emol Skateboarde stoungen um Programm. Datt en eng Prothees um Been huet, huet hien ni dovun ofgehalen, eppes Neies ze probéieren!

Déi sportlech Säit vum Tom ass am Alter vu 16 Joer e wéineg ze kuerz komm. Deemools huet hie seng Léier als Bäcker ugefaangen. De sportlechen Ausgläich war deemools éischter Party maachen, erzielt den Tom mat engem Grinsen. Vun all de Sportaarten, déi hie virdrun ausprobéiert huet, huet him awer och näischt esou richteg zougesot.

Geännert huet sech dat, ewéi deen am Joer 1986 gebuerenen Tom Habscheid 2012 d’olympesch Summerspiller zu London, a kuerz derno och d’Paralympics, déi deemools och zu London am vereente Kinnekräich ofgehale goufen, gesinn huet. „Wat déi kënnen, dat kann ech och“, war dat éischt, wat dem Tom an de Kapp komm ass. An domat sollt hien och Recht behalen. Datt hien e puer Joer derno de Spëtznumm „Iron-Tom“ géif kréien, konnt hie sech deemools nach net virstellen. „Et huet klick gemaach“, erzielt den Tom. D’Liichtathleetik an haaptsächlech Diskus a Bommstoussen hunn hie begeeschtert. Dëse klenge Klick sollt dem Tom seng sportlech Karriär vun 0 op 100 beschleunegen, an dat a ganz kuerzer Zäit.

Eng E-Mail an e Prouftraining méi spéit stoung hie beim Celtic Diekirch op der Matt. „Dat war scho relativ cool“, seet den Tom am Gespréich, an awer huet hien no den éischte Wërf mam Diskus gemierkt, datt dat, wat hien do gemaach huet, an dat, wat déi Jongen um Fernsee bei den olympesche Spiller gemaach hunn, zwee Puer Schong waren. Decouragéieren huet hie sech awer ni gelooss. „Do kann ech mathalen“ war de Sproch, deen den Tom ëmmer am Kapp hat, an hie sollt Recht behalen. Lyon war säin Zil. 2013 sollt do d’Liichtathleetik-Weltmeeschterschaft fir Sportler mat enger Behënnerung ofgehale ginn. Eng éischt Enttäuschung koum dunn awer schnell. Obwuel hien d’Normen all erfëllt hat, sollt hien net zougelooss ginn, dëst haaptsächlech wéinst senger rasanter Karriär am Sport.

Säi Veräin huet dat awer anescht gesinn an huet all Hiewelen a Beweegung gesat, an dat mat Erfolleg. Eng Wildcard fir d’Weltmeeschterschaft war d’Resultat vun den Ustrengungen, an den Tom huet net enttäuscht. Plaz fënnef bei senger éischter Weltmeeschterschaft, dat huet iwwerzeegt!

Sportlech ass et derno mat Vollgas weidergaang. 2014 huet den Tom de World-Cup am Diskuswerfe gewonnen. Wéi den Tom op Diddeleng geplënnert ass, huet hien 2015 de Veräin gewiesselt. De Cercle Athlétique Dudelange, kuerz CAD, ass säit deem Joer säin Doheem. Sportlech huet den Tom weider Erfolleger gefeiert a Medaile gesammelt. 2016 stoungen d’Paralympics zu Rio fir hien um Programm an hien huet do am Diskuswerfen déi gutt siwent Plaz erreecht.

Och an den Europameeschterschaften ass den Tom Habscheid ëmmer mat virbäi. Eng Bronzemedail a fënnef Sëlwermedailen aus béiden Disziplinnen huet den Tom mëttlerweil an der Vitrinn leien. Bei der Weltmeeschterschaft 2019 ass hien Zweete ginn an huet sech domat fir d’Paralympics 2020 qualifizéiert, déi duerch d’Corona-Pandemie eréischt am Joer derno sollte stattfannen. En neie Weltrekord huet hien op der Weltmeeschterschaft da quasi niewebäi och nach opgestallt: 15,10 Meter am Bommstoussen an der Kategorie F63. Eng olympesch Medail als Parathleet war dem Tom säi grousst Zil, an zesumme mat sengem Trainer Fernand Heintz huet hien onermiddlech un deem Zil geschafft.

Säin Dram sollt sech awer leider net ganz erfëllen. Mat enger gudder véierter Plaz koum den Tom vun Tokyo erëm heem. Eng gewëssen Enttäuschung huet een him am Gespréich doriwwer ofgesinn. Trotzdeem ass hien houfereg op seng Leeschtung aus deene leschte Joren.

E Schlusstréch huet den Tom dann den 12. September 2021 ënner seng Karriär gezunn. „Déi lescht Méint hu mech, mäin Trainer an eis Famillje vill Kraaft kascht. Ech hu vill groussaarteg Mënschen a menger Karriär kenne geléiert an hu mech als Mënsch duerch de Sport weiderentwéckelt“, steet a sengem Statement geschriwwen. Fir hie fänkt elo eng nei Etapp a sengem Liewen un, awer sengem Motto bleift hien trei: „Gëff net op, maach däi Wee a lief deng Leidenschaft!“

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.