Vum Fräiliicht-Spektakel iwwer d‘Séibühnbis bei e Séicenter an erëm zeréck!

Illus.: Marc Angel (Mangro)

Viru 26 Joer, am Summer 1993 gëtt zu Ënsber um Fuussefeld eng „Summernight-Story” vum William Shakespeare opgefouert. De Spektakel ass mat 8 ausverkaafte Virstellungen e groussen Erfolleg an Novum fir de Séi an d‘Géigend. D’Iddi vun enger fester Bühn ass gebuer an et gëtt eng eegestänneg Asbl gegrënnt, fir de Projet ze realiséieren.

Zousätzlech sollen Äntwerte fonnt ginn op aner Mängel, déi et ronderëm de Séi gëtt: Vestiairen, Toiletten, eng geséchert Plaz fir Kanner fir ze schwammen, e klenge Bistro oder Restaurant an en Informatiounsbüro. Pläng ginn ausgeschafft, de Projet wiisst an d’Kontakter mat verschiddene Ministèrë kommen an d’Rullen. Am Tourismusministère ass een och opmierksam ginn, a sou gëtt aus der Séibühn de „Séicenter: Centre d’Accueil du Lac de la Haute-Sûre“.

Am November 2009 schwätzt den Néngsener Gemengerot sech fir eng Fusioun mat de Gemengen Esch-Sauer an Heischent aus; ënner anerem mam Séicenter als prioritäre Fusiounsprojet. De Projet ass méi grouss ginn, wéi een ufangs geduecht hat, a kann net méi eleng am Benevolat geréiert ginn. 2011 gëtt eng Konventioun ausgeschafft, déi et der Asbl erméiglecht, mat finanzieller Ënnerstëtzung vun der Gemeng d’Gestioun vum geplangte Séicenter ze iwwerhuelen. De Bau ass geplangt fir eng éischt Saison am Joer 2014 op der Bühn ze programméieren. D’Motivatioun ass grouss an et gëtt un deem Zil geschafft. Dank der Gemengekonventioun kënne fir 3 Joer (vun 2013 – 2015) Manifestatioune geplangt ginn an e Coordinateur de projet mat engem Kontrakt op 2 Joer agestallt ginn.

Déi éischt vollwäerteg Summersaison 2014 steet ënner dem Slogan „D’Séibühn ass anescht“. Haaptkrittäre fir all Spektakel ass, datt et deen Evenement, déi Experienz just op dëser Plaz ka ginn, an de Séi als eenzegaarteg Kuliss an de Mëttelpunkt réckelt. Mat variabelem Succès beim Publikum, ginn dee Summer well eng Rei Pisten opgedeckt, déi de Publikum iwwerraschen an iwwer d’Regioun eraus hellwaakreg maachen: eng Waasseroper à la Cirque du soleil, eng Lightshow mat live Musek op der Staumauer, oder en almoudesche Bal ëm 1920 zu Esch-Sauer mat Vue op d’Schlass.

Fir de Summer 2015 gëtt dës Offer weiderentwéckelt an d’Séibühn geet op Konfrontatiounskurs, fir richteg Kaméidi ze schloen. Proposéiert ginn ënner anerem zwou eege Kreatiounen, bei deene Lëtzebuerger Kënschtler engagéiert ginn: Open-air-Kino mat live Orchester an neier musikalescher Inzenéierung op der Staumauer an eng Wikinger-Metal-Oper op schwammender Bühn, mat Mutiny on the Bounty, geschriwwen a komponéiert vum Jean-Michel Treinen. D’Séibühn fuerdert domat d’Dynamik vun der kultureller Landschaft a gëtt eng Plaz fir frësche Wand! Mat originelle Spektakelen, déi vill Zuschauer unzéien a vun der Kritik héich gelueft ginn, huet d’Séibühn hir Plaz op der kultureller Landkaart fonnt.

Dass et um Stauséi net ëmmer riicht, mee och mol kromm ass, dofir awer ëmmer anescht, an ëmmer aussergewéinlech, dovu konnten sech dat Joer iwwer 2.000 Zuschauer iwwerzeegen.

Leider gouf et am Summer 2015 awer nach ëmmer keng fest Bün um oder beim Séi an och keng adequat Infrastrukturen, wéi Garderobe fir Artisten, Beliichtung fir d’Zuschauer a sou weider… D’Konditiounen, ënner deene geschafft gouf, waren déiselwecht wéi 1993. D’Gemeng Esch-Sauer hat entre-temps entscheet, de Bauprojet fir Bün a Kulturzentrum falen ze loossen, obwuel ugebuede gouf, d’Konventioun mat der Séibühn Ënsber Asbl ze verlängeren.

Domat stoung de Veräi virun enger grousser a wichteger Entscheedung. De Comité entscheet, all Aktivitéite raschten ze loossen, soulaang kee politesche Wëllen do wier, Konditiounen ze schafen, déi dem professionellen Niveau entspriechen, dee mat der Programmatioun vun 2015 erreecht gi war. Eng Decisioun, déi all deene wéi gedoen huet, déi sech iwwer Jore benevole engagéiert haten, fir déi kulturell Offer ronderëm de Séi ze verbesseren.

Kultur huet leider wéineg Lobby a wann sech op nationalem Niveau déi lescht 25 Joer net wäitsiichteg a couragéiert Politiker fir entscheedend Projeten engagéiert a géint eng ëffentlech Meenung duerchgesat hätten, wiere mer net do, wou mer haut sinn.

Rezent sinn eng Rei Zännrieder a Beweegung komm an d’Séibühn soll aus der Versenkung optauchen. Esouwuel an der Infrastruktur wéi am Personal kéint de Ball an d’Rulle kommen, an ouni ze vill ze verroden, sinn och Ministèren un enger Weiderféierung vum Projet interesséiert.

Natierlech gëtt et net einfach, sech frësch ze motivéieren. All d‘Enttäuschungen aus der Vergaangenheet musse vergiess ginn. Den artistesche Bilan léisst sech op alle Fall weisen, an d’Asbl kann houfreg sinn op dat, wat geleescht gouf – vun Ufank un iwwer all schwiereg Phasen ewech bis haut. Mir huelen d’Erausfuerderung un a siche weiderhin nei Leit, déi hëllefen, Iddien auszeschaffen, déi wëlle mat programméieren a sech asetze fir de Stauséi a seng Ëmgéigend.

En Artikel vum Claude Mangen

Fotoen: Pol Linden

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.