Placeholder Dummy template

Vum Auder an d’Supermarchés-Regal

En Tour duerch d’Luxlait-Molkerei

Placeholder Dummy template

Wie kennt se net, déi donkelgréng Verpackungen aus den 80er- an 90er-Jore mat de markante Gesiichter drop? Oder dee schmantege Kachkéis an der Strull oder am Dëppche mat deem onverkennbare Logo drop? Mee wousst dir dann och, datt de Kachkéis op ganz traditionell Aart a Weis haut just nach um Rouscht gemaach gëtt, datt d’Luxlait-Molkerei eng Genossenschaft ass an datt déi flott Verpackunge vu fréier deemnächst erëm hire Wee als limitéiert Editioun an d’Regaler vun de Supermarchéë fanne wäerten? Op eisem Tour duerch d’Luxlaits-Gebai si mir nach esou muncher aneren Detail gewuer ginn, deen dir bestëmmt nach net kannt hutt!

Virun der Barriär fir op de Site vun der Luxlait fiert grad e Mëllechcamion bäi. De Wiechter mécht d’Barriär op a léisst de Camion eran. E bësse méi spéit steet d’Gefier an enger ofgetrennter Hal, déi e bëssen ausgesäit wéi eng Tankstell. Do gëtt d’Mëllech, déi e virdru bei verschiddene Bauerenhäff op sengem Tour agesammelt huet, ofgepompelt. Den Tank vum Camion ass an dräi verschidde Kompartimenter agedeelt. „Falls eng Zort Mëllech schlecht wier, da musse mir net déi ganz Fuer ewechschëdden“, erkläert eis de Pol Lutgen, dee fir de Marketing vun der Genossenschaft verantwortlech ass, op eisem Rondgang duerch d’Molkerei. Scho beim Bauer goufe Prouwe vun der Mëllech geholl, déi bei der Arrivée an der Molkerei direkt am Labo ausgewäert ginn. Eréischt, wann alles an der Rei ass, gëtt d’Mëllech an de groussen Tank gepompelt. Bei der Auswäertung gëtt och de Fett- an de Proteingehalt vun der Mëllech festgestallt. „De Bauer gëtt net nëmmen op de Liter bezuelt, mee och op dës zwee Krittären“, seet de Pol Lutgen.

Jo, d’Luxlait ass eng Genossenschaft. „Dat bedeit, datt d’Molkerei de Baueren, déi hir Mëllech heihinner brénge loossen, gehéiert“, seet hien. Dat si knapp 300 Baueren, déi hiren Haff zu Lëtzebuerg hunn. Am Kommitee vun de Bauere kënnen si verschidden Decisioune vun der Luxlait matbestëmmen, net onbedéngt d’Alldagsgeschäft, mee éischter déi grouss Linne vun der Molkerei. Sou ass dës dann och verflicht – am Géigesaz zu private Betriber – all d’Mëllech vun de Baueren unzehuelen. „Wann de Bauer also muer decidéiert, méi Mëllech ze produzéieren, dann huele mir déi och un. Mir kucken dann, déi och verschafft ze kréien“, sou de Pol Lutgen. Hie schwätzt vun engem faire Prinzip an der Verflichtung vun der Molkerei, dee beschtméigleche Mëllechpräis un hir Baueren ze bezuelen. Fir dëst kënnen anzehalen, misst d’Luxlait d’Produiten dann och beschtméiglech vermaarten.

Pro Dag komme ronn eng hallef Millioun Liter Mëllech an der Molkerei un. D’Luxlait-Camione fueren Dag an Nuecht a kommen am Schnëtt all zweeten Dag bei jiddwer Bauer eng Kéier laanscht. „Domat huet d’Luxlait bei der Collecte mat déi kierzte Mëllechweeër an Europa“, betount de Pol Lutgen. An der Moyenne sinn dat 14 Kilometer pro Liter Mëllech. „Dat ass extreem wéineg“, seet hien. Wéi d’Molkerei an de Joren 2009 an 2010 vu Märel op de Rouscht geplënnert ass, war d’Argument vun der zentraler Lag eent vun deene wichtegsten. D’Bauerenhäff sinn nämlech uechter d’ganzt Land verdeelt. Effektiv ass de geografeschen Zentrum vun eisem Ländchen nëmme knapp ee Kilometer vum aktuelle Site ewech. De Punkt läit genee op där anerer Säit vun der Autobunn A7.

Vu Laben Beldi bis Mango Lassi

Nodeems d’Mëllech aus dem Camion an de groussen Tank ofgepompelt gouf, kënnt se an d’Zentrifug. Do gëtt d’Fett vun der Mëllech getrennt, fir et duerno dem jeeweilege Produit – sou wéi et gebraucht gëtt – erëm bäizefügen. Net all Produit soll dono dee selwechte Fettgehalt hunn. „Et ass eise Vir- an Nodeel zugläich, datt mir esou vill verschidde Produiten hunn“, seet de Pol Lutgen. Hannendrun stiechen extreem vill Prozesser, fir dës ënnerschiddlech Produiten hierzestellen. Hien nennt als Beispill déi klassesch Mëllech, déi pasteuriséiert gëtt, déi fettaarm Mëllech, d’UHT-Mëllech, déi fir kuerz Zäit extreem héich erhëtzt gëtt, fir datt se sech méi laang hält, an dann d’laktosfräi Mëllech. Beim Jugurt kommen ënnerschiddlech Kulturen dran an och beim Botter, Kéis oder Cottage-Cheese ginn et ënnerschiddlech Methoden.

An da kommen nach vill Produite mat méi exoteschen Nimm dobäi, wéi zum Beispill Laben Beldi, Raibi, Raïb, Kefir oder Mango Lassi – fir nëmmen déi ze nennen. D’Luxlait exportéiert nämlech 65 Prozent vun hire Produiten. De Pol Lutgen betount, datt een als Genossenschaft alles veraarbechte misst, wat erakënnt. An de lëtzebuergesche Maart wier vill ze kleng fir all déi Mëllech, déi geliwwert géif ginn. Hien deelt d’Exporter an dräi Kategorien an: dat eent ass d’Groussregioun, wou d’Luxlait hir klassesch Produite verkeeft, dat anert ass den Export fir ethnesch Communautéiten, virun allem a Frankräich an an der Belsch fir Produite mat den Zertifizéierungen halal a koscher. An da produzéiert d’Luxlait och fir aner Marken, virun allem an Holland an an Däitschland. De Groussdeel gëtt deemno an d’Groussregioun plus Holland exportéiert. Knapp ee Prozent vun de Produite ginn awer och e bësse méi wäit a Länner wéi beispillsweis Marokko geschéckt. Déi Zuele wieren awer marginal, seet de Marketing-Verantwortlechen.

Wat läit momentan am Trend?

D’Luxlait huet elo déi nei Skyr-Gamm erausbruecht. „Mir probéieren, fir um Lëtzebuerger Marché net nëmmen déi traditionell Saachen unzebidden, mee och sougenannte ‚produits du monde‘, erkläert de Pol Lutgen. Dat si Produiten, déi aner Originnen hunn, awer hei gutt ukommen. Skyr kënnt aus Island, änelt Wäissem Kéis an huet extra vill Proteinnen dran. Well d’Molkerei dëst Joer hir 130 Joer feiert, fënnt ee vu Juli u limitéiert Verpackunge vu verschiddenen Zorte Mëllech am Look vun den 80er- an 90er-Joren an de Regaler. Dës donkelgréng Verpackunge mat de markante Figuren a Gesiichter drop wäerte bei verschiddene Leit nostalgesch Erënnerungen erwächen.

Ganz am Trend ass och d’Nofro vun de Clientë fir Produite mat manner Zocker oder de Verzicht op cheemesch Faarfstoffer a kënschtlech Aromaen. „Dowéinst hu mir eis Produiten deementspriechend ugepasst“, sou de Verantwortleche fir de Marketing. „Mir sinn amgaangen, all eis Produiten op de sougenannte Clean Label fir natierlech Liewensmëttel ëmzestellen, an hunn dëse Prozess bal ofgeschloss.“ Just op sou munche Konservéierungsstoff kéint een net verzichten, well ee soss den Haltbarkeetsdatum net méi erfëlle kéint.

Trotz Retro-Look op verschiddene Verpackungen ass d’Luxlait eng vun de modernste Molkereien an Europa, erzielt de Pol Lutgen. Dat géif een zum Beispill och um performante Waasserverbrauch gesinn: „Mir hunn eis eege Quell, wou mir Waasser hierkréien, an hunn dowéinst mat eiser Produktioun keen Impakt op de lokale Waasserreseau. Hannendrun hu mir och eis eege Kläranlag, wou d’Ofwaasser nach eng Kéier gebotzt gëtt, éier et erëm an den normale Circuit zeréckgeet.“ Virun zwee Joer si 5.000 Solarpannoen op den Diecher vun der Molkerei installéiert ginn. Dës decken 10 Prozent vum gesamte Stroumverbrauch. Och bei de Verpackungen ass munches ëmgestallt ginn, fir méi ëmweltfrëndlech ze sinn. De Pol Lutgen nennt d’Beispiller vum Cottage-Cheese an der Sauerram, bei deenen d’Verpackung ronn 25 Prozent manner Plastik huet a wou e Kartrong ronderëm ass. „Dat heescht, datt d’Verpackung am Fong duerch de Kartrong gehale gëtt an de klenge Plastiksbecher, deen dran ass, eigentlech just do ass, fir d’Etancheitéit vum Produit ze garantéieren.“ Esou kéint een déi Stoffer separat recycléieren.

Den Haaptfokus ass awer op d’Qualitéit vum Produit selwer geriicht. All Dag ginn 1.500 Qualitéitsanalyse gemaach. Déi éischt beim Bauer um Haff an déi lescht dann um fäerdege Produit. „Wann e Client duerno iergendee Problem mat enger Mëllech hätt a bei eis reklaméiert, da kënne mir den entspriechenden Echantillon bei eis iwwerpréiwen a kënnen esou ganz séier erausfannen, ob de Problem tatsächlech bei eis läit oder eréischt méi spéit an der Liwwerketten opgedaucht ass, nodeems en d’Molkerei verlooss huet.“

© Konterbont

Artisanale Kachkéis ouni E-Stoffer

Ëmmer am Trend läit wuel och den traditionelle Kachkéis. „Dat ass mat déi eenzeg Produktioun bei eis, déi nach zimmlech artisanal ass“, sou de Pol Lutgen. „Mir wëllen e Kachkéis hierstellen, deen nach traditionell ass an ouni Schmelzsalzer, déi op Franséisch ‚sels de fonte‘ heeschen an näischt anescht si wéi déi sougenannt E-Stoffer. Mir probéieren, esou Produiten ze evitéieren.“

De Pol Lutgen erkläert eis de manuelle Prozess, wéi de Kachkéis um Rouscht hiergestallt gëtt. An de grousse Barquettë läit eng gielzeg Substanz. „Dat ass de Meton.“ E puer Mol am Dag kënnt de Maître fromager an dréit dëse Meton. „Elo ass en zimmlech grimmeleg, e bësse wéi Kniddele vun der Konsistenz hier.“ De Maître fromager dréit de Meton esou laang, bis den Dag, wou en déi richteg Konsistenz huet. Well eebe keng Schmelzsalzer dra sinn, kann sech d’Konsistenz vum Endproduit saisonsbedéngt änneren, mol méi, mol manner flësseg. Dëst hänkt mat der Ernärung vun de Kéi zesummen, déi jee no Saison variéiert. D’Konscht vum Maître fromager ass et, de Meton sou laang räifen ze loossen, datt déi Variatiounen sou kleng wéi méiglech bleiwen, wat allerdéngs net ëmmer machbar ass. „D’Luxlait ass mëttlerweil déi eenzeg Plaz, wou de Kachkéis nach zu Lëtzebuerg hiergestallt gëtt“, verséchert eis de Pol Lutgen. 

Déi fäerdeg Produite ginn op Pallette gestapelt an automatesch mam Roboter an der gekillter Hal op déi richteg Plaz gefouert. Bis zu 7.000 Pallette passen an dee Stock eran. „Nëmmen de Roboter weess, wou déi Pallett elo hi muss a wéini se dann op wéi ee Camion geluede gëtt fir den Transport an de Buttek“, erkläert hien.

D’Luxlait geet also net nëmmen d’Mëllech bei d’Bauere sichen, mee liwwert och de Gros vun de fäerdege Produite mat hire Liwwer-Camionen un d’Supermarchéen an aner Butteker. Wéi mir de Site um Rouscht verloossen, fiert grad e Camion – dës Kéier ass et kee Mëllechwon, mee e Liwwerwon – op där anerer Säit duerch d’Barriär eraus. Hei sinn d’Pallette mat de fäerdege Produiten dran, déi elo bei d’Supermarchéë gefouert ginn.

Ween sech fir d’Produktioun vun de Mëllechproduiten interesséiert, kann sech fir en Tour duerch de Vitarium umellen. Dat ass en Zentrum fir Visiteuren, wou een an d’Molkerei kann eraluussen. „Mir sinn eng oppe Molkerei, déi näischt verstoppt“, seet de Pol Lutgen. „Hei gëtt et e Wee duerch d’Molkerei, wou een duerch Fënsteren an d’Produktioun eragesäit a mat engem Video erkläert kritt, wéi déi eenzel Produiten hiergestallt ginn.“ Zousätzlech ginn et interaktiv Statiounen – besonnesch fir d’Kanner – wou een eppes iwwer d’Landwirtschaft, d’Mëllechproduktioun an d’gesond Ernärung léiere kann.

En Artikel vum Eric Rings

Fotoen: © Luxlait

Historique

An der deemoleger Villa Simons um Boulevard d’Avranches op der Stater Gare huet alles ugefaang. 1894 gouf offiziell d’Gesellschaft mam Numm Central-Molkerei gegrënnt, déi sech am Laf vun der Zäit zu enger Aktiegesellschaft, der Zentralmolkerei, entwéckelt huet. Wärend dem Zweete Weltkrich gouf déi lëtzebuergesch Mëllechproduktioun vum Staat iwwerholl an eis Zentralmolkerei huet e staarken Opschwong erlieft.

Just e Beispill: Déi pro Dag geliwwert Mëllechquantitéit ass vun 8.000 op 40.000 Liter geklomm. Dat entsprécht enger Hausse vu 500 Prozent. D’Period nom Krich hat fir déi lëtzebuergesch Molkereie schro Auswierkungen. Bannent just 12 Joer ass d’Unzuel vun de Molkereie vun 150 am Joer 1948 op fënnef Stéck zeréckgaangen. Säit 1946 ass d’Luxlait eng Agrargenossenschaft an ass net méi a staatlecher Hand.

Den 2. Oktober 1978 hunn déi dräi lescht Molkereigenossenschafte Celula, Laduno a Luxlait fusionéiert an nennen sech säitdeem Luxlait association agricole, mat Sëtz zu Märel. 2009 ass de Sëtz vun der Luxlait dunn op de Rouscht bei Miersch verluecht ginn. 2010 huet d’Luxlait erëm en neie Wee ageschloen an huet d’Erliefniswelt Vitarium um Rouscht opgemaach. Hei kann een op 45 interaktive Statiounen alles ronderëm d’Mëllech an d’Mëllechproduiten entdecken.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.