„Vu“ Schwaarzem Pudder, Energie aus Plastikgehaiser an engem Lëtzebuerger Silicon-Valley

Déi haiteg Aktiegesellschaft Accumalux gouf ënner dem Numm Poudrerie de Luxembourg – Norbert Reuter et Cie am Joer 1872 zu Lëtzebuerg gegrënnt. D’Gesellschaft war vun 1872 bis 1976 an der ziviller Produktioun vu Sprengstoff aktiv. Hir Clientë ware Bauhäre vu Stroossen an Tunnelle bis hin zum haitege Stolkonzern Arcelor-Mittal (virun der Fusioun Arbed).

Allerdéngs huet „d’Accumalux“ sech missen, duerch déi opkommend Schléissung vun de Minnen am Süde vum Land weiderentwéckelen, fir sech mat neie Produiten um Marché kënnen ze behaapten. Dës Verännerungen hunn dozou gefouert, datt sech 1976 déi haiteg Aktiegesellschaft „Accumalux SA“ gegrënnt huet.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Niewent dem Stëllleeë vun de Minne gouf et nach aner wichteg Grënn, déi zu dësem Wandel geféiert hunn. Déi deemoleg Leedung ass gewuer ginn, datt ee vun hiren däitsche Konkurrenten an d’Konschtstoff-Branche gewiesselt war. Dës Iddie gouf opgegraff an iwwer e Kontakt vun engem Aktionär gouf eng Verbindung zu engem belsche Batteriesfabrikant hiergestallt. Entscheedend war allerdéngs, datt de Virgesetzten, de Charles-Louis Ackermann, scho selwer Beruffserfarung am Beräich vun der Plastik-Sprëtzgosstechnik gesammelt hat. Esou gouf sech entscheet, mat dëser Technik Batteriesgehaiser hierzestellen.

Vun elo un huet de Betrib säi Fokus op Produiten aus thermoplastescher Matière geluecht, ewéi zum Beispill Behälter, Ofdeckhauwen, Camionsbatterien an Accessoirë fir d’Automobil-industrie. Mä och grouss Telekommunikatiounfirmaen an Atomkraaftwierker zielen zu senge Clienten.

Allerdéngs hunn déi héich Produktiouns- an Transportkäschte fir esou eng exportorientéiert Firma dozou geféiert, datt si am Laf vun de Joren och Produktiounsstanduerter am Ausland gegrënnt huet. Deeler vun der Produktioun goufen an Osteuropa verluecht. Méi spéit kommen nach Filialen a Russland, Ägypten an an Australien dobäi. Laut Accumalux huet sech dësen Outsourcing awer net negativ op déi lëtzebuergesch Filial ausgewierkt. Am Géigendeel, zu Lëtzebuerg gi Batteriesgehaiser fir Automobilhiersteller wéi VW oder PSA produzéiert. D’Accumalux beschäftegt haut méi wéi honnert Mataarbechter hei am Land.

Stänneg an der Fuerschung an an der Innovatioun aktiv, versicht de Betrib och beim Theema Ekologie nei Moossstief ze setzen. Esou gouf e Verfaren entwéckelt, duerch dat et méiglech ass, Gehaiser fir Batterië vun Elektroween zu 100 % aus recycléiertem Konschtstoff ze produzéieren. Domat ass Accumalux déi éischt Firma weltwäit, déi (säit Mee 2019) esou e Produit ubitt. Ganz am Sënn vun der Zirkularwirtschaft ass et no der Liewensdauer vun dësem Produkt och méiglech, d’Matière, aus där d’Gehais besteet, erëm nei ze verwäerten. Accumalux huet sech zum Zil gemaach, ekologesch vertraglech Produiten zu engem fir de Client erschwéngleche Präis hierzestellen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.