Den 23. Juni 2016 gouf et decidéiert, den 31. Januar 2020 war et offiziell: Groussbritannien ass eraus aus der Europäescher Unioun an domat och net méi Deel vum europäesche Bannemaart. Eng Noriicht, déi vill Leit a Länner gefaart haten, an déi bei den anere Memberstaate fir Opreegung gesuergt huet, ënner anerem och um Finanzmaart. Wéi wäert sech den Austrëtt vum United Kingdom (UK) op déi international Marchéen auswierken? Wat geschitt mat de Banken, déi dohanne baséiert sinn? A wéi wäert an Zukunft den Handel tëschent der EU a Groussbritannien ausgesinn, elo, wou op eemol nees alles anescht ass?
Et huet sech erausgestallt, datt et net nëmme Verléierer, mee och e puer grouss Gewënner vum Brexit sollt ginn. No Dublin a Paräis läit Lëtzebuerg op Plaz 3, wat de Ranking vu Finanzplazen ugeet, déi vum Austrëtt vum UK aus der EU profitéieren. Dëst virun allem, well eng Jett Entreprisen sech aus Groussbritannien zeréckgezunn hunn, fir entweeder e komplett neie Sëtz an Europa ze grënnen oder de bestoenden auszebauen. An senger Äntwert op d’parlamentaresch Ufro vum Deputéierte Mars Di Bartolomeo (LSAP) schreift de Finanzminister Pierre Gramegna (DP), datt iwwer 60 Finanzinstituter sech elo zu Lëtzebuerg néiergelooss hunn, dëst besonnesch am Secteur vun der Verméigensverwaltung an dem E-Banking.
Zu den „Neigewënner“ um Lëtzebuerger Finanzmaart gehéieren och grouss Nimm wéi d’Citibank a Goldman Sachs, béid Privatbanke mat enger gewësser Renommée. Virun allem de Multilingualismus vum Grand-Duché a seng Lag am Häerz vun Europa sinn attraktiv Argumenter fir d’Acteuren um Finanzmaart, vun deenen der schonn eng Rëtsch eng Adress hei haten, wat de Prozess natierlech vereinfacht. Duerch en Deal tëschent der European Securities and Markets Authority (ESMA) an der brittescher Financial Conduct Authority (FCA) konnt och verséchert ginn, datt verschidden Aktivitéiten tëschent de Finanzplazen och weiderhi relativ reiwungslos iwwer d’Bün ginn.
Insgesamt gehéiert Lëtzebuerg am Géigesaz zu anere Länner zu deene Finanzsecteuren, wou d’Beschäftegungszuelen zwar nëmme lues gewuess sinn, awer duerch de Brexit net wierklech gelidden hunn. Och de sougenannte Retail Banking, also d’Standard-Geschäfter mat Privatclienten an Independanten, ass stabil bliwwen, d’Unzuel vun accordéierte Kreditter laut der ABBL an der CSSF esouguer gewuess, ënner anerem fir vill Immobilieprojeten. Prête fir Ekipement a Leasing sinn dogéint erofgaangen, mee am Beräich vun der Verméigensverwaltung gesäit et dann nees positiv aus, mat am Joer 2020 genee 9,3 Prozent méi zu Lëtzebuerg verwaltem Verméigen am Géigesaz zu 2019.
Mam UK verléiert de Grand-Duché trotz allem awer e wichtege Verbündeten, wéi de Guy Hoffmann vun der ABBL erkläert: „De Brexit huet eng grouss negativ Säit fir eis, well Lëtzebuerg a London laang Zäit Alliéierter waren an dat natierlech elo net méi esou de Fall ass.“ D’europäesch Communautéit hätt oft net immens frou op de Grand-Duché gekuckt, well dat klengt Land mat senger bekannter Finanzplaz oft Succès hat, wou anerer gestruewelt hunn. Zesumme mat London hätt een do kënne gemeinsam staark sinn, elo gëllt et, sech nei „Kolleegen“ ze sichen.
Och d’Covid-Kris huet deelweis staark un der Stabilitéit vum Lëtzebuerger Finanzmaart gerëselt, déi mëttlerweil awer beweise konnt, datt se immens resilient ass an sech nees relativ schnell erkritt huet – trotz ongoing Pandemie. Zwar goufen am Covid-Joer ronn 25 Prozent manner Suen op Bancomaten opgehuewen, wéi dat nach virdrun de Fall war, an och am Guichet huet d’Aktivitéit nogelooss, dofir goufen am E-Banking awer 6 Prozent méi iwwerwisen an a puncto Digitaliséierung opgerüst.
„Vun der praktescher Säit aus gekuckt, hunn eis Banke bannent e puer Woche missen hir Strukture vun doheem aus opbauen, wat do virdrun nach ni getest gi war. Vu datt dëst awer d’Zukunft wäert sinn, ass et gutt ze wëssen, datt et och funktionéiert“, esou de Guy Hoffmann. Eng 50.000 Leit schaffen zu Lëtzebuerg am Finanzwiesen, fir déi meescht Servicer wier d’Digitalisatioun eng haart Noss, déi een awer definitiv misst am A behalen. Do, wou een sech soss vläicht viru verschiddene Neierungen éischter gedréckt huet, huet d’Kris den néidege Fouss hanne bäi geliwwert.
Trotzdeem géifen et awer och hei e puer spierbar Nowéie ginn, haaptsächlech wat d’Ausbildung an d’Qualitéit vun de Prestatiounen ugeet, esou den ABBL-Direkter: „Eng ganz trivial negativ Saach, déi een an de leschten 18 Méint am Homeoffice gesinn huet, betrëfft eis Automatismen a Prozesser, déi net dorop ofgestëmmt sinn, fir vun doheem aus gemaach ze ginn. Et geet villes méi lues an déi Jonk ginn net richteg ugeléiert, esou datt deelweis méi operationell Feeler geschéien, och well d’Kontroll méi schwéier ass.“ De wichtegsten an dréngendste Punkt hätt awer weeder eppes mat Brexit, nach mam Covid-19 ze dinn, well déi gréissten Erausfuerderung fir d’Lëtzebuerger Finanzwelt ass a bleift nach ëmmer de Mangel u Personal um Terrain.
Et géif ee keng Leit méi fannen an de klassesche Lëtzebuerger hätt eng kloer Preferenz fir bei de Staat oder Parastaat schaffen ze goen, esou de Guy Hoffmann. „Dës bezuelen natierlech méi wéi de Privatsecteur, mee dat concernéiert net nëmmen d’Banken, mee vill Secteuren.“ Derbäi kéim d’Tatsaach, datt ee Leit mat ganz besonneschen, iwwerduerchschnëttlechen Ausbildungen a Kompetenze bräicht an déi weeder hei am Land géifen ausgebilt ginn nach gewëllt wieren, de wäite Wee aus dem Ausland bis op Lëtzebuerg all Dag op sech ze huelen. Och de Logement wier bei dëser Thematik e grousse Problem an dës Suerge géife bei Wäitem méi weien ewéi déi rezent Krisen.
„Mir brauchen esou Leit net just an den Direktiounen, well wat eis feelt, si gutt Rudderer, déi de Betrib virubréngen“, betount de President. Bis ewell huet Lëtzebuerg sech ëmmer duerch all Kris relativ gutt geschloen, well seng Expertis an Erfarung iwwer Joren a Joerzéngte staark Wuerzele geschloen hat. Mee wann awer vun ënne keng nei Energie nokënnt, da kann et och emol an der Finanzwelt vum klenge Grand-Duché wackeleg ginn, an dat hätt da ganz aner Suitte wéi déi vu Viren, Austrëtt a Co.
En Artikel vum Laura Tomassini