© biobauzen.lu

Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren

E Bléck hanner d’Kulisse vun engem ongewéinlechen Documentaire

Placeholder Dummy template

Fotoen: © biobauzen.lu

Mir geheien e Bléck hanner d’Kulisse vum ongewéinleche Lëtzebuerger Documentaire "Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren".

Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren ass en Dokumentarfilm vum Lëtzebuerger Regisseur Tom Alesch, dee seng Kinospremière am Oktober 2022 zu Lëtzebuerg hat. E gouf vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg ASBL produzéiert – ënner anerem mat der Ënnerstëtzung vum OikopolisGrupp a vum Educatiounsministère. Ee Joer méi spéit huet de lëtzebuergeschen Dokumentarfilm säin éischten internationale Filmpräis beim Filmfestival „Agrofilm 2023“ an der Slowakei gewonnen. Mir geheien e Bléck hanner d’Kulisse vum Film.

Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren erzielt vun der Aarbecht vun de Lëtzebuerger Biobaueren a Wënzer, déi de Spectateur mat op hire Biohaff huelen a weisen, no wéi enge Prinzippie se do schaffen. Mee net nëmmen d’Baueren an d’Wënzer kommen zu Wuert, och aner Acteuren aus dem Secteur. Si berichte vun den Erausfuerderunge vun der Biovermaartung, der Biofuerschung a vum Impakt vun der Landwirtschaft op eis Ëmwelt an Ernärung.  

De Regisseur an d’ASBL si sech eens, datt de Film weeder iergendee missionéieren, nach beléiere soll, mee de Mënsch hanner der Aarbecht weise wëll: Mir wëllen erklären, inspiréieren a motivéieren, fir datt ee sech fir Biolandwirtschaft an Ernärung interesséiert.Lëtzebuerg huet sech d’Zil gesat, bis 2025 20 Prozent Bio ze produzéieren. D’EU huet an hirer Farm-to-fork-Strategie festgeluecht, datt bis 2030 an der EU 30 Prozent vun der landwirtschaftlecher Fläch biologesch bewirtschaft soll ginn. Den Documentaire huet dës Ziler als Geleeënheet geholl, fir de Public fir d’Biolandwirtschaft ze begeeschteren. Dowéinst ruffen d’Createure vum Film dozou op, dee richtege politesche Kader ze schafen, fir datt de Wiessel funktionéiert. 

De Film eegent sech deemno, fir eng Debatt iwwer d’Biolandwirtschaft ze lancéieren. Niewent sëllegen Diskussiounsronnen huet d’Iddi vum Film et souguer bis an d’Schoule gepackt. Den Educatiounsministère huet d’Produktioun vum Documentaire ënnerstëtzt an huet mat senger Ekipp vum Script (Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques) didaktescht Material ausgeschafft, fir de Film ze begleeden. 

Pedagogesch Projeten

Sou huet dës Ekipp e Kaartespill entworf, dat verschidden Elementer vum Film opgräift, déi doranner thematiséiert ginn. Unhand vum Spill ass et méiglech, déi deelweis komplex Zesummenhäng a Wiesselwierkungen an der Biolandwirtschaft spilleresch mat Fachwëssen ze verdéiwen. D’Zil ass et, déi verschidden Aufgabe mat Hëllef vu Ressourcekaarten ze erfëllen. Onerwaart Evenementer huelen allerdéngs Afloss op d’Spilldynamik. D’Kaartespill ass fir Schüler vun 12 Joer u geduecht an et kënnen dräi bis fënnef Spiller matmaachen. D’Enseignantë kënne sech d’Spill op der Websäit Heydoo.lu vum Ministère bestellen. Un der Entwécklung vum Kaartespill war och den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) mat agebonnen, fir de sproochleche Volet ofzedecken, an och de Landwirtschaftsministère, deen de Projet mat senger fachspezifescher Expertis ënnerstëtzt huet.  

Säit dem Ufank vum Schouljoer 2022/2023 stellt de Script den interesséierte Klassen en Experimentéier-Kit zur Verfügung, mat deem d’Schüler wärend dem Unterrecht Leguminosen (zu dëser Planzefamill gehéiere beispillsweis Ierbessen, Lënsen an och Soja) kënne wuesse loossen. Dobäi kënnen déi Jonk beobachten, wéi een och ouni cheemesch-syntheeteschen Dünger de Buedem ka mat Stéckstoff uräicheren, fir datt d’Planze kräfteg solle wuessen. Méi zu de Begrëffer an zum Verfare fënns du am Wierderbuch* ënner dem Text.

Wéi funktionéiert dat Experiment konkreet? Bei dësem prakteschen Experiment studéieren d’Schüler, wéi d’Symbios tëschent Knëllchebakteerien (och Rhizobie genannt) an enger Sojaplanz där hire Wuesstum beaflosst. D’Sojaplanz staamt net aus Mëtteleuropa an dowéinst ginn et bei eis am Buedem och net déi richteg Rhizobien, déi mat hir eng Symbios kéinten agoen. Mee grad dëse Manktem ass interessant fir d’Experiment. D’Schüler mussen dowéinst d’Rhizobien, déi feelen, iwwer en Impfmëttel, dat sech am Experimentéier-Kit befënnt, derbäimaachen. Esou kënnen d’Schüler d’Sojaplanzen op zwou ënnerschiddlech Manéiere wuesse loossen: eemol mat Rhizobien an eemol ouni. No zwee bis dräi Méint ginn d’Planzen analyséiert an et kann da festgestallt ginn, wéi grouss den Ënnerscheed tëschent deenen zwou Plantatiounen ass, wat de Wuesstem ugeet. 

Niewent dëse Projete solle weider pedagogesch Impulser hire Wee op d’Websäit vum Film Biobauzen.lu fannen. De Fokus soll dobäi op déi ënnerschiddlech Aart a Weise gesat ginn, wéi ee sech interdisziplinär mat der Biolandwirtschaft kann auserneesetzen.  

Alles Bio, an dann?

Wärend Joerzéngte wollt d’Agrarpolitik vun eise Baueren, datt se vill a bëlleg produzéieren. Haut wësse mer awer, datt e System, deen nëmmen op Wuesstem opgebaut ass, weltwäit zu groussen Ëmweltschied féiert an zu Problemer, déi mer ëmmer manner am Grëff hunn, seet den Tom Alesch. Wa mer näischt änneren, riskéiere mer, datt mer geschwënn iwwerhaapt keng Liewensmëttel méi produzéiere kënnen. Trotzdeem huet de Regisseur säin Optimismus awer nach net verluer. Hien ass der Meenung, datt et zu Lëtzebuerg a manner wéi 30 Joer just nach Biobetriber ginn.  

Mee wann alles Bio ass, kënne mir dann iwwerhaapt nach eise Besoin u Liewensmëttel decken? Den Tom Alesch widdersprécht dëser gängeger Behaaptung, datt ee mat enger Ëmstellung op 100 Prozent Bio net méi géif jidderee sat kréien, well d’Erträg vläicht net esou héich wiere wéi bei der konventioneller Landwirtschaft. Dat géif zwar tatsächlech fir eis Regiounen zoutreffen, awer net fir ganz vill aner Länner, zum Beispill an Afrika. Do wär et genau ëmgedréint. Säin Argument ass, datt hautdesdaags méi Liewensmëttel produzéiert ginn, wéi mir der brauchen. Hie verweist op eng UN-Studie, déi beleet, datt d’Biolandwirtschaft d’Welt ernäre kann, och wann d’Bevëlkerungszuel op zéng Milliarde Leit géif klammen.

Fir den Tom Alesch ass also d’Behaaptung, datt mir méi Bëscher ofholze missten, fir genuch landwirtschaftlech Fläche fir en exklusive Bio-Ubau ze hunn, falsch. Aktuell gi ronn 40 Prozent vun de produzéierte Liewensmëttel ewechgeheit. Laut dëser Studie misste mir just versichen, amplaz 40 Prozent just 20 Prozent ze verbëtzen. An zweetens – sou eng weider Viraussetzung – misste mir eise Konsum vun Déiereproduite wéi Eeër, Mëllech a Fleesch aschränken. Dat bedeit awer net onbedéngt Verzicht, mee éischter bewosste Konsum, ouni ze iwwerdreiwen. 

De Film soll deemno keng Angscht maachen oder Pessimismus verbreeden, mee – am Géigendeel –  Mutt maachen an eis un eng aner Denkweis eruféieren. De pedagogeschen Aspekt am a ronderëm den Documentaire spillt dobäi eng wichteg Roll – besonnesch bei der Opklärung vun de Jonken.

En Artikel vum Eric Rings

*WIERDERBUCH: 

Fruuchtfolleg: Ënner Fruuchtfolleg versteet een d’Reiefolleg, an där verschidde Kulturen op engem Aker iwwer méi Joren ugebaut ginn. Gëtt z. B. Kléigras ugeplanzt, fir d’Fruchtbarkeet vum Buedem ze verbesseren, kënnen duerno beispillsweis Weess a spéider Gromperen oder Muerten ugeplanzt ginn, wouropshin da Leguminose mat Geescht oder Kar ugeplanzt kënne ginn. Eng gutt geplangte Fruuchtfolleg erlaabt et, d’Fruchtbarkeet vum Buedem ze erhalen an den Ertrag nohalteg ze steigeren. 

Knëllchebakteerien: Si ginn och Rhizobie genannt. D’Knëllchebakteerie liewen am Buedem a kënne mat Leguminosen eng Symbios (Liewensgemeinschaft tëschent zwou verschiddenen Aarten, déi sech géigesäiteg beim Wuesstem ënnerstëtzen) agoen: D’Knëllchebakteerie fixéieren de Stéckstoff (N), e wichtegen Närstoff fir de Planzewuesstem, a stellen de Wuerzele vun der Planz en zur Verfügung. D’Planzen hirersäits versuergen d’Knëllchebakteerie mat Energie an der Form vun Drauwenzocker an aneren Närstoffer.  

Leguminosen: D’Leguminose sinn eng Planzefamill vun de Fabaceae, déi och ënner dem Numm „Hülsenfrüchtler“ oder „Schmetterlingsblütler“ bekannt sinn. Et ënnerscheet een tëscht Kären-Hülsenfrüchtler wéi Ierbessen, Bounen, Lupinnen a Soja a Fudder-Hülsenfrüchtler wéi Kléi, Lisère an Esparcetten. Dës Planzefamill kann iwwer d’Symbios mat de Knëllchebakteerien de Stéckstoff (N) aus der Loft fixéieren an als Närstoff fir hire Wuesstem notzen. De fixéierte Stéckstoff an déi ofgestuerwe Planzen- a Wuerzelreschter stinn dann deene Planzen, déi als nächst ugebaut ginn, zur Verfügung. 

Stéckstoff: Stéckstoff ass am Periodesystem als N bekannt a ronn 78 % vun der Loft bestinn aus Stéckstoff. Et ass e wichtegen Närstoff, fir datt Planze gutt wuessen, allerdéngs kënnen d’Planzen de Loftstéckstoff net selwer direkt bannen. An der Landwirtschaft gëtt dofir meeschtens Kalkammonsalpeter (KAS) als mineralesche Stéckstoffdünger, deen an der cheemesch-syntheetescher Produktioun iwwer déi energieopwändeg Haber-Bosch-Method hiergestallt gëtt, agesat. De KAS ass waasserléislech an d’Planze kënnen e gutt ophuelen, sou datt se séier wuessen, dofir bilde se awer oft nëmme flaach Wuerzelen a si méi ufälleg fir ëmzefalen. De mineralesche Stéckstoff kann och d’Grondwaasser belaaschten. Alternativ kënne Leguminosen op natierlech Aart a Weis, a Symbios mat Knëllchebakteerien, Stéckstoff fixéieren an en esou och anere Planzen zur Verfügung stellen. 

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.