„An diesem Tage sind die innerhalb Jahresfrist Verheiratheten verpflichtet, allen Hochzeitsgästen, die noch ein Stück des Strumpfbandes besitzen, welches der Braut während der Hochzeitsmahlzeit geraubt wurde, die sogenannten Fastenbohnen, d.h. frischgebackene Bretzeln zu verabreichen.“
Esou schreift den Dicks 1883 a sengem Buch „Luxemburger Sitten und Bräuche“ iwwer den „Fastenbohnensonntag“. Laanscht d‘Musel a laanscht d‘Sauer ass dësen Dag awer „Bretzelssonndeg“ genannt ginn.
Eng Bretzel, e Gebäck aus Bliederdeeg iwwerzu mat enger Glasur aus Zocker a mat geréischterte Mandelen dekoréiert. An och d‘Form vun der Bretzel war net zoufälleg gewielt. D‘Form, déi un e schlecht gemaachte Knuet erënnert, soll d‘Ëmäerbelung vun enger Koppel duerstellen.
Dëse Brauch besteet doran, datt e jonke Borscht der Mod, op déi hien en A geworf huet, eng Bretzel schenkt. Bei géigesäitegem Interessi revanchéiert déi sech op Ouschtere mat engem Ouschteree. Wollt déi Ugebieten awer näischt mam Mann ze dinn hunn, huet dësen en eidele Kuerf kritt.
D‘Traditioun vum Bretzelsonndeg bleift bis Mëtt vum 20. Joerhonnert a béide Regioune vun eise Grenzflëss doheem. Eréischt vun do u verbreet si sech och am Rescht vum Land.
Awer och am 18. Joerhonnert gouf et se schonn, deemools nach op deem Dag, wou d‘Buerg gebrannt ginn ass, dem sougenannten „Buergsonndeg“. Déi onbestuete jonk Fra huet op dësem Dag e Stéck Holz op d‘Feier gehäit an haart den Numm vun deem Ugebiete geruff. Ass alles gutt gaang, huet dësen der Mod um véierte Sonndeg virun Ouschteren eng Bretzel geschenkt, an huet dann, normalerweis op Ouschteren, d‘Eeër kritt. Zu dëser Zäit ass doraus méi ewéi just ee Bestietnes entstanen!
Net nëmmen d‘Traditioun vun der Bretzel ass bis haut erhale bliwwen, mee och den Ausdrock de Kuerf kréien huet et iwwerlieft a gehéiert zu eisem Sproochgebrauch ewéi déi faarweg Eeër op Ouschterdag.
An och an eiser Haaptstad gëtt d‘Traditioun vum Bretzelverschenke säit méi ewéi 30 Joer gefeiert. Mat engem feierleche Cortège zéien um Dag virum Bretzelssonndeg d‘Bäckeren aus Stad a Land begleet vu Musek an engem, natierlech mat Bretzele gerëschten Touristenzuch duerch d‘Gaassen a verschenken, ganz no aler Traditioun Bretzelen un d‘Passanten. Do gesäit een dann och emol e Premierminister, deem d‘Freed iwwer dëst Gebäck an d‘Gesicht geschriwwe steet, e Kommissiounspräsident, deen d‘Bretzelkinnigin kësst, oder e Grupp vun asiateschen Touristen, déi dee ganze Spektakel bestaunen, mat Genoss an d‘Bretzel bäissen an sech dës Traditioun erkläre loossen. Ob allerdéngs haut nach Bestietnesser aus dëser Ausleeung vum ale Brauch entstinn, woe mir ze bezweiwelen.
An och wann Dir d‘Häerz vun Ärer Léifste scho gewonnen hutt, eng Bretzel um véierte Sonndeg vun der Faaschtenzäit ze verschenken, schued sécherlech net a ka vläicht an deem engen oder anere Fall verhënneren, datt Dir, och ganz no aler Traditioun, nodréiglech de Kuerf kritt. Awer opgepasst, am Schaltjoer geet et deen anere Wee…