Vill (nei) ëffentlech Initiativen fir e besseren Zougang zum Wunnraum

Fir deene Leit, déi manner finanziell Méiglechkeeten hunn, den Zougang zum Wunnraum ze erméiglechen, huet d‘Regierung verschidden ëffentlech Initiativen op d‘Bee gestallt. Dozou gehéieren zum Beispill d‘National Strategie vum Logement abordable, de Pacte Logement oder d‘Aide au Logement. Mir stellen Iech dës Initiative kuerz vir.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

D‘National Strategie vum Logement abordable ass vum Logementsministère lancéiert ginn, fir der Problematik am Wunnengsbau entgéintzewierken. Si gesäit vir, jidderengem e Recht op eng Wunneng ze erméiglechen. Am Fokus stinn an éischter Linn déi méi vulnerabel Stéit. Heibäi solle sämtlech Akteure vum Terrain zesummeschaffen, sou d‘Virgab vum Ministère.

D‘Zil vun der Nationaler Strategie vum Logement abordable ass et, fréier oder spéider, zeng Mol méi ëffentlech Wunnengen zee schafen, wéi dat aktuell de Fall ass. Deemno solle mindestens déi 18 Prozent vun der Bevëlkerung sech eng Wunneng leeschte kënnen, déi sech haut ënnert der Grenz vum Aarmutsrisiko befannen. Gläichzäiteg sollen d‘Privatleit um Wunnengsmaart eng besser staatlech Ënnerstëtzung kréien a gewëssen Exzesser um Privatmaart sollen esou besser an der Gitt gehale ginn.

Dozou soll awer net nëmmen déi ëffentlech Offer fir de Kaf vun abordabele Wunnenge massiv an d‘Luucht goen, mee och déi ëffentlech Offer vu Mietwunnengen, bei deenen de Staat an d‘Gemenge Proprietär bleiwen. D‘Regierung schwätzt vun engem Paradigmewiessel, well 57 Prozent vun den abordabele Logementer am Joer 2021 verlount a nëmmen 43 Prozent verkaf gi sinn. Dat selwecht gëllt och fir déi obligatoresch Dauer fir subventionéiert Locatioune vun abordabelem Wunnraum, déi vun zwanzeg op véierzeg Joer eropgesat gouf. An déi Wunnengen, déi an de Verkaf kommen, sinn mat engem emphyteotesche Bail versinn. Esou e Bail bedeit, datt de Keefer vun der Wunneng net de Proprietär vum Terrain gëtt, op deem d’Wunneng steet, mee dëse fir 99 Joer vum Staat oder vun der Gemeng fir e symbolesche Präis verlount gëtt. Wärend deene 99 Joer huet déi ëffentlech Hand dann e Virkafsrecht op d’Immobilie, déi op dësem Terrain steet.

Sozial Promoteuren

Fir dës Strategie ze erméiglechen, si grouss finanziell Investissementer an eng ganz Rëtsch u noutwennegen Instrumenter fräigesat ginn. Dat Ganzt fënnt an Zesummenaarbecht mat sougenannte soziale Promoteure statt. Dozou gehéire souwuel ëffentlech Promoteuren, wéi och Promoteuren ouni Gewënnzil, awer och Gemengen oder Gemengesyndikater an de Bausekteur am Allgemengen.

Laut dem Logementsminister Henri Kox (déi gréng) hätt déi National Strategie vum Logement abordable schonn hir Friichte gedroen, obwuel, sou de Minister, an dësem Beräich iwwer Joerzéngte Retarden ugeheeft goufen. De Logementsministère hätt deemno seng Investitiounen tëschent 2017 an 2022 vu 40 op 200 Milliounen Euro erhéicht, also eng Progressioun vu ronn 400 Prozent. Fir d‘Joer 2026 rechent den Henri Kox souguer mat enger hallwer Milliard fir de Logement abordable.

Déi ganz Strategie baséiert op engem viru Kuerzem reforméierte Gesetz aus dem Joer 1979 mat der Bezeechnung Aides à la pierre, dat et dem lëtzebuerger Staat erméiglecht, abordabel Wunnengen ze realiséieren, andeems en se bis zu 75 Prozent finanzéiert.

Aide au Logement

Am Juli 2023 huet d‘Parlament zwee nei Gesetzer adoptéiert, déi de Logement méi abordabel solle maachen an déi dat aalt Gesetz vu 1979 ënnert dem Begrëff Aide à la pierre ofléisen. Dat éischt Gesetz betrëfft de Logement abordable a soll e kloeren, transparenten a faire Kader fir d‘Finanzéierung vum abordabele Wunnraum setzen. Dat Gesetz betrëfft ënner anerem d‘Harmoniséierung vun de finanzielle Bedeelegungen bei der Kreatioun vum bezuelbare Wunnraum, d‘Aféierung vum Konzept bailleur social an definéiert, wéi eng Kandidaten als Locatairë beim Logement abordable zougelooss ginn.

Dat zweet Gesetz soll déi individuell Hëllefe beim Zougang zum Logement, souwuel fir Locatairë wéi och fir nei Proprietairen um private Marché vereinfachen an erweideren. Dobäi sinn d‘Eligibilitéitskrittäre fir esou Hëllefen ze kréien ugepasst ginn, fir datt esouvill wéi méiglech Beneficiairen dovunner profitéiere kënnen. D‘Montante sinn no uewen ugepasst ginn. Zum Beispill kréien elo déi Leit, déi hir éischt nei gebaute Wunneng kafen, eng Hëllef an der Héicht vun 20.000 Euro. Donieft ginn et weider Primme fir d‘energeetesch Sanéierung vu Logementen.

Pacte Logement

De Pacte Logement 2.0 ass d‘Weiderféierung vum Pacte Logement 1.0 a riicht sech net direkt un d‘Privatleit. Et handelt sech dobäi ëm eng Partnerschaft tëschent de Gemengen an dem Staat. D‘Gemenge sollen am Zäitraum 2021 bis 2032 dobäi ënnerstëtzt ginn, abordabele Wunnraum ze schafen. Se kënnen sech dofir un de Logementsministère wenden.

Op nationalem Niveau verfollegt de Pacte Logement dräi Ziler: Eng méi grouss Offer un abordabele Wunnenge schafen, potenziell Bauterraine mobiliséieren an déi résidentiell Qualitéit verbesseren. Déi interesséiert Gemeng ënnerschreift eng initial Konventioun (CI) mam Staat a kann uschléissend an hirem Gemengerot de lokalen Aktiounsplang Logement ausschaffen (PAL). Dobäi kritt se d‘Hëllefstellung vun engem Logementsconseiller. Nom Ausschaffen vum Aktiounsplang ënnerschreift d‘Gemeng eng Convention de mise en oeuvre (CMO) mam Ministère.

De Pacte Logement ass en zousätzlecht Instrument zu de virdun erwäänten Aides à la pierre vum Logementsministère. Fir d‘Joer 2021 konnt eng Gemeng, déi eng CI ënnerschriwwen hat, eng eenzel pauschal Dotatioun vun 25 Euro pro Awunner kréien. Eng weider Dotatioun vun 10.000 Euro konnten d‘Gemenge fir all abordabel Wunneng kréien, fir déi se 2020 mam Logementsministère eng Konventioun gemaach haten. Säit dem Joer 2022 sinn nach follgend Elementer derbäikomm: eng Dotatioun vun 19.000 Euro pro abordabeler Wunneng, fir déi am Laf vun 2020 eng Konventioun mam Ministère ënnerschriwwe ginn ass. Dobäi kommen nach 2.500 Euro fir all abordabele Logement, dee vun enger Gestion Locative Sociale (GLS) op dem Gebitt vun der Gemeng am Laf vum Joer 2021 geréiert gouf.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.