Fir esou muencher Wënzer zu Lëtzebuerg, a Rheinland-Pfalz, am Saarland, an der Äifel oder am Hunsrück geet et schonn Ufank Oktober, nach eng Rei Woche virun der Drauwelies, mat der Aarbecht am Betrib lass. Vill vun hinnen hunn niewent hire Wéngerten nämlech och nach Bongerten, wou meeschtens ënnerschiddlech Zorten Äppelbeem wuessen. Den Oktober ass traditionell de Mount vum Bongert. Ufank vum Mount sinn déi meescht Zorten Äppel zeideg a kënne gepléckt oder geraf ginn. Genee ewéi bei den Drauwen, schwiert och haut nach esou muencher (Viz-)Wënzer drop, seng Äppel mat der Hand ze plécken. Wat manner Blieder oder Äscht tëschent d’Äppel geroden, wat deen aus den Äppel gewonnene Saaft méi héichwäerteg ass.
Déi gepléckten Äppel ginn nom Plécke gewäsch, zerklengert a gepresst – gekeltert, wéi de Wënzer seet. Eraus kënnt e bronge Saaft, deen, wéi soll et och anescht sinn, herrlech intensiv no Apel schmaacht. Dëse Wee huet all Apel, deen herno a flësseger Form an engem Glas soll landen, viru sech. Wat dann awer derno dermat passéiert, do ginn et eng Hellewull vun ënnerschiddleche Methoden. Mee wat entsteet dann elo aus dësem Saaft? Äppeljus, Viz, Cidre?
Am Prinzip kann doraus elo alles entstoen, zu Lëtzebuerg a laanscht d’Musel an d’Saar ass dat traditionell de Viz. Mee och Viz ass net gläich Viz! Gëtt de Viz schonn e puer Deeg nom Pressen ofgefëllt, entsteet den dréiwe Viz, deen hei zu Lëtzebuerg bekannt a verbreet ass. An och den Äppeljus entsteet genee esou, just datt dësen nom Pressen nach gefiltert gëtt. Bei eisen däitschen Nopere gëtt just ganz wéineg dovu produzéiert. Hei gëtt de Viz éischter bis Februar gäre gelooss, wouduerch dësen e gewëssen Undeel un Alkohol, meeschtens tëschent 6 an 8 %, kritt.
Dat, wat an eiser Groussregioun dann als Viz mat Alkohol genoss gëtt, gëtt méi déif an Däitschland da schonn Äppelwäi genannt, genee esou wéi d’Réimer dat fréier och gemaach hunn. Aus der Réimerzäit kënnt dann och den Numm Vice Vinum, wat den zweeten oder de stellvertriedende Wäi bedeit. Sou ënnerschiddlech d’Nimm uechter Däitschland sinn, esou ënnerschiddlech ass och, wéi e konsuméiert gëtt. Mol pur, mol „gespritzt“ mat Spruddelwaasser oder Limonad, mat Cola, mol als erfrëschend Gedrénks am Summer op der Terrass, mol bei engem deftegen Iessen, wéi dat an der Regioun ronderëm Hessen gären de Fall ass.
Eis franséisch Noperen huelen et dann do awer scho méi genee mam Äppelwäin oder Cidre, wéi en do genannt gëtt. Äppelwäin ass dann hei awer och erëm net déi richteg Iwwersetzung, Äppelschaumwäi géing et hei éischter treffen. Well genee do ass dann och erëm ee vun deene groussen Ënnerscheeder. Deen däitschen Äppelwäin huet keng Kuelesaier, dee franséische Cidre awer schonn, eebe genee wéi e Schaumwäin. Produzéiert gëtt de Cidre traditionell am Pays d’Auge, engem Deel vun der Normandie. Am Géigesaz zu eisen däitschen Nopere leeft et a Frankräich weesentlech méi streng of. Virgeschriwwe sinn hei, ënner anerem, wat fir eng Äppelzorte solle genotzt ginn. Bekannt sinn dann och dräi ënnerschiddlech Geschmacksrichtungen, brut, demi-sec an doux. Geheit een dann elo e Bléck op d’Landkaart, entdeckt ee matzen an der Normandie d’Departement Calvados. Calvados, deen Numm huet esou muenchereen dach och schonn emol am Gedrénksrayon beim Alkohol entdeckt! Mee wat stécht derhannert? Genee ewéi bei den Drauwen, bleift nom Pressen dee sougenannten Trester iwwereg. Dëse Moscht vun der Pinotsdrauf ka gebrannt ginn an et fënnt een en herno a Fläsche mat der Etikett „Marc de Champagne“ oder „Grappa“ erëm. Genee esou ergeet et och engem Deel vum Äppeltrester. Wärend dësen an eise Regiounen oft als Déierefudder weiderverwent gëtt, ergeet et him an der Normandie ewéi dem Drauwentrester: E gëtt gebrannt. Eraus kënnt Äppelbranntwäin, de Calvados.
Aus engem klenge Stéck Uebst vum Bam entsteet esou eng Panoplie vu Produiten, an dat a mëttlerweil ëmmer méi Betriber am Land. Eppelpress huet sech mëttlerweil mat hirer eegener Mark um Lëtzebuerger Maart etabléiert a produzéiert 6 Zorten Äppeljus a Viz zu Eppelduerf. Ramborn ass e weidere Produzent, deen zwar kee Viz, mee den éischte Lëtzebuerger Cider produzéiert. Cider? Genee, Cider an net Cidre. Cider ass deen ireschen / englesche Pendant zum franséische Cidre, dee mëttlerweil als Kultgedrénks bei der jonker Generatioun hir Plaz fonnt huet. Waren et viru Joren nach auslännesch Marken ewéi Strongbows oder Bulmers, fënnt Ramborn ëmmer méi seng Plaz um Lëtzebuerger Marché. Awer net nëmme kommerziell Betriber oder Wënzer beschäftege sech mat der knackeger Fruucht. Och deen een oder aneren Atelier protégé bedreift en eegene Bongert a produzéiert zum Beispill Viz, esou wéi ATP dat um Haff Ditgesbaach no bei Ettelbréck mécht. Esou kleng an onscheinbar den Apel um Bam ausgesäit, esou vilfälteg sinn dann awer aleng déi flësseg Produiten, déi aus him entstinn! Entdecke kann een déi ganz, deels innovativ Produite meeschtens op engem vun de sëllege Vizfester an der Groussregioun an um all Joer erëm vum Naturpark Mëllerdall organiséierte „Mount vum Bongert“.