Et ass e kollektiven Effort, fir déi aktuell onstabil Sécherheetslag an der Welt ze verdeedegen. Lëtzebuerg wëll, ewéi all Land an der EU an an der NATO, säi Bäitrag leeschten a setzt op d’Evolutioun am Beräich vum Weltall. Dësen ass scho laang eng vun de Lëtzebuerger Stäerkten an dat soll mam neien MGS-Programm nees bewise ginn.
Schonn 1985 gouf d’Sociéte Européenne des Satellites, bekannt als SES, am Grand-Duché gegrënnt. De Bedreiwer gehéiert haut mat ronn 120 Satellitte weltwäit zu de Leaderen am Beräich vun der Satellitte-Kommunikatioun. Aktuell ginn et hei am Land zwee staatlech Satellitte-Programmer: de relativ rezenten MGS an dee vun der Firma LuxGovSat, déi 2018 zesumme mat der SES gegrënnt gouf, fir de GovSat-1 ze lancéieren. Dësen ass e Kommunikatiounssatellit, dee fir militäresch an d’Regierungskommunikatioun genotzt gëtt. Den 21. Januar 2026 koum vun der Chamber de Feu vert, fir och de GovSat-2 an de Weltall ze schéissen, dat viraussiichtlech 2029. Déi zwee Satellitten ëmkreesen d’Äerd op enger Héicht vu ronn 36.000 Kilometer, also op engem sougenannte geostationären Orbit, a si komplementar zum MGS-Programm, deen eng nach méi spezifesch Funktioun huet.
„De Programm notzt modern Kommunikatiounsarchitekturen, nämlech d’‚O3b mPOWER‘‑Satellitte-Konstellatioun vun der SES. Dëst erméiglecht eng zouverlässeg Verbindung och do, wou klassesch Netzwierker um Buedem net verfügbar oder gestéiert sinn“, heescht et aus dem Ministère. „O3b“ steet fir „Other three billion“, also déi dräi Milliarde Leit op der Äerd, déi keen Accès zum Internet hunn. Déi nei Satellittekonstellatioun vum MGS-Programm soll also hëllefen, d’Welt ze vernetzen, dofir kreesen d’„O3b mPOWER“‑Satelliten och „just“ op enger Héicht vu ronn 8.000 Kilometer um sougenannte mëttleren Orbit – also vill méi no un der Äerd wéi d’„GovSat“-Satellitten, wouduerch eng méi schnell Verbindung méiglech gëtt. „‚O3b mPOWER‘ liwwert dobäi securiséiert Kommunikatiounskanäl a Geschwindegkeeten, déi déi vu geostationäre Satellitte wéi GovSat-1 oder GovSat-2 iwwertreffen“, esou de Spriecher vum Ministère.
D’Satellitte-Kommunikatioun ass dobäi leider net méi just do, fir eis eng besser Iwwerdroung vu Biller, zum Beispill fir d’Tëlee, ze liwweren, ma stellt en aktiven Deel vun der aktueller an zukünfteger Verdeedegungsstrategie duer an ass virun allem op Date-Connectivitéit fokusséiert. „Déi geopolitesch Situatioun huet sech iwwert déi lescht Joren déifgräifend verschlechtert“, betount de Ministère. „Europa a Lëtzebuerg mussen an alle militäresche Beräicher oprëschten, also och am Weltall. Mir musse méi an d’Verdeedegung investéieren a mir mussen eisen Deel zu der kollektiver Defense am Kader vun der NATO bäidroen.“ Dat heescht konkreet: Bis 2028 fléisst ronn ee Prozent vum Lëtzebuerger PIB an d’Defense an de Weltall ass a gëtt domat ëmmer méi Deel vun der nationaler Sécherheet.
D’Satellitte-Kommunikatioun gëtt dual genotzt, also souwuel fir zivil wéi och fir militäresch Zwecker a soll hëllefen, d’Ressourcë vun den EU- an NATO-Memberstaaten ze bündelen, well d’Gefor notamment aus Russland ass méi wéi reell. „Satellitte-Kommunikatioun ass entscheedend a moderne militäresche Konflikter, déi op séier, effizient a sécher Kommunikatiounskanäl ugewise sinn“, esou de Ministère, dee betount, dass „robust, performant a flexibel Fäegkeeten am Weltall am 21. Joerhonnert fir militäresch Operatiounen essenziell gi sinn“. Cyberattacken, geziilt Ugrëff op wichteg Infrastrukturen, d’Ausser-Kraaft-Setze vu ganzen Netzwierker: Krich huet sech verännert an domat och d’Defense. Et géif awer net drëms goen, „blann an eng Rüstungsspiral ze falen“, ma „Equipementer ze kafen a Personal ze forméieren an zur Verfügung ze stellen, wat zur Verdeedegung vun eisem Land an och zur kollektiver Defense bäidréit“, esou den zoustännege Ministère.
Den neien MGS-Programm soll dofir d’Lëtzebuerger Weltraum-Strategie nach méi resilient, flexibel an up-to-date maachen, mat der Méiglechkeet, „Standuerter ze bestëmmen, ze verfollegen, ze observéieren, ze koordinéieren an ze kommunizéieren“. Ma firwat da grad de Fokus op de Weltall? „Fir d’Lëtzebuerger Defense ass de Space e Beräich, an deem mir vill Expertis hunn a bei deem mir dowéinst eng ganz reell Plus-value hunn. Eis Kapazitéiten am Beräich vun der Satellitte-Kommunikatioun si gefrot“, esou d’Äntwert vum Ministère. De Weltall wier awer net just e „Sécherheetsinstrument“, ma och e „strateegesche Wirtschafts- an Innovatiounsfaktor“, well fir d’Programmer ze leeden, gëtt och aktiv d’Expertis vu private Firme gefrot, wouduerch net just Kompetenzen am Land opgebaut ginn, ma och nei Technologië gefërdert an Aarbechtsplaze geschaf ginn – also „en direkte wirtschaftleche Retour fir eist Land“.
En Invest an nei Satellitte-Programmer wéi den MGS ass also net just en Invest an d’Defense, mee en Invest an d’Zukunft, well „Lëtzebuerg wäert sech an den nächste Joren a quasi alle militäresche Beräicher weiderentwéckelen“. D’Opstelle vun engem Batailloun fir Kampfopklärung zesumme mat der Belsch, de Kaf vu Systemer fir Loftverdeedegung a Rakéitenofwier, d’Weiderentwécklung am Beräich vun den Dronen esouwéi an allem, wat Cyber ugeet – dëst si just e puer Beispiller vun deem, wat an den nächste Joren nach usteet. Genee dowéinst gouf och am August d’lescht Joer nach e weidere Satellit vun der Lëtzebuerger Regierung op Orbit bruecht, den Äerdobservatiounssatellit „LUXEOSys“. „Dëse kann héichopléisend Biller vun der Äerd maachen, souwuel fir zivil wéi och fir militäresch Zwecker“, esou de Ministère. Aktuell géif nach dru geschafft ginn, de Satellit richteg ze kalibréieren, ma de Plang wier et, „eise Partner nach am éischte Semester 2026 déi Biller gratis zur Verfügung ze stellen“. Den MGS-Programm ass also net deen eenzegen, un deem den Ament fläisseg geschafft gëtt, an et bleift spannend, wat d’Lëtzebuerger Präsenz am Weltall ugeet.
En Artikel vum Laura Tomassini