Vältesdag zu Lëtzebuerg

Villerchershochzäit a Kënnbaken-Stee

14. Februar, Vältesdag – do schloen d’Emotiounen de Kopplabunz. Bei deenen, déi e gären hunn, a bei deenen, déi en haassen an als Marketing-Aktioun vun de Geschäfter verfluchen. Mee wéi eng Traditioun huet en eigentlech zu Lëtzebuerg?

„Ech kafen do näischt. Keng Blummen, keng Bijouen. Dat ass dach alles nëmmen dofir do, de Commerce no Chrëschtdag nach emol unzekuerbelen!“ – soen déi eng. Déi aner soen: „Eng schéi Saach. An de Vältesdag huet dach awer Traditioun: Den hellege Valentin war fir déi Verléiften do. Firwat soll een net dorun erënneren?“

Mee wie war den hellege Valentin? Et gëtt an der Geschicht vun de Märtyrer, déi helleggesprach goufen, méi ewéi ee mam Numm Valentin, deenen hiert Undenke souzesoen an engem zesummegefouert gouf. Esou gëtt vun engem Valentin zu Roum geschwat, deen Zaldote bestuet huet, deenen d’Bestuede verbuede war, an dee Masse fir Chrëschte gefeiert huet, déi vum Réimesche Räich verfollegt goufen. Enger Legend no huet hien an der Zäit vu senger Gefaangenschaft déi blann Duechter vu sengem Gardien geheelt an hir viru senger Hiriichtung zum Abschid e Bréif geschriwwen, dee mat „Däi Valentin“ ënnerschriwwe war. Eng aner Legend erzielt, de Valentin vun Terni hätt déi frësch bestuet Koppele mat Blummen aus sengem Gaart beschenkt. Egal, ëm wat fir ee Valentin et sech handelt: Kloer ass, datt e medezinesch verséiert war a Mënschen heele konnt, ob vu Blannheet oder Epilepsie, an datt hien zu sengem Glawe stoung an dofir ëmbruecht gouf.

De Gedenkdag vum hellege Valentinus de 14. Februar gouf vum Poopst Gelasius am Joer 469 fir déi ganz Kierch agefouert, 1969 allerdéngs aus dem réimesche Generalkalenner gestrach. Oft ginn et haut allerdéngs nach ëm de Vältesdag erëm Massen, an deene bestuete Koppele geseent ginn.

A wéi gouf dat Gedenke ronderëm den Hellege Valentin esou romantesch? Déi éischte Kéier wahrscheinlech am Goeffrey Chaucers sengem Gedicht „Parlament der Vögel“ iwwer den hellege Valentin an der zweeter Hallschent vum 14. Joerhonnert. Hei luet d’Gëttin vun der Natur all Villercher zu enger Versammlung an, wou si hir Partner auswiele kënnen, an zwar um Vältesdag. Den Chaucer schreift: „Denn Feiertag Sankt Valentins war’s eben, An dem zur Gattenwahl nach diesem Ort sich alle Vögel, die man kennt, begeben.“ Am Joer 1797 huet e briteschen Editeur d’Wierk The Young Man’s Valentine Writer erausbruecht, an deem ee vill Verse fir jonk Libhaber fonnt huet, déi net selwer dichte konnten. Dréckereien hu Vältesdagskaarte mat Versen a Skizze produzéiert. Am angelsächsesche Raum war also schonn am 18. Joerhonnert de Vältesdag e Rendez-vous, zu deem Verléifter sech beschenkt hunn. Geschwënn och mat Blummen, Schneekereien a Schmock. An d’Traditioun ass du mat an d’USA ausgewandert.

Am Rescht vun Europa war dat laang Zäit nach anescht. Do huet de Valentin zum Beispill als Schutzpatroun géint d’Epilepsie gegollt, awer och als Hellege vum Fréijoer an der Gesondheet an als Schutzpatroun vun den Imker an de Pilger, zum Beispill a Slowenien. Um Fest vum Hellege ginn do déi éischt Aarbechten an de Wäibierger an op de Felder gefeiert. Et gëtt och gesot, datt sech un dësem Dag d’Villercher bewonneren an zu Koppele ginn. Wat jo erëm bei d’Parlament der Vögel passt.

An zu Lëtzebuerg? An sengem „Luxemburger Sitten und Bräuche“, déi den Edmond de la Fontaine – besser bekannt ënner sengem Pseudonym „Dicks“ – am Joer 1883 publizéiert hat, beschreift den Auteur, datt no dem Volleksglawen den 19. Mäerz, dem Gedenkdag vum St. Joseph, all d’Villercher zu Koppele ginn an dofir fréier, haaptsächlech op der Musel, un dësem Dag d’Vollekslidd Die Vogelhochzeit gesonge gouf. „A Frankräich“, erzielt hie weider, „verkoppelt sech d’Vullewelt op St. Valentin“ – also dem 14. Februar.

Den Dicks beschreift awer keng franséisch Bräich ronderëm den Hellegen. Wat Lëtzebuerg ugeet, kennt den Dicks den hellege Valentin nëmmen als Gardien vun den eenheemesche Schwéngercher, déi an dëser Eegenschaft zu Béiwen-Atert, Bauschelt, Pärel, Rammerech, Saassel a Stadbriedemes veréiert goufen. Wat den Dicks net beschreift, wat awer zu Lëtzebuerg eng laang Traditioun hat: De 14. Februar goufen op ville Plaze geréischtert Schwéngskäpp oder -kënnbake geaffert, fir sech de Schutz vum hellege Valentin ze sécheren. Mënschen aus allen Himmelsrichtungen hunn d’Käpp a Bake gebrach an hunn se niewent dem Altor op e Koup geluecht. Nom Afferen an de Kierche goufen déi komesch Déier-Deeler versteet – zu Gonschte vu Poren a Kierchekeesen.

An e puer Dierfer ass dat haut nach ëmmer esou. Déi ëffentlech Stee vu Kënnbaken huet zum Beispill beim Männergesangsveräin Béiwener Männerchouer Traditioun. An zu Boukels mat senge manner ewéi 100 Awunner gëtt et de Brauch vun der Kënnbakeversteeung haut erëm, nodeem d’Fest esou laang net gefeiert gouf. An d’Liewe geruff huet dat d’Vereenegung Vältesfrënn Boukels. Den Aly Weicherding, haut 60 Joer jonk an am Kommitee vun de Vältesfrënn erënnert sech drun, wéi et dozou koum: „Am Duerf gouf et an den 90er Joren ausser dem Motocross-Club keng Veräiner an och kee richtegt Veräinsliewen. Awer et gouf de 14. Februar selwer ëmmer eng kleng Kiermes, déi un den hellege Valentin als Schutzpatroun fir Véi an Haff erënnere sollt“, erzielt den Aly Weicherding. Aus dësem klenge Brauch eraus hunn sech am Joer 1999 offiziell d‘Vältesfrënn gegrënnt, mat kräfteger Ënnerstëtzung vum Paschtouer Erny Wampach. Zweck vum Veräin: D‘Välteskiermes regelméisseg ze organiséieren. Se ass haut ëmmer op deem Sonnden, deen dem 14. Februar am nächste läit – dat kann de Weekend virdrun oder derno sinn. Verbonnen ass d’Kiermes mat der Mass fir d’Pilger an der klenger Duerfkapell. „Do komme schonn ëmmer ëm déi 250 Leit“, erzielt den Aly Weicherding. Gefeiert gëtt derno an der Scheier vun enger Famill am Duerf. Ënnerstëtzt gëtt d’Kiermes vum Jugendveräin aus Géisdref. Weider Aktivitéite vun de Valentins-Frënn sinn d’Chrëschtveillée am Dezember an en Trëppeltour am August.

An natierlech freeën sech zu Lëtzebuerg net nëmmen d’Vältesfrënn un dësem Dag. D’Geschäfter si voller rosa a roude Blummen, Schneekereien an Häerzer, Bijoue glënneren ënner dem Mantel vum hellege Valentin. Ënner der Leedung vun de Jonggäertner, 2019 elo an der 51. Oplag, verschenkt den Daachverband vun de Gäertner a Fleuristen Féderation Horticole Luxembourgeoise (FHL) beim Valentins-Ëmzuch Straiss – als „subtil“ Erënnerung, Blummen ze verschenken net ze vergiessen. An d’Lëtzebuerger Loftfrachtgesellschaft Cargolux erhéicht ëm dësen Datum d’Zuel vun hire Flich aus Afrika. Zousätzlech zu den üübleche siwe Flich pro Woch transportéiert d’Cargolux da gutt eng Dose weider voll Chargë mat roude Rousen duerch d’Loft. Vläicht fléien déi jo laanscht den hellege Valentin.

En Artikel vum Birgit Pfaus-Ravida

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.