Vältesdag, Schockela, Äppel a Genitalien

Gebräicher ronderëm d’Léift uechter d’ganz Welt

De 14. Februar, den Dag vun de Verléiften. Blummen, Schockela an Häerzer gi verschenkt. Vläicht och vun deem engen oder aneren, deen net méi esou verléift ass, mee dee kee Kaméidi mat senger besserer Hallschent wëll hunn. Esou kenne mir de Vältesdag zu Lëtzebuerg.

Mee wéi gesäit et an aneren Ecke vun eisem Planéit aus? Mir sinn emol op d’Rees gaangen an hunn dat nogekuckt.

Während an Italien sech d’Koppelen deen Dag op Brécken treffen, fir do e personaliséiert Schlass opzehänken an de Schlëssel an d’Waasser geheien, an der Hoffnung, d’Bezéiung domat ze veréiwegen, gëtt zu Wales de Vältesdag schonn de 25. Januar gefeiert. Do verschenken se déi sougenannt „Love Spoons“, d’Läffelcher vun der Léift, déi a fréieren Zäite selwer geschnëtzt hu musse ginn. Hei goung et och manner drëm, d’Fra ze begeeschteren, mee méi ëm d’Beweise vun der Geschécklechkeet vis-à-vis vum zukünftege Schwéierpapp.

A Groussbritannien an an Dänemark stinn se éischter op den Iwwerraschungseffekt! D‘Englänner treffen sech säit dem 15. Joerhonnert a lousen, fir gewuer ze ginn, wien se dann iwwerhaapt beschenke sollen. An Dänemark geet et einfach drëm, anonym e Kaddo ze maachen, fir datt deen anere rode muss, vu wiem en da beschenkt gouf. Elei ginn am Prinzip keng rout Rouse verschenkt, mee Schnéigläckelcher, Selwergemaachtes a Schockela!

D’Schweden halen et éischter mat Gummihäerzer wéi mam Schockela. A Spuenien dogéint gi Bicher verschenkt! Amplaz vum Vältesdag feieren se den hellege Gregor, dee laut enger So Draachen ëmbruecht huet! A wann se net gestuerwe sinn… liesen se nach haut!

An der Kierch St. Marien a Polen gëtt den Doudekapp vum hellege Valentin an engem sëlwere Behälter versuergt an ausgestallt. Op Vältesdag gëtt eng Mass ofgehalen, déi zum Ofschloss vun dausende roude Loftbäll begleet gëtt. Owes fanne lauter organiséiert Evenementer a Concerte statt!

Placeholder Dummy template

A Japan heescht et „Ladies First“, wann et drëms geet, wie méi déif an de Portmonni muss gräifen. Hei gëtt net nëmmen de Partner beschenkt, mee och de Patron, de Brudder, de Papp an all weidere Mann am Ëmfeld däerf sech op schwaarze Schockela freeën. A fir datt déi Méi net fir näischt war, kritt d’Fra da genee ee Mount duerno vun alle Beschenkten wäisse Schockela als Revanche! An der Hoffnung, datt d’Kleedergréisst déiselwecht bleift!

Placeholder Dummy template

Nach e bësse méi skurril?

Wéi wier et da mat engem Fest, wou sech alles ëm dat beschte Stéck vum Mann dréit? Beim Kamara Matsuri, esou den Numm vum japanesche Fest, gëtt de Phallus, dat hellegt Stéck, ugebiet an der Hoffnung, d’Bezéiung ze erhalen, d’Produktivitéit ze verstäerken, Erfolleg ze garantéieren, an de Schutz viru sexuell iwwerdrobare Krankheeten ze bewierken. Alles schéin dekoréiert mat Séissegkeeten, Käerzen, Masken an all dat an der Form vu Phalli. Awer och a Groussbritannien geet et nach méi skurril. Hei fënnt d’Flitch of Bacon Präisverdeelung statt! A wie kritt dee Präis? All Koppel, déi enger Jury, bestoend aus 6 Jongfraen a 6 „Jongmänner“, beweise kann, datt se nach keen eenzegen Dag während de leschte 366 Deeg vun hirem Zesummeliewe bereit hunn.

Manner appetitlech geet et an Éisträich weider. Wa mir an der Iwwerschrëft zu dësem Artikel d‘Äppel erwäänt hunn, da war dat net wéinst der bekannter Pomme d’amour. Fréier gouf et an Éisträich de Brauch, datt déi jonk Dammen e Stéck Apel ënner d’Äerm kruten, deen de Schweess opgesuckelt huet. Säfteg genuch, gouf d’Stéck dann un hiren Auserwielte verschenkt. Duerch dës Pheromonbomm sollt ee feststellen, ob et sech ëm d’Fra fir d’Liewen handelt oder ëm e Wiesen, wat een net riche konnt! Bei Interessi huet en dann och ugebasswuertwiertlech! An anere Regioune gouf den Apel duerch Brout, Zwiback oder och Gromperen ersat. Majo dann, ee Gudden!

Placeholder Dummy template

Bei aller Léift! Esou muenche géif beim Gedanken, seng Famill bei der Hochzäitsnuecht niewent dem Bett stoen ze hunn, bestëmmt keen A méi zoukréien. Gutt, datt een d‘Wiel huet… oder och net? An Thailand ass dat eng onëmgänglech Traditioun, déi zu engem Ritual gehéiert an d’Hochzäit eréischt gülteg soll maachen. D’Bett gëtt vu glécklech bestuete Frae preparéiert a vun der am längste bestueter Koppel ageweit, andeem déi sech als éischt an d’Bett leet. Déi ganz Hochzäitsgesellschaft ass dobäi, fir datt d’Koppel sech an hirer Hochzäitsnuecht och op kee Fall eleng fillt. Mee keng Angscht – éier et dann esou richteg zur Saach geet, verléisst och de leschte Monni de Raum!

Placeholder Dummy template

Freet Iech also, wann Dir fir Vältesdag eng Rous oder e gutt Stéck Schockela geschenkt kritt!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.