© UNICEF UN / Josué Mulala
Am Moment sinn et schwéier Zäite fir d’ONGen an der Entwécklungszesummenaarbecht. Am Gespréich mam Paul Heber, Pressespriecher vun der UNICEF zu Lëtzebuerg, stelle mir séier fest, datt et direkt op e puer Niveauen Erausfuerderunge gëtt. D’UNICEF international ass weltwäit am Asaz, fir de Kanner eng besser Zukunft ze erméiglechen. Zu Lëtzebuerg ass d’ASBL eng separat legal Entitéit, déi awer fir den internationale Brudder agéiert.
D’Aarbecht vun der UNICEF um Terrain ass breetgefächert. D’ONG versuergt d’Kanner an hir Famille mat propperem Waasser, Medikamenter, Vaccinen an Iessen an engagéiert sech fir hire Schutz, fir just dës puer Beispiller ze nennen. „Wa mir an engem Land aktiv sinn, da si mir am ganze Land aktiv“, betount de Paul Heber. An dacks fänke genee do schonn d’Schwieregkeeten un: „Do, wou d’Hëllef am néidegsten ass, ass och meeschtens d’Infrastruktur am schlechtsten.“ En Däiwelskrees also.
D’UNICEF ass an iwwer 190 Länner an Territoirë selwer op der Plaz, mee schafft falls néideg och mat verschiddene Partner zesummen. Dës Partner kënnen aner ONGe sinn, mee déi lokal Regierunge ginn domadder zousätzlech ëmmer méi responsabiliséiert. „Dëst erméiglecht eis awer och, all d’Done vum Ufank bis zum Enn genee ze iwwerwaachen – eng Transparenz, déi fir eis enorm wichteg ass. Well mir déi eenzeg UN-Agence sinn, déi sech selwer finanzéiert, droe mir eng duebel Verantwortung: vis-à-vis vun eise Spenderinnen a Spender, mee och géintiwwer de Kanner, déi mir ënnerstëtzen“, erkläert de Paul Heber.
Hie weist op den E am Numm, dee fir „emergency“, also Noutfall steet. A grad op Plaze wéi deemools a Syrien oder am Gaza, wou aner ONGen sech zeréckzéien, well et ze geféierlech gëtt, géif d’UNICEF ausharren. „Mir hunn déi Fräiheet vum Réckzuch net, wat fir eis selbstverständlech an natierlech gutt ass fir d’Kanner. Mee dat bréngt och Erausfuerderunge mat sech.“
D’Schwieregkeeten am Moment leien deels an der geopolitesch ugespaanter Lag. Den Ukrain-Krich, den Noen Osten an d’Trump-Administratioun, déi mat der drastescher Kierzung vun der Finanzéierung vun der USAID an dem Austrëtt aus der WHO vill grouss Lächer géif hannerloossen. Och d’UNICEF ass dovunner betraff. „Déi komplett Auswierkunge vu munchen Decisiounen op eis Programmer fir Kanner sinn nach net kloer. D’Vereenegt Staaten hu schonn ëmmer eng wichteg a generéis Roll als Donateur gespillt; hir Generositéit huet et eis erméiglecht, Millioune Liewen ze retten a Kanner op der ganzer Welt ze hëllefen, hire Potenzial z’erreechen. Et ännert näischt un eiser Entschlossenheet, Kanner ze hëllefen, a mir hoffen, dass d’Finanzéierung esou séier wéi méiglech nees weidergeet.“
Dobäi kënnt déi schlëmm Naturkatastroph am Myanmar, engem Land, dat souwisou scho massiv op Hëllef ugewise war, well et sech an engem Biergerkrich befënnt. „Am Moment soe mir bei all Katastroph oder Konflikt, datt d’Situatioun méi schlëmm ass, wéi virdrun. Dat gouf et esou nach net. Et ass wéi eng Netflix-Serie, wou ee seet, mir mussen dës Saison nach een dropsetzen“, seet de Paul Heber. „A Gaza gëtt gestridden, ween dee Gudden a ween dee Schlechten ass. Hei fënnt eng grausam Politiséierung statt. Mir hu mëttlerweil Diskussiounen, ob ee Kanner am Gaza hëllefen däerf, well dat wiere jo d’Terroriste vu muer, behaapte verschidde Leit.“
Hien erzielt vun engem Interview iwwer de Gaza-Krich, deen hien op RTL ginn hat. Fir keen ze benodeelegen, hat hien direkt am Ufank gesot, datt et fir d’UNICEF am Fong einfach wier, well d’Organisatioun fir all d’Kanner do ass, egal vu wéi enger Säit. „Ech war knapps aus dem Interview eraus, a scho si mir als antisemittesch an de soziale Medie vernannt ginn. Do huet ee keng Chance. Et gëtt ee politiséiert vun de Leit, och wann ee guer net politiséiere wëll, well d’UNICEF sech jo fir all Kand asetzt, egal ob et a Gaza oder an Israel lieft. Iwwerraschend ass d’emotional Vehemenz, mat där versicht gëtt ze argumentéieren an déi wéineg mat Fakten ze dinn huet.“
E positive Liichtbléck gesäit hien doranner, datt d’Kooperatioun funktionéiert. „D’UNICEF huet mat senge Partner vill erreecht.“ Hie nennt d’Beispill vun der Kannerstierflechkeet, déi säit 1990 enorm erofgaangen ass. „Si huet sech säitdeem hallwéiert. En enormen Erfolleg, mee wéi ëmmer geet dat nach net duer.“
Zu Lëtzebuerg gesäit d’Aarbecht vun der UNICEF anescht aus. Si sammelt Spenden, ouni déi et net geet, well d’ASBL – net wéi anerer – keen Accord-cadre fir Kofinanzementer mam Ministère huet, a setzt sech fir verschidde Problematiken heizuland an, well et och zu Lëtzebuerg Problemer gëtt, déi ee muss seriö huelen. De Paul Heber nennt virun allem d’Kanneraarmut, den Accès zur Justiz fir Kanner an d’mental Gesondheet.
Wat d’Kanneraarmut ugeet, géif Lëtzebuerg op der Lëscht vun den OECD-Länner schlecht ofschneiden. An de leschten zéng Joer hätt sech d’Situatioun weider verschlëmmert. „Hei ass et fënnef vir zwielef fir Lëtzebuerg, a mir mussen eis froen, wéi esou e räicht Land esou aarm Kanner kann hunn. Mir schaffen deemno och direkt am enke Kontakt mam Premier Luc Frieden senger Ekipp, fir Léisungen zur a puncto Kanneraarmut ze fannen. Dat ass net einfach, mee mir hunn eng wichteg Diskussioun ugestouss, fir dat Onsichtbaart endlech sichtbar ze maachen“, freet sech den UNICEF-Spriecher.
Wat d’Spende betrëfft, sou hätt ee festgestallt, datt d’Leit de Portmonni net méi sou séier opmaachen. D’Covid-Kris an den Ukrain-Krich hätten eng riseg Empathie bei de Leit ausgeléist, wat zu enormen Done gefouert hätt. Déi aktuell geopolitesch schwiereg Situatioun mat villen Onsécherheeten an zu engem Deel vläicht och d’Caritas-Affär hätten d’Leit awer méi virsiichteg gemaach.
En Artikel vum Eric Rings