Placeholder Dummy template

Fairness am Fokus!

TransFair zu Lëtzebuerg

Zu enger Zäit, an där ech perséinlech nach dervun iwwerzeegt war, datt „Entwécklungshëllef“ aus e puer Léierstonnen an der Dunkelkammer beim Ausbeliichte vu schwaarzwäisse Pressefotoe bestanen huet, ass schonn d’ASBL TransFair Minka gegrënnt ginn, méi genee am Joer 1992 op engem 25. Mäerz. D’Zil vun der NGO war an ass d’Entwécklung vun engem méi gerechten a fairen Handel vun de Verbraucher zu Lëtzebuerg mat den Handelspartner an Afrika, Asien, Latäinamerika an och an der Karibik.

Als Paradebeispiller ginn oft de Schockela an de Kaffi genannt, mee mëttlerweil sinn et iwwer 37.000 Produiten, déi mam Fairtrade-Logo an iwwer 140 Länner verkaaft ginn. An dobäi mécht all Kaf vun esou engem Produit e wierklech spierbaren Ënnerscheed fir d’Klengproduzenten, déi gréisstendeels aus Baueren, Famillen an Aarbechter bestinn. Iwwer zwou Millioune Bauerefamillen a 70 Länner sinn Deel vun dësem Fairtrade-System. Fairtrade ass weltwäit de bekanntste Sozialsigel, an als global Beweegung verbënnt se d’Konsumenten, d’Entreprisen an déi verschiddenst Produzenten-Organisatiounen, fir de Welthandel méi gerecht ze maachen – heiru kéint sech wuel och den Trump mol e gutt Beispill huelen. An dobäi geet et net nëmmen ëm eng adequat Bezuelung a besser Aarbechtsbedéngungen, mee och ëm méi ëmweltfrëndlech Ubaumethoden, ëm Geschlechtergerechtegkeet an ëm eng besser Zukunft fir jonk Mënschen.

Wéi gesäit dat konkreet aus? Wann de kritesche Konsument op engem Produkt de bekannte Fairtrade-Logo gesäit, dann ass him garantéiert, dass dëse Produit de Fairtrade-Standarden entsprécht. Ass nieft dem Logo och nach e Feil ze gesinn, deen no riets weist, dann heescht dat, dass dëse Produit aus méi verschiddenen Inhaltsstoffer besteet, déi alleguer ënner Fairtrade-Bedéngungen ze kréie sinn. Da gëtt et och nach verschidden Zousätz wéi zum Beispill „Cotton“ oder „Gold“ nieft dem Logo, déi bei deene spezifeschen Artikelgruppe fir d’Sécherheet vum Konsument suergen.

De Lëtzebuerger Ofleeër vu Fairtrade ass Member vu Fairtrade International, enger Daachorganisatioun, déi am Joer 1997 gegrënnt ginn ass a 26 national Organisatioune representéiert. D’NGO Fairtrade Lëtzebuerg huet eng Charta géint sexuell Belästegung, Ausbeutung a Mëssbrauch ënnerschriwwen an huet ausserdeem de „Fairtrade Organisation Code“ ageféiert, dee vu Fairtrade International iwwerholl ginn ass an deen e klore Kader schaaft, deen déi uerdnungsgeméiss Ëmsetzung vun de Wäerter, Prinzippien, Richtlinnen a Verfaren am gesamte Fairtrade-System ënnerstëtzt. 

Aus strateegescher Siicht huet Fairtrade Lëtzebuerg sech seng wichteg Ziler gesat, nämlech de fairen Handel am Alldag zu Lëtzebuerg ze verankeren, konkreet Moossnamen duerch politesch Entscheedungsdréier ze ënnerstëtzen an d’Maartpositioun vum fairen Handel op dem Lëtzebuerger Maart géintiwwer vum „konventionellen Handel“ ze stäerken an esou de Verbraucher zu méi fairen, méi gesonden a méi nohaltege Konsumgewunnechten ze beweegen. 

An dësem Kontext gëtt et och nach sougenannte Fairtrade-Gemengen heizuland, an der Zwëschenzäit sinn et der elo schonn 38, déi sech am Kader vun engem partizipativen a solidaresche Projet kollektiv fir eng méi gerecht Welt asetzen a sech fir Fairtrade-Produiten decidéieren, wann et nëmme méiglech ass. Dat geet u bei de Kleesercherstitercher mat Fairtrade-Schockela an zitt sech iwwer Restauranten, Caféen, Epicerien, Kleedergeschäfter an allméiglech aner Geschäftshaiser, déi Zougang zu Fairtrade-Produkter hunn. Dat Ganzt gëtt geréiert vun engem lokalen Aktiounsgrupp vun op d’mannst dräi Persounen an engem Chargé an der Gemengeverwaltung, déi zesummen déi eenzel Aktivitéite koordinéieren.

D’NGO Fairtrade Lëtzebuerg ass also de Garant fir deen allsäits bekannte Logo op dem Lëtzebuerger Maart. Si selwer verkeeft keng Produkter, mee mobiliséiert Entreprisen, Verbraucher an Administratiounen, fir hir Praktiken ze veränneren a besser wirtschaftlech a sozial Bedéngunge fir Produzenten an Aarbechter an Afrika, Asien, Latäinamerika an an der Karibik ze garantéieren.

En Artikel vum Sully Prud‘homme

Fotoen: © Transfair

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.