Tourismus fir jiddereen zu Lëtzebuerg

D’Grondiddi vum accessibele Reesen oder vum „Tourismus fir jiddereen“ kënnt aus dem Konzept vum Design for All, deen op europäeschem Niveau ausgeschafft ginn ass.

Déi lëtzebuergesch Regierung huet schonn 2013 de Konzept vum Design for All an hir Regierungserklärung niddergeschriwwen a war domat e Virreider a ganz Europa.

Design for All bedeit, e gutt zougänglecht Ëmfeld a Servicer ze schafen, déi et all Mënsch erlaben, eppes d’selwecht kënnen ze benotzen, onofhängeg vum Alter, der Kierpergréisst oder de verschiddene Fäegkeeten.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Och wa Lëtzebuerg nach eent vun de wéinege Länner an Europa ass, wou d’Bevëlkerung zukünfteg an d’Luucht wäert goen, ginn d’Leit an Europa ëmmer méi al. A ganz Europa gëtt et den demografesche Wandel. An de Gesellschafte stelle mer fest, datt d’Unzuel vu Leit iwwer 75 Joer wiisst a sou och déi speziell Besoinen. D’Zuel vun den eelere Leit geet awer och zu Lëtzebuerg an d’Luucht. Fir den Tourismus bedeit dat, datt d’Leit trotz eventuellen Aschränkunge wëllen heiheem Vakanz maachen.

Tourismus fir jiddereen ass e wichtege Schrëtt, fir Lëtzebuerg no baussen als Reesdestinatioun ze vermaarten, wou all Gaascht sech wëllkomm a wuel spiert.

D’Vernetzung an d’Zusammenaarbecht vun de verschiddenen Acteuren an der ganzer Tourismusketten zu Lëtzebuerg ass do ganz wichteg.

Déi Responsabel am Tourismussekteur hu sech op dës Ännerunge virbereet. Dat ass wichteg fir d’Zukunft, wa se weider wëlle bestoe bleiwen. De Konzept vum Tourismus fir jiddereen gëtt d’Léisung vir. Esou gëtt opgepasst, datt d’Vilfalt an d’Besoine vun de meeschte Gäscht respektéiert ginn.

Tourismus fir jiddereen kuckt, datt d’Accessibilitéit vun der touristescher Offer do ass.

Et gëtt och nach en anere gudde Grond, fir den Tourismus fir jiddereen ëmzesetzen. Et schaaft ee méi Confort, wat all Client méi zefridde mécht.

Och d’Awunner profitéiere vun der Entwécklung vun accessibelen Tourismusangeboter.

Et ass een am Viraus virbereet op den demografesche Wandel an et kritt ee méi Clienten.

Et ass bewisen, datt vill eeler Leit an der Niewesaison Vakanz maachen.

Tourismus fir jiddereen ass nëmmen da richteg, wann de Proprietär oder déi Responsabel wëssen, wéi een op déi verschidde Besoinen a Wënsch vun all Gaascht ageet. Dofir muss de Proprietär e Minimum u Wëssen iwwer Gäscht mat spezielle Besoinen hunn. Dozou gehéiere Leit, déi Schwieregkeete beim Goen hunn, déi am Rollstull sinn, blann sinn oder net gutt gesinn, déi héiergeschiedegt sinn, Leit mat kognitiver Aschränkung, Famillje mat klenge Kanner an eeler Leit.

D’Attraktivitéit an d’Ästheetik däerfen dobäi net vergiess ginn. Beim Tourismus fir jiddereen ass dat wichtegst d’Vakanzerliefnis an net déi reng Accessibilitéit.

EureWelcome

Info-Handicap këmmert sech zënter méi wéi 10 Joer ëm e Label, deen hei am Land d’Tourismus- an déi kulturell Plazen auszeechent, déi fir jiddereen accessibel sinn. Dëse Label gëtt vum Wirtschaftsministère verginn.

Fir Gäscht mat enger Behënnerung sinn Informatiounen iwwer d’Accessibilitéit ganz wichteg.

Fir den EureWelcome-Label ze kréien, muss de Betrib bestëmmte Krittären an der gebauter Accessibilitéit an an der Gaaschtfrëndlechkeet erfëllen.

Info-Handicap geet dofir op d’Plaz kucken a sammelt all wichteg Informatiounen. Op der Plaz kréien déi Responsabel och nach wichteg Verbesserungvirschléi a kënnen eng Formatioun fir hiert Personal ufroen. Duerno kommen déi Infoen an eng Datebank op der Internetsäit www.eurewelcome.lu.

Sou kritt de Gaascht schnell an iwwersiichtlech all Informatioun, déi e brauch.

Den Internetsite eurewelcome.lu ass déi Plaz, wou een Informatiounen iwwer den Tourismus fir jiddereen zu Lëtzebuerg fënnt. D’Hoteller, d’Restauranten, déi kulturell Plazen an d’Sportplazen, déi mam EureWelcome-Label ausgezeechent sinn, gi reegelméisseg um Internetsite opgelëscht.

Et gëtt och eng App fir den Handy (fir iPhone an Android), wou een déi Informatioune ka kucke goen.

Fir all weider Informatioun kënnt Dir Iech un den Här Yannick Breuer, Coordinateur an der Accessibilitéit bei Info-Handicap, wenden.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.