Test
Et kléngt bal ze schéi fir wouer ze sinn, mä ee Glas waarmt Waasser mat Zitroun op den eidele Mo all Moien, ka Wonner fir dech an däi Kierper bewierken. Et fillt ee sech net nëmme wuel, mä et stäerkt och däin Immunsystem an hëlleft dir moies besser an d’Gäng ze kommen.
Ze bemierken ass, datt et dat éischt ass, wat s du moies zou der hëls, esou kann de Kierper all wichteg Nährstoffer ophuelen. Dat eenzegt wat ee brauch ass eng frësch, hallef Zitroun a wa méiglech gefiltert Waasser.
Waarmt Waasser a Zitrounejus ginn dem Kierper natierlech Energie. De Kierper gëtt hydratéiert a kritt zousätzleche Sauerstoff. Du fills dech séier erfrëscht a voll mat Kraaft an dat iwwert e längeren Zäitraum. Beim Koffein ass dat just kuerzäiteg de Fall.
Op der nächster Säit stellen mir dir aacht Grënn vir firwat s du solls waarmt Waasser mat Zitroun drénken!

Wonnen heele méi séier
D‘Ascorbinsaier (Vitamin C) aus der Zitroun ënnerstëtzt Wonnen an hirem Heelungsprozess.
De Lymphsystem brauch Flëssegkeet
Als Deel vum Immunsystem brauch de Lymphsystem all Dag genuch Kierperflëssegkeet, wat e Glas waarmt Waasser mat Zitroun wierkungsvoll ënnerstëtzt.
De Wëlle fir Ofzehuele gëtt ënnerstëtzt
De Ballaststoff Pektin aus der Zitroun reduzéiert d‘Hongergefill an ënnerdréckt de Reflex, fir onkontrolléiert iwwer d‘Iessen hierzefalen.
Den Immunsystem gëtt gestäerkt
An den Zitroune stécht, nieft ganz vill Vitamin C, engem effikasse Mëttel géint Erkältungen an Entzündungen, och Kalium, deen d‘Funktioun vum Gehir an den Nerven ureegt.
De Verdauungssystem gëtt gerengegt an d‘Nieren ugereegt
D‘Saier vun der Zitroun mécht, datt d‘Enzyme verstäerkt d‘Liewer schaffen dinn, fir esou de Kierper ze entgëften.
D‘Verdauung gëtt ënnerstëtzt
Zitrounejus hëlleft, de Kierper ze entgëften a reegt d‘Liewer un, Gal ze produzéieren.
De Ph-Wäert vum Kierper gëtt ausgeglach
Well se alkalesch wierken, bréngen Zitrounen, trotz hirer Saier, de Ph-Wäert vum Kierper an e gesond Gläichgewiicht.
D‘Hautbild verbessert sech
D‘Vitamin C a vill aner Antioxidantien aus der Zitroun wierke géint Falen a loossen d‘Haut méi schéin ausgesinn. Direkt drop opgedroen, kann Zitrounewaasser eng Narb och bleechen.