Tëschent Liewen an d’Bud bréngen a selwer iwwerliewen:

Dat ass HORESCA 2020

Placeholder Dummy template

HORESCA – Hotellerie, Restauratioun, Cafeterie. Dräi Voleten, déi zur kultureller Landschaft vu Lëtzebuerg bäidroen, well se Leit zesummebréngen, onvergiesslech Momenter schafen an einfach déi Plaze bilden, wou een nom stressegen Alldag esou richteg ofschalte kann. De Fränz Koepp ass Generalsekretär vun der Interessevertriedung vum Secteur a weess, wéi wichteg dëse fir d’Land ass: „Wat wier en Duerf ouni e Bäcker, e Metzler an e Bistro?“ Virun allem d’Cafeterie, iwwer déi fréier oft gelaacht gouf – ganz nom Motto „Wer nichts wird, wird Wirt“ – erlieft an de leschte Joren e Revival, well d’Leit hunn erëm Loscht, sech hire Pättchen ze gënnen. Ma et ass virun allem dat gesellegt Zesummesinn, wat de klenge Café um Eck, d’fancy Bar an der Stad an de Kultbistro um Land esou beléift mécht. „Et ass eng Plaz vum Echange tëschent Jonk an Al, Aarm a Räich, déi Liewen an d’Duerf bréngt”, esou de Koepp.

Dat selwecht gëllt fir d‘Gastronomie, déi eng ganz besonnesch Roll fir Lëtzebuerg spillt: „Si dréit mat dozou bäi, wéi mir als Land eis am Ausland duerstellen. D’Lëtzebuerger Restauratioun ass bekannt fir hir immens héich Qualitéit vu Produiten an eng Varietéit, déi ee soss net oft esou fënnt.“ D’Lag tëschent dräi kapitale Länner vun Europa mécht de Secteur hei esou speziell, well een hei e bësse vun allem fënnt: de Know-How am Commerce vun der Belsch, d‘Exaktheet aus Däitschland an d’Léift fir gutt Iesse vun eise franséischen Noperen. Dat a Kombinatioun, gekréint mam lëtzebuergeschen Touch, léisst déi national Kichen ëmsou méi beléift ginn. Ma d’Branche huet awer e Wandel erlieft, well aus dem ehemoolegen Industriezäitalter ass ee vun de Servicer ginn, an Iesse spillt haut eng méi wichteg Roll ewéi dat fréier de Fall war. „Soss ass anescht geschafft ginn an d’Leit si no hiren aacht Stonnen op der Schaff gemittlech an de Café eppes drénke gaangen. Haut gëtt sech mëttes schonn zesumme mat Kolleegen oder fir Businesszwecker am Restaurant getraff a gutt giess“, erkläert den Horesca-Generalsekretär.

Och den drëtte Volet vum Secteur, d’Hotellerie, huet mëttlerweil zwee Gesiichter: dat vum Business- a Kongresspublikum an dat vun den Touristen, déi aus Loisirsgrënn op Lëtzebuerg kommen. Dës lescht Clientèle mécht zwar nëmmen 30 bis 35 Prozent vum Public an den Hotellen aus, ma dréit awer dozou bäi datt Lëtzebuerg sech no bausse gutt verkafe kann. „Mir maache säit Joren en neie Marketing, fir eis als Vakanzendestinatioun ze promovéieren. E grousse Virdeel ass, datt Lëtzebuerg als immens séchert Land gëllt an dat zitt natierlech Leit un“, esou de Koepp. E Plus ass dann och, datt an de richteg gudde Betriber och richteg gutt Iessen zerwéiert gëtt, dat mécht den Openthalt dann natierlech duebel interessant.

Ma den Horesca-Secteur ass awer net just fir Gäscht e spannend Erliefnes, well duerch seng Funktioun als „créateur d’emplois“ dréit en och aktiv zum Wirtschaftsfonctionement vu Lëtzebuerg bäi. „Mir hunn eng 20.500 Leit am Secteur schaffen, woubäi all Aarbechtsplaz bei eis eigentlech quasi nach eng weider an engem anere Secteur bedeit“, erkläert de Fränz Koepp. Sief et de Bäcker, d’Livreuren aus der Provençale oder de Fournisseur vun Heizmaterial – Restaurant, Bistro a Co. lafe just, wa vu bausse Servicer erakommen, a vice versa. Et kann een also dovun ausgoen, datt eng 38.000 Aarbechtsplaze vun der Horesca implizéiert ginn, an dës sinn natierlech och alles Contributeuren zum Steiersystem. De Secteur u sech mécht zwar „just“ siwe Prozent vum nationale PIB aus, ma all Joers fléissen awer ronn 600 Milliounen Euro an d’Staatskeess, déi esou fir aner Projete genotzt kënne ginn.

Placeholder Dummy template

Ma wann ee scho vun Zuele schwätzt, da muss een awer och realistesch sinn a soen, wat dann alles de Gewënn vum Secteur dämpft. „Mir erwirtschaften eng immens héich TVA, dräi Prozent beim Iessen a Schlofen a 17 Prozent beim Alkohol, mee dogéint ass awer d’Consommatioun ëm 25 Prozent manner ginn“, seet de Koepp. Virun allem d’Bistroslandschaft huet ënner Fëmmgesetz a Co. gelidden: an dräi Joer ass d’Unzuel u Caféen am Land vun 1.165 op ongeféier 900 erofgaangen. Nawell ass d’Nofro, wéi uewe gesot, do an nei Geschäftsmodeller mat Menü du jour, flottem Design an der Méiglechkeet, de Café zu spéider Stonn och zur Danzpist ëmzemontéieren, hëllefen de Secteur trotzdeem um Lafen ze halen.

Sech eppes afale gelooss hunn awer och d‘Restauranten an d‘Hoteller vu Lëtzebuerg, well erausgoe soll haut eng ganz besonnesch Erfarung sinn: „Mëttlerweil ginn et eng Jett alternativ Hebergementsformen, déi complementaire zu den Hoteller sinn an de Vakanzefeeling hei am Land nach méi ervirhiewen.“ Och Terrassen droen dozou bäi, datt een sech hei wuelfillt, zemools well d’Wieder sech an de leschte Joren zu méi summerlechen Temperaturen hi geännert huet. Groussgeschriwwe gëtt heibäi an all den Etablissementer d’Wuert „hospitality“, also d‘Gaaschtfrëndlechkeet. Niewent ville Familljebetriber, déi säit Generatioune Gäscht empfänken, hunn och déi grouss Haiser et sech zur Aufgab gemaach, hire Visiteuren et esou schéin ewéi méiglech ze maachen. „Mir verkafen am Fong en Dram. Gutt Iessen oder eng Iwwernuechtung sollen en Erliefnes sinn a Momenter kreéieren, déi an Erënnerung bleiwen“, seet de Generalsekretär.

Placeholder Dummy template

D’HORESCA als Federatioun beméit sech, dëse Feeling esou gutt et geet bei hire Memberen ze erméiglechen a suergt dofir, datt dës eng Ulafstell hunn an ëmmer iwwer déi neisten Entwécklungen am Secteur informéiert sinn – sief et duerch speziell Guiden iwwer d’Gesetzeslag, gratis juristesch Berodung oder d’Vermëttlung tëschent Geschäftsmann an den ëffentlechen Instanzen. Och an der aktueller Kris ass d’HORESCA dofir do, de Secteur iwwer Waasser ze halen, well Corona huet ville Betriber et net einfach gemaach. „Mir wosste schonn ufangs Mäerz, datt mir missten zoumaachen an hu versicht, d’Kris ze antizipéieren“, seet de Fränz Koepp. Iwwer d’Hëllefe vum Staat wier een immens frou, leider hätt awer déi rezent zweet Well vill Rechnungen op d’Kopp geheit. „Den taux d’occupation bei den Hoteller an der Stad läit den Ament bei nëmmen 18 bis 25 Prozent, normalerweis géif en ëm dës Zäit bei 70 bis 72 Prozent leien. Op d’ganzt Joer gekuckt, sinn et elo knapps 30 Prozent am Géigesaz zu de normalen 82 Prozent“, seet de Fränz Koepp besuergt.

Duerch e méi klassesche Marketing gesäit et bei den Etablissementer um Land net grad esou dramatesch aus, well dës eng Clientèle hunn, déi oft scho méi al ass an aus Holland an der Belsch kënnt. Nawell bereet d‘Decisioun vu ville Länner, Lëtzebuerg wéinst de ville Neiinfektiounen am Summer op eng schwaarz Lëscht ze setzen, och der Federatioun Kappzerbrieches. Virun allem de chiffre d’affaires vu ville Betriber, deen ëm méi ewéi 50 Prozent gefall ass, ass e wonne Punkt. „Déi strukturell Käschte lafe jo weider an dat ass fir vill Patronen immens schwéier ze bewältegen“, esou de Koepp. Normalerweis ass de Secteur krisefest, ma wa Covid nach weider esou am Land wüte wäert, kéint et déi éischt Kris ginn, bei där een effektiv Leit entloosse misst, an dat wier fir de ganze Secteur en Drama.Ma et wéilt een sech awer net einfach esou ënnerkréie loossen, virun allem well déi Lëtzebuerger Federatioun och fir aner Länner oft e Wegweiser ass. „Mir sinn a villen nationalen an europäesche Verbänn aktiv a schaffen immens enk mat eisen Nopeschlänner zesummen. Dofir ware mir de 15. Mäerz och prett, fir europäesch Richtlinnen erauszeginn“, esou de Koepp. Mam Label Safe to Serve huet d’Vertriedung den Acteure vum Secteur en Reopening erméiglecht, deen net nëmmen hiert Iwwerliewen an Zäite vu Restriktiounen a Sécherheetsmoossname garantéiere soll, ma och de Clienten eng gewësse Sécherheet vermëttelt. En änleche Projet gouf och fir den Evenementiel ausgeschafft: Safe to Meet, an Zesummenaarbecht mat der LEA (Luxembourg Event Association). D’selwecht ewéi d‘Restauranten a Bare sollen och erëm d’Eventer am Land an d’Rulle kommen, well virun allem am Beräich Business sinn dës fir d’Wirtschaft indispensabel.

Doniewent schafft een och un der Plattform Wëllkomm, déi e Guide mat nëtzlechen Informatiounen iwwer de Secteur fir Clientë soll sinn. „Wat heesche Labele wéi safe to serve oder homemade? Wat bedeit d’Klassifikatioun vun Hoteller a wat fir Servicer hänken domat zesummen? All dëst soll de Leit um Site erkläert ginn“, esou de Generalsekretär. Et wëll een innovativ bleiwen an de ronn 1.560 Membere vun der Horesca ëmmer nees Saache bidden, déi si up-to-date halen. „Mir hu scho villes fir si erwierkt, ënner anerem wat Hygièneskontrollen ugeet, d’Zesummeliewe mat de Fëmmerten op den Terrassen oder Léisunge fir d’Theema Krunnewaasser.“ Duerch Schoulungen an Auditte géif een seng Leit op all méiglech Hürde virbereeden, an dat scho säit 1970.

Placeholder Dummy template

Fir d’Zukunft erwaart sech de Secteur, datt och hei méi digital wäert geschafft ginn a villes op den Home Office muss ugepasst ginn. Virun allem awer erhofft een sech – onofhängeg vu Corona – Flexibilitéit, well de Secteur ass lieweg a wëll mat der Zäit goen. „D’Gesetzer sinn oft immens schwéier ze interpretéieren an och eist Aarbechtsgesetz ass menger Meenung no iwwerlieft“, fënnt de Fränz Koepp mat Hibléck op d’Horairen am Secteur. Et wënscht een sech eng Vereinfachung vun den administrative Weeër, well besonnesch elo no dëser schwéierer Zäit geet et fir vill Betriber em d’Iwwerliewen an e Lëtzebuerg ouni Restaurant, Café an Hotel wier dach einfach net méi dat selwecht.

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.