Placeholder Dummy template

En Temoignage vum Tom Weber

Diagnos Autismus-Spektrum-Stéierung

Et ginn zwee Sätz, déi mäi Liewe verännert hunn. Deen éischten ass: „Tom, du bass definitiv autistesch.“ Dëst sot mir meng Diagnostikerin de 7. Dezember 2023. Mäi Liewen a meng Perceptioun vu menger Identitéit ware vun engem Moment op deen anere komplett verännert. 

Ech weess aus Erfarung, dass eng Rei Leit sech schwéier dermat dinn, ze verstoen, wéi een iwwerhaapt kann eréischt als Erwuessenen diagnostizéiert ginn. Bis dohin ass dach alles gutt gaang, firwat op eemol eng Diagnos? Mee „gutt gaang“ ass e bëssen eng Fro vun der Definitioun.

Neurotypesch (= ouni neurologesch Ënnerscheeder) Persounen tendéieren derzou, Situatiounen ze jugéieren, baséiert dorop, wéi dës no bausse wierken: „Mee du hues dach schonn ëffentlech Riede gehal! Du waars dach am Theater! Du hues dech dach mat mir ëmmer normal verhalen!“ Esou eng Perspektiv ignoréiert déi intern Welt vun autistesche Persounen, déi oft a staarkem Kontrast zur Baussewelt ass.

Hei ass e Versuch, ze beschreiwen, wéi et ass, autistesch ze sinn, ouni et ze wëssen.

Stell der vir, du gëss enges Daags waakreg a sëtz virun engem PC. Um Ecran ass e Programm. Du weess weeder, wéi dëse Programm funktionéiert, nach wat en iwwerhaapt ass. Du bass net eleng. Ronderëm sëtzen aner Leit u Computeren. Si schaffen all mam Programm a maachen allerhand Saachen dermat. Jiddereen ausser dir schéngt intuitiv ze wëssen, wat de Programm ass a wat een domat maache kann. Du sëtz elo schonn eng Zäit roueg do a munch Leit fänken un, dech unzekucken. Dajee, maach eppes! Du kucks eriwwer op dengen Noperen hir Ecranen a probéiers, ze kopéieren, wat si maachen. Mee si hu Funktiounen an hirem Programm, déi s du net hues. Déi eng oder aner fënns de mat vill Trial-and-Error iergendwann, mee bei dir si se op enger ganz anerer Plaz a se funktionéiere komplett anescht.

Ech hu vill Jore laang esou mat mengem Programm geschafft. Et gouf souguer Momenter, an deene Leit mat Bewonnerung op mäin Ecran gekuckt hunn a gesot hunn: „Wow, du bass richteg gutt mam Programm!“ Mee ech wousst nach ëmmer net, wat de Programm iwwerhaapt ass oder firwat meng Versioun heiansdo einfach ofstierzt.

Iergendwann hu Liewensëmstänn mech derzou bruecht, Autismus ze consideréieren. Meng Diagnos gouf vun engem privaten Zentrum am Ausland gemaach, aus zwee Grënn: Éischtens, well déi méintlaang Waardezäiten an eise Géigenden absolut net zouzemudde sinn; zweetens wollt ech sécher sinn, dass d’Medezinner*innen, déi meng Diagnos maachen, selwer autistesch sinn. Et ginn ze vill Horrorgeschichte vun autistesche Persounen, déi duerch vereelzte Prozesser an ignorant Diagnostiker*innen zousätzlech traumatiséiert ginn.

Mäi Liewe säit der Diagnos ass komplett anescht ewéi virdrun. Et stellt sech eraus, dass mir Mënschen net all mam nämmlechte Programm schaffen. Et handelt sech heibäi ëm Neurodiversitéit, d’Iddi, dass et eng Diversitéit vun neurologesche Systemer an der Natur gëtt. Ech hunn ongeféier en halleft Joer laang eng Therapie gemaach, hei zu Lëtzebuerg, mee selbstverständlech mat enger autistescher Psychologin. Wärend dëser Zäit krut ech eng Rei nëtzlech Tipps an Toolen, fir besser mat mengem „Programm“ ëmzegoen.

En Zoufall vum Liewe war et, dass ech an de leschte puer Joren och nei Leit kenne geléiert hunn, wouvunner eng Persoun esouguer eng vun de beschte Frëndinne ginn ass, déi ech jee hat. De Support an d’Validatioun, déi meng Frënn mer ginn, ass immens an et ass eppes, vun deem ech ëmmer geduecht hunn, dass ech et ni géing erliewen. Ech weess net, wou ech ouni si haut wier, mee mäi Liewen ass onendlech besser, well si en Deel dervunner sinn.

Vill autistesch Persounen hunn déi Privileegien net, déi ech hat an hunn, an et ass wichteg, ze verstoen, dass all autistesch Persoun anescht ass. Léiert hir Geschichte kennen a lauschtert op d’autistesch Communautéit! D’Zäiten, an deenen anerer fir eis geschwat hunn, sinn eriwwer.

Deen zweete Saz, dee mäi Liewe verännert huet, koum och vu menger Diagnostikerin: „Tom, et ass ganz wichteg, dass de verstees, dass du ni wäerts kënnen e Liewen hunn ewéi si (= neurotypesch Leit).“ Ze verstoen, dass mäi Liewe wäert anescht oflafen, dass et net deenen „normale“ Meilesteng wäert entspriechen, ass vläicht meng Haapterausfuerderung – esou wéi et warscheinlech fir all autistesch Persoun ass, déi eréischt als Erwuessen diagnostizéiert gëtt. Mee egal, wéi mäi Liewe schlussendlech wäert ausgesinn: Et ass, endlech, mäin eegent.

E Bericht vum Tom Weber

 

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.