De William Gzella, den Aleks Panzone, de Mika Welter an den Yves Miltgen hunn den Drang, eppes ëmzerappen. Dräi vun hinnen hunn dëse Summer hire Masterdiplom mam Titel „Entrepreneuriat et Innovation“ op der Uni Lëtzebuerg ofgeschloss. Virdru waren si op der Lunex zu Déifferdeng (Internationale Universität für Gesundheit, Bewegung & Sport). D’Lunex gehéiert zum Carl Remigius Fresenius Education Grupp, ee vun de gréisste privaten an onofhängege Bildungsgruppen an Däitschland. An dee Véierten huet säi Bachelor sou gutt wéi an der Täsch.
Am Joer 2021 – wärend hirem Studium – hunn si eng Firma gegrënnt, eng Marketingagence fir sozial Medien. Si wollten domat klenge Societéiten, Caféen a Restauranten hëllefen, hir digital Presenz am Netz ze verstäerken. Mee leider ass dat net sou gelongen, wéi si sech dat virgestallt hunn, seet den Aleks Panzone am Gespréich mam Konterbont.
Déi véier hu sech awer doduerch net ënnerkréie gelooss. Si hu fläisseg no neien Iddie gesicht: Si wollten eppes méi Handfestes kreéieren, eppes, wat net sou abstrakt ass wéi de Marketing an de soziale Medien. Si hunn d’Käpp zesummegestreckt a vill Brainstorming gemaach, bis d’Iddi fir de Projet T’ees gebuer war: en ongeséissten Äistéi made in Luxembourg. Dat war am August 2022. De William Gzella hat e puer Joer virdrun, wéi hien nach am Lycée war, beim Projet „Mini-Entreprises by JEL (Jonk Entrepreneuren Luxembourg)“ matgemaach. Do huet hien de Michel Gargano kenne geléiert, de Pâtissier-confiseur aus dem Inklusiounsatelier vun der ASBL Autisme Luxembourg zu Biekerech.
De Michel Gargano ass d’Schlësselelement bei dësem Projet, well hien de Studente gehollef huet, de Projet T’ees konkreet ze realiséieren. Hien huet d’Basisrezept verfeinert a produzéiert haut zesumme mat senger Ekipp aus dem Inklusiounsatelier – Leit, déi eng Autismus-Spektrum-Stéierung hunn – den Icetea an hirer Confiserie. „Bis mir alles prettgemaach haten, konnte mir am Januar 2023 déi éischt Testproduktioune vum T’ees am Atelier protégé zu Biekerech ulafe loossen“, seet den Aleks Panzone. Am Mäerz 2023 stoungen déi éischt Fläschen an de Regaler vun de Geschäfter. D’Zil vun de véier Studente war fir d’éischt mol erreecht. „Mir wollten e richtege Produit erschafen, eppes, wat een op den Dësch stellen an upake kann“, erkläert den Aleks Panzone.
Mee fir de Produit dann och un de Mann oder un d’Fra ze bréngen an net einfach just een Äistéi vu villen ze sinn, hunn sech d’Grënner vun T’ees eppes missen afale loossen. „Eise Präis ass natierlech e bësse méi héich – mir kënnen net mathale mat Lipton oder Fuze Tea, déi riseg Produktiounen hunn“, seet de Matgrënner. „Dofir musse mir dem Client eppes bidden, fir datt en och en Argument huet, fir eis ze kafen.“ Fir sech vun aneren änleche Produiten ze differenzéieren, hunn d’Studente véier Krittären ausgeschafft, déi den T’ees erfëlle soll.
Deen éischten ass de sozialen an inklusiven Aspekt, deen duerch d’Produktioun an engem Inklusiounsatelier erfëllt gëtt. Dobäi kennt de lokale Krittär, well de Produit zu Lëtzebuerg hiergestallt gëtt. Den drëtte Punkt betrëfft den ekologesche Volet. D’Fläsche sinn net aus Plastik, mee aus Glas, an se kënnen nom Gebrauch ëmmer erëm benotzt ginn. Fir all honnert verkaafte Fläsche gëtt am Amazonas e Bam geplanzt. Fir dëst ze erfëllen, schafft d’T’ees-Ekipp mat der ONG One Tree Planted zesummen. De véierte Punkt ass de gesondheetlechen Aspekt, well den Téi ouni Zousazstoffer auskënnt an och keen Zocker bäigesat gëtt. „Deen eenzegen Zocker, deen dran ass, ass deen natierleche vun der Fruucht an e bëssen Hunneg, deen dragemëscht gëtt,“ verséchert den Aleks Panzone.
Am Ufank waren et just 100 Fläschen, mee mëttlerweil verkafen si knapp iwwer 2.000 Fläsche pro Mount. Hiren éischte Client war de klenge Buttek Kaf lokal zu Esch-Uelzecht. Ganz fréi mat dobäi war och de Pallcenter zu Uewerpallen. Säit Januar ass d’Supermarchés-Kette Cactus mat ville Filialen dobäikomm a säit August gëtt T’ees och iwwert Ruppert – Drinks and more verkaf. „Dat huet natierlech gehollef, fir dat Ganzt e bëssen ze boosten“, stellt den Aleks Panzone fest. Beliwwert ginn awer och nach e puer kleng Caféen a Restauranten. Deemnächst sollen nach den Auchan an Esso-Tankstellen derbäikommen, wat d’Produktioun weider wäert eropschrauwen.
Niewent den aktuelle Goûten Hammbier, Blutt-Piisch a Maracuja ass e weidere Geschmaach virgesinn: Äppel-Äerdbier. Well den Inklusiounsatelier zu Biekerech awer elo sou lues um Limitt vu senge Produktiounskapazitéiten ukomm ass, wëllen d’Studenten dëse weidere Goût zesumme mat der Ligue HMC produzéieren. Domat kënnen si dann och hir Produktioun steigeren, als Äntwert op déi grouss Nofro.
Eng Startup ze bedreiwen, heescht awer méi, wéi nëmmen e Produit hierzestellen an de Verkaf sécherzestellen. Wéi gesäit et bei T’ees aus? „Gréisstendeels maache mir alles selwer“, seet den Aleks Panzone. Op eist Gespréich ass hien haut mat der Remork um Auto komm an e wäert déi derno mat Hëllef vun der Ekipp vum Atelier protégé mat T’ees-Fläsche volllueden. Derno liwwert hien déi bei déi eenzel Distributeuren. „Mir probéieren awer lues a lues, Saachen outzesourcen“, seet hien. „Zum Beispill d’Liwwerung, déi ass zäitopwändeg, a wa mir dat maache loossen, dann hu mir méi Zäit, fir eis op aner Saachen ze konzentréieren, déi wichteg sinn, fir eis kleng Firma weiderzebréngen.“
D’Comptabilitéit loossen si mëttlerweil vun enger externer Fiduciaire maachen. Och eng nei Etikett mat neiem Branding hunn si viru Kuerzem bei enger Grafikagence an Optrag ginn. „Dat ass besser ginn, wéi wa mir et selwer gemaach hätten“, seet hien.
Eng Firma weiderbréngen heescht awer och, sech stänneg a Fro ze stellen a Verbesserungen ze maachen, do, wou eppes net gutt klappt. Am Ufank haten d’Grënner d’Iddi, den Äistéi an enger ganz besonnescher Fläsch unzebidden.
Déi Hallef-Liter-Fläsch war zimmlech héich an dënn. „Dat huet schéin ausgesinn, e bësse wéi eng Wäifläsch“, erënnert den Aleks Panzone sech. Mee séier war kloer, datt dës Form nëmme wéineg kompatibel mat de Regaler an de Geschäfter wier. Dacks hunn d’Fläsche guer net dragepasst. Weider Nodeeler waren den héije Präis fir en hallwe Liter an och de Fait, datt d’Leit net onbedéngt esou eng grouss Quantitéit wëlle beieneen drénken. En plus huet T’ees deemools nach ee Bam pro verkaafter Fläsch geplanzt, wat de Präis enorm an d’Luucht gedriwwen huet.
„Wann ee sou eppes kreéiert, da mengt een, dat wär alles topp“, seet den Aleks Panzone. „Mee da realiséiert een am deegleche Geschäft, datt net alles esou super ass.“ Déi grouss Fläsche ware säit Mäerz 2023 am Verkaf a sinn du schonn am August duerch déi méi kleng 0,3-Liter-Fläschen ersat ginn. Och gëtt elo net méi fir all Fläsch e Bam ugeplanzt, mee just nach fir all honnertst.
Obwuel de Projet T’ees wärend der Studienzäit an d’Liewe geruff ginn ass, huet en awer näischt mat der Uni ze dinn, preziséiert den Aleks Panzone. Elo, wou dräi vun hinne fäerdeg si mam Studium, wäerten si net ophalen domat. Wéi genee si dat mat hirer zukünfteger professioneller Karriär kombinéiere kënnen, wëssen si nach net. „Mir wëllen eis iwwer d’Summerméint Zäit loossen, fir doriwwer nozedenken“, sou de Matgrënner. „Mee mir mengen, datt mir de Projet kënne laangfristeg weiderféieren, bis datt e méi grouss ass an eng Firma gëtt, déi op eegene Bee steet.“ Déi véier kommen allerdéngs net dolaanscht, niewelaanscht Suen ze verdéngen, well véier Salairë kënnen si beim aktuelle Produktiouns- a Verkafsvolume vun T’ees nach net ausbezuelen.
En Artikel vum Eric Rings