Un der Atert, no beim Waasser …

… esou fänkt eent vun de bekanntste Lëtzebuerger Vollekslidder un. D‘Lidd erzielt d‘Geschicht vum Useldenger Bauer Péitche Lauer an senger Duechter, dem Josefin. Useldeng, dat klengt Dierfche matzen a Lëtzebuerg ass awer esou muencher Lëtzebuerger e Begrëff, net nëmme wéinst der Geschicht ronderëm de Péitche Lauer a senger Duechter. Och den Numm Peinture Robin ass deene meeschte geleefeg. Säit bal honnert Joer steet d‘Fabrick vun deem bekannte Lëtzebuerger Faarwefabrickant direkt niewent der Atert.