Den Ambassadeur vun der Lëtzebuerger Finanzplaz

An der Lëtzebuerger Press ass hien, genee ewéi säi Betrib, nëmme wéineg bekannt. Hien ass studéierte Jurist a professionellen Diplomat a säit 1999 fir de Lëtzebuerger Ausseministère täteg. Weider Statiounen op sengem professionelle Parcours waren d’Lëtzebuerger Vertriedung bei der Europäescher Unioun zu Bréissel, d’Lëtzebuerger Botschaft zu Washington a Konsul zu Shanghai. Säit 2013 ass den […]

Muertekuch vum Simon le financier

Dir braucht (fir de Kuch): 400 Gramm gerappte Muerten230 Gramm Miel300 Gramm Zocker350 Gramm Sonneblummenueleg65 Gramm geréischtert Hieselnëss65 Gramm geréischtert Mandelen4 Eeër2 Kaffisläffele Backpulver2 Kaffisläffele Bikarbonat1 Kaffisläffel Kanéilpudder½ Kaffisläffel geriwwe Muskatnoss1 Kaffisläffel Salz Dir braucht (fir d‘Glasur): 120 Gramm Wäisse Kéis40 Gramm Botter60 Gramm Pudderzocker10 Gramm brongen Zocker3 Gramm Vanillsaroma Zoubereedung (Kuch): D’Eeër an den […]

Méi oder manner nei Weeër fir de Lëtzebuerger Finanzmaart

Et war eng laangjäreg Traditioun, en Image, mee och en Dar am A vu villen anere Länner: d’Lëtzebuerger Bankgeheimnis, dat de klenge Grand-Duché international zu enger bekannter Steieroas gemaach huet. Vun 1929 un hu Steiervirdeeler an d’Versprieche vun Anonymitéit an Diskretioun eng jett auslännesch Investisseuren op Lëtzebuerg gelackelt, déi hiert Verméigen iwwer Joren hei deponéiert […]

Wallstreet zu Lëtzebuerg?

D’Lëtzebuerger Bourse, mat hirem Sëtz um Boulevard Joseph II, ass net vun eiser nationaler Finanzplaz ewechzedenken. Si gouf 1928 gegrënnt a war ufangs op europäesch Wärunge beschränkt. Zanter 1953 kann ee weltwäit handelen. Mee wéi muss een sech déi Lëtzebuerger Bourse genee virstellen a wéi funktionéiert iwwerhaapt eng Bourse? Vum Prinzip hier ass d’Bourse eng gutt […]

Eng Bréck fir däi Liewen

D’Banque et Caisse de l’Épargne, am Volleksmond éischter als Spuerkeess bekannt, gouf den 21. Februar 1856 gegrënnt an ass domat deen eelste Finanzinstitut zu Lëtzebuerg. Den 28. Dezember 1858, also gutt 2 Joer méi spéit, gouf per Gesetz festgehal, datt de Staat fir d’Alage biergt. 1869 huet d’Spuerkeess vum Vertraue vun der Ëffentlechkeet profitéiert an dat […]

De Beki, dat eenzegt Regionalgeld zu Lëtzebuerg

Hautdesdaags gehéiert de Beki zum Réidener Kanton wéi de Kropemann zur Atert. Mee datt e sech esou géif etabléieren, dorunner hunn am Ufank just e puer Iwwerzeegungstäter gegleeft. „Ass dat en Abrëllsgeck?“ Dat war den Tenor vun de Kommentaren, wéi RTL am Abrëll 2011 annoncéiert hat, datt de Camille Gira, deemolege Buergermeeschter vun der Gemeng […]

Vu gewannen an nei oprüsten: Esou schléit sech d’Lëtzebuerger Finanzwelt

Fir d’éischt de Brexit, dono eng Pandemie: An de leschte Jore gouf et op de Finanzmäert weltwäit gefillt ee Coup nom aneren, déi och Lëtzebuerg ze spiere krut. Wärend nei Dieren um Marché Succès verspriechen, sinn och den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU an d’Suitte vun der Corona-Kris net nëmmen negativ fir d’Finanzplaz vum […]

D’Protagoniste vun der Lëtzebuerger Finanzplaz

CSSF Commission de Surveillance du Secteur Financier D’Commission de Surveillance du Secteur Financier, kuerz CSSF, ass 1945, zu enger Zäit, wou de Finanzsecteur hei am Land nach an de Kannerschong stouch, gegrënnt ginn. Schonn deemools war een sech bewosst, datt den deeglech wuessende Finanzsecteur eng Kontrollinstanz brauch. D’CSSF ass en Établissement public, deen eng ganz […]

ING Night Marathon

Vun der Luxexpo duerch dee modernen, kille Bankevéirel um Kierchbierg iwwer d’rout Bréck a Richtung Stadmëtt, permanent begleet vu Musek a vu Leit, déi feieren oder een ufeieren an ee beim Lafe praktesch an d’Zil droen. Esou beschreift esou muencher Leefer déi éischt puer Kilometer vum ING Night Marathon. Mee dëse Marathon, dee gläichzäiteg dat […]

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.