Déi Honnertjäreg, déi Bicher schreift.
Déi Honnertjäreg, déi Bicher schreift. Wéi d’Finny Cazzaro um Moie vum 1. Juni 2019 d’Aen opmécht, ass hiren éischte Gedanken: „Elo hunn ech et gepackt!“ Et ass den Dag vun hirem 100. Gebuertsdag. Dobäi war si sech véier Méint virdru sécher, datt si dësen net méi erliewe géif. Wéi d’Finny Cazzaro an de Festsall vum Escher Altersheem Servior […]
Méi Kult ewéi Kult: Colette a Fernand, eng Koppel déi een einfach muss gären hunn
„Neen die Schnöss, o mam o Kanner…“ – net eng „Schnöss“, mee zwou sympathesch Schnuffe sinn et, déi bal 30 Joer laang zu Lëtzebuerg mat Lidder begeeschtert hunn, déi och haut nach ëmmer Kult sinn. D’Rieds ass vum Colette a Fernand, en Duo, dee méi ewéi eng Bün hei am Land onsécher gemaach huet. Mat Lidder […]
Présentez … armes!
Nach laang net nëmme Waffen ginn zu Dikrech am Militärmusée gewisen, mee och eng Hellewull aner Zäitzeien hunn de Wee an dëse ganz spezielle Musée fonnt, dee mat sengem richtege Numm „Musée National d’Histoire Militaire” heescht. Lass gaangen ass et eigentlech op Initiativ vun engem klenge Grupp Sammler a Geschichtsfrënn a mat der Hëllef vun […]
Wien ësst do gär gutt?
Esou eng Fro, erschéngt deem Engem oder Aneren esou zimmlech iwwerflësseg oder? Wien ësst da schonn net gär gutt? Datt gemeinsam Molzechte scho säit ëmmer e soziaalt Ereegnes waren, ass bekannt. Zesummen iesse mécht glécklech, motivéiert zum Austausch, steigert d’Kommunikatioun an och d‘Empathie an d’Gemeinschaftsgefill. Iesse géint Isolatioun? Dat wier dach ze einfach! An dach […]
Déi eeler Generatioun am Takt vun der Liewensfreed! Flott a geselleg Nomëtteger beim Thé dansant
Den Thé dansant huet sech (de Numm deit schonn dorop hin) mat grousser Warscheinlechkeet aus der englescher Traditioun vum »Afternoon tea« entwéckelt a war ufangs, anescht wéi haut, dofir geduecht, an éischter Linn de jonke Leit eng Méiglechkeet ze ginn, Gläichaltereger vum anere Geschlecht kennenzeléieren – dat natierlech am viktorianeschen Zäitalter meeschtens ënner dem méi […]
E klengt pickegt Déier an der Publicitéitsbranche
Wie kennt se net, déi kleng Mécken, déi engem spéitstens wann een am Bett läit an d‘Lucht ausgemaach huet, mat engem lästege Summe laanscht d‘Ouer fléien a wéinst där schonn esou muencher ee sech selwer eng op d‘Ouer gehaen huet? Culicomorpha nennen d‘Wëssenschaftler se, am Volleksmond ass se besser bekannt als Moskito, Moustique op Lëtzebuergesch. […]
Sex am Alter – firwat net?
Mat zwanzeg ass een der Meenung, datt Mënsche mat véierzeg – déi schliisslech schonn zum alen Eise gehéieren – kaum nach en opreegend Sexliewe kënnen hunn. Mat véierzeg ass een dann dovun iwwerzeegt, sextechnesch ni besser drop gewiescht ze sinn ewéi elo. Gläichzäiteg ass ee sech sécher, datt bei Mënsche mat sechzeg am Bett allerhéchstens […]
al, rabbeleg … a rebellesch!
Den Nuckes huet et fauschtendéck hanner den Oueren. Säin Alldag op der Aarbecht an engem Altersheem kritt hien nawell ganz gutt ëm. Al John Wayne Filmer gehéiere fir hien zum Alldag, an och dat heemlecht Beschafe vun Zigarette fir déi Leit, op déi hien eigentlech oppasse soll, ass ganz normal fir de Nuckes. Wéi hien […]
Senioren en Doheem ginn
Dëse Gedanke steet vun Ufank u bei der SERVIOR am Mëttelpunkt. SERVIOR, dat ass en Numm, deen deene meeschte Leit e Begrëff ass, an awer wëssen déi mannst, wat d‘SERVIOR eigentlech ass. Och wann d‘SERVIOR an éischter Linn fir hir Wunnstrukture fir eeler Leit bekannt ass, bitt een dem drëtten Alter weesentlech méi ewéi nëmmen […]
Botter a waarm Decken!
Hautdesdaags ass et vläicht e bësse méi roueg ginn, mee nach virun enger 20 Joer koumen all guddes Daags schéi faarweg Héichglanzprospekter an d’Boîttë gefladdert, fir d’Leit op ee flotten Ausfluch ze invitéieren. Huet een dann dat Klénggedrécktent gelies (Möglichkeit zur Teilnahme an einer Verkaufsveranstaltung), dann huet ee séier spatz kritt, datt hei eng ganz kommerziell […]