SuperDrecksKëscht®
„Eng Initiativ fir d‘Mënsche mat de Mënschen“ – dat waren d‘Wierder 1985 vum deemolegen Ëmweltminister Robert Krieps, deen d‘Grënnung vun enger neier Aktioun annoncéiert huet. Oeko‑Service Luxembourg S.A. oder wéi mir et haut vläit éischter kennen: d‘SuperDrecksKëscht. Den Numm ass aus der Funktioun eraus entstane: eng besser – oder nach besser – déi super Dreckskëscht. […]
Energetesch autark
Autark – e Wuert, wat aus dem Griichesche kënnt, a vun autos „selwer“ an arkein „duergoen“ zesummegesat ass. Autark kéint ee graff mat „sech selwer duergoen” iwwersetzen, am Sënn vun: net ofhängeg si vun aneren. Selwer dat fabrizéieren, wat ee brauch. Wat brauch de Mënsch haut? Eng Wunneng, déi e virum Wieder schützt. E System, […]
De Gemeinschaftsgaart
Ëmmer méi Mënsche fannen sech zu Lëtzebuerg a sougenannte Gemeinschaftsgäert zesummen, fir hiert eegent Geméis ze produzéieren. Sou entsti Plazen, wou een sech begéint, sech austauscht an sech zesummen, op pragmatesch Aart a Weis, mat gesellschaftsrelevante Froe ronderëm Nohaltegkeet beschäftegt. Gemeinschaftsgäert beréieren awer net just ekologesch Themen, mee sinn och a wirtschaftlicher a sozialer Hisiicht […]
Stroum fir d’Zukunft
Am Pompelspäicherkraaftwierk zu Veianen gëtt Stroum fir ganz Europa produzéiert – a gläichzäiteg gi Schwankungen am Stroumnetz ausgeglach. Veianen ass domadder e wichtegen Energie-Knuet an Europa. Wann d’Maschinnen ulafen, ass de Kaméidi bal net auszehalen. Awer nëmmen ënnert der Äerd. Beim idyllesche Stauséi no bei Veianen, méi genee zu Stolzembuerg, mierkt een näischt dovun. Do, […]
E gewëtzte Fuuss bei der Pall
An hirer Kandheet war d’Christiane Wickler dacks bei hirer Groussmamm am Norden: d’Famill hat e klenge Bauerebetrib, an et ass do, wou de Kär fir der Christiane Wickler hir „gréng Astellung“ geluecht gouf. „Do ass ëmmer alles verschafft an d’Natur gewäerde gelooss ginn.”
Poznennö!*
1988 gëtt de Superjhemp déi éischte Kéier op d‘Lëtzebuerger Bierger lassgelooss. „De Superjhemp géint de Bommeléer“ ass deen éischte vu bis haut 28 Comic–Bicher iwwer e Superheld an engem karikaturistesch duergestallte Land mam Numm „Luxusbuerg“. E Glach mat engem reell existéierende Mikro-Staat mëtten an Europa ass natierlech rengen Zoufall! De Superjhemp ass dat humoristescht Wierk […]
Elektromobilitéit
de politesche Stamminee Fro 1 Elektromobilitéit, Wand- a Solarenergie, Kreeslaafwirtschaft… den Trend zu enger méi nohalteger Entwécklung ass kloer. Wéi kann d‘Politik drop awierke fir dësen Trend zu engem Wirtschaftsstandbeen zu Lëtzebuerg ze maachen? Fro 2 Lëtzebuerg huet ëmmer iwwer den Tanktourismus vill steierlech Recettë gehat. Dat riskéiert sech an Zukunft ze änneren. Wéi kréie […]
Sharing Economy
Deelen als Modell vun der Zukunft – wat stécht derhannert? De Prinzip hanner der Sharing Economy ass net nei! Jiddweree vun eis huet schonn emol den Noper, den Aarbechtskolleeg oder e Kolleeg gefrot, fir eppes geléint ze kréien. Duerch anerer kritt een esou Zougang zu Saachen, déi ee selwer net besëtzt! Mee d‘Deelen hëlt aner […]
Déi gréng Energie vun der Loft
Säit Jore gëtt an Europa ëmmer méi op erneierbar Energië gesat. Och zu Lëtzebuerg gesäit den Aktiounsplang vum Juli 2010 vir, datt bis 2020 genau 11 Prozent vum nationalen Energieverbrauch aus erneierbaren Energiequelle soll hiergestallt ginn. Scho säit den 90er Joren ass d’Wandenergie eng vun den effizientsten Alternativen zu Atomstroum a Co. hei am Land. […]
Alternativ Energiequellen
Datt fossil Brennstoffer net onendlech fir d‘Mënschheet zur Verfügung stinn, ass gewosst an CO2-Emissiounen wéi och de Feinstaub sinn en aktuellt Thema. Grad bei Neibauten oder gréissere Renovatiounen trëfft een op d‘Thema alternativ Energiequellen amplaz vu Mazout oder Gas. Ausserdeem gëtt de gréissten Deel vun Ueleg a Gas importéiert an zwéngt eis zu enger Ofhängegkeet. […]