A lass, mir danzen!

Lëtzebuerg huet e grousse Repertoire u Volleksdänz, déi duerch d‘Aarbecht vun dräi Veräiner bis haut iwwerlieft hunn a weider praktizéiert ginn. De Konterbont huet sech fir de Veräin La Ronde – Bettembourg a fir traditionell Choreografien, déi säit dem 29. Oktober 2020 en Deel vum immaterielle Kulturierwe sinn, interesséiert. „Karschnatz“, „Pick Polka“ a „Konterdanz“ sinn […]

Seeërcher ëm den Hellege Willibrord

Zwee Schrëtt no riets, zwee no lénks an dat Ganzt esou laang, bis d’Basilika vum Hellege Willibrord erreecht ass. All Joer um Päischtdënschdeg treffe sech dausende Leit zu Iechternach, fir hei bei der Sprangpressessioun matzehopsen. Mat engem Nuesschnappech an den Hänn an a Reie vu fënnef bis sechs Persoune sprangen déi wäiss gekleeten Dänzer duerch […]

Powerlifting: e Sport fir staark Fraen a Männer

Your browser does not support the video tag. Denkt een u Powerlifting zu Lëtzebuerg, dann denken déi meescht ënner eis un d’Marion Hammang, dat 2017 am Alter vun 53 Joer onerwaart gestuerwen ass. Hatt war Welt- an Europameeschterin an huet de Powerlifting an den 80er- an 90er-Jore gepräägt an zur Weltspëtzt an dëser Sportaart gehéiert. […]

Mariëkalenner

De Mariëkalenner hat säit jeehier seng fest Plaz an de Lëtzebuerger Stéit. No 136 Joer war d’Editioun 2018 awer déi lescht Nummer, déi opgeluecht ginn ass. De Mariëkalenner sollt de „Règlement général sur la protection des données (RGPD)“ leider net iwwerliewen. Mir geheien e Bléck zeréck op d’Geschicht vun dësem Lëtzebuerger Kultobjet. Den Almanach gouf […]

Al Gemaier, al Gebaier an Doudeger, déi guer net dout sinn!

Se tauchen ëmmer erëm op, a Geschichten, a Märercher an esouguer um groussen Ecran gesäit ee se dacks. Gespenster, Mënschen déi dout sinn an trotzdeem nach an esou muencher alem Gemaier hire Spunnes maachen, Leit erschrecken oder verjoen. Awer net nëmmen zu Hogwarts, deem wuel bekanntste Schlass vun der Welt, begéint een esou Zäitgenossen, och […]

Do, wou d’Melusina d’Danzbee schwéngt

Fotoen: © www.melusina.lu Do, wou am Oste vun der Stad d’Landschaft erëm mëttelalterlech idyllesch gëtt, läit Clausen, e klenge Quartier virun der Stad Lëtzebuerg. An dësem Quartier vun der Stad hat de Béier nach ëmmer eng gewëssen Traditioun, hei ass zanter jeehier de Mouselsbéier gebraut ginn. Datt sech an der Zäit hei ee Café un […]

De Lëtzebuerger Herkules

Loosst eis direkt mat enger Quizfro ufänken: Eise Protagonist ass immens staark, huet Muskelen aus Stol, ass ëmmer gutt gelaunt an huet immens kräfteg Zänn. Geet do bei deem engen oder anere vun Iech schonn d’Späicherliicht op? Rieds ass vu kengem anere wéi dem lëtzebuergeschen Herkules Georges Christen, deen et a senger 40-järeger Karriär net […]

Mythen, Legenden a Seeërcher zu Lëtzebuerg

Kanner hätten ëmmer gär owes, éier se schlofe ginn, eng Geschicht verzielt, déi hir Fantasie ureegt, se berouegt an se an de Schlof glëtsche léisst. Mir Eltere gräifen dobäi dacks op e Märchebuch zeréck, vläicht souguer ouni ze wëssen, datt mir domat eng Informatiounsquell benotzen, déi iwwer laang Zäiten déi verschiddenst Mythen, Legenden a Seeërcher […]

Kuddelfleck

Spaweck: Wosst Dir schonn … wéi de Numm et seet, de Kuddelfleck gëtt aus Kuddele gemaach. Mee wat sinn dann eigentlech Kuddelen? Kuddele sinn déi 4 Mee (Labmagen, Netzmagen, Blättermagen a Pansen) vu Ranner, Schof a Kaalwer. Fir de Kuddelfleck ginn awer just Rëndsmee verschafft! Dir braucht: 1,5 Kilo gekachte Kuddelen 50 Gramm Miel 1 […]

Kennt dir eigentlech …

Foto: © Les 2 Musées de la Ville de Luxembourg, photo: Christof Weber Hien ass ee vun de wichtegste Personnagë vun eisem Land, de Jean 1er de Luxembourg, besser bekannt als Jang de Blannen, Kinnek vun Béimen a Papp vun der Schueberfouer. Hei ass seng Geschicht. Den 10. August 1296 gëtt de Jang als eenzege […]

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.