Gesetzesprojet iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch
De 15. November 2017 huet de Regierungsrot de Gesetzesprojet iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeholl. Domat ënnersträicht d’Regierung nach emol hiren Engagement, fir d’Roll vum Lëtzebuergeschen an der Gesellschaft ze stäerken an d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur kohärent an nohalteg ze sécheren. De Gesetzesprojet gesäit eng Partie Mesurë vir, déi d’Regierung am […]
„Lëtzebuergeschass d’Sprooch vun der Jugend“
Wéi wichteg ass déi lëtzebuergesch Sprooch haut: engersäits am Alldag, anerersäits als Amtssprooch? Vläicht kléngt dat verwonnerlech, mee Lëtzebuergesch war nach ni sou wichteg wéi hautdesdaags. Bei ronn 49% Net-Lëtzebuerger am Land huet dës Sprooch eng grouss Bedeitung fir d’Integratioun a fir d’Zesummeliewe vun allen Nationalitéiten zu Lëtzebuerg. Dat gëllt fir all Deeler vun der […]
Aktioune ronderëm eis Sprooch
Niewent dem zukünftegen Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch ginn et nach weider, Projeten a Initiativen ronderëm d‘Lëtzebuerger Sprooch. Mir stellen Iech an dësem Artikel 4 vun hinnen fir, geheien e Bléck op hier Aarbechten a froen no wéi si zum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch stinn. [membership level=”2,3,4″] Only show for level 2, 3, or 4 users. […]
E Master am Lëtzebuergeschen
Zënter dass d’UNI Lëtzebuerg um Belval hir Dieren opgemaach huet, gëtt den Undrang, fir zu Lëtzebuerg ze studéieren, ëmmer méi grouss. Wat awer net vill Leit wëssen: Och d’Sprooch vun eisem klenge Ländchen huet hir Plaz als eegestännege Studiegank an der „Maison des Sciences Humaines“ fonnt. Säit ronn aacht Joer kënne sech Studenten an de […]
D‘Affaire Ditchen…
… sollt net déi eenzeg am Lex Roth sengem Liewe bleiwen. D‘Geschicht ëm de Reporter Tim, säin Hond Struppi an de Professer Ditchen ass nëmmen den Ufank. 1987 leet de Lex Roth dem Tintin an dem Kapitän Haddock d‘Lëtzebuerger Sprooch an de Mond. Datselwecht Joer nach léiert och den Asterix Lëtzebuergesch vun him. A wéi […]
Michel Rodange
De Michel Rodange hat mat sengem Haaptwierk „Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst“ säi gréissten Erfolleg. Dem Goethe säin „Reineke Fuchs“ war d‘Virlag. Dem Michel Rodange geléngt mam Renert eng flott a witzeg politesch Satir, déi den deemolege Lëtzebuerger d‘Aen opmaache sollt. Dëst Gedicht hëlt déi industriell Revolutioun am Lëtzebuerger Staat op […]