Schonn an der Zäit viru Christus ass a verschiddene südostasiatesche Länner probéiert ginn, Fësch mat Hëllef vu Räis iwwer eng laang Zäit haltbar ze maachen, an aus enger einfacher Method, fir Fësch ze lageren, ass iwwer d’Joerhonnerten eng Iessspezialitéit entstanen. Rieds ass vum Sushi.
War an ass de klassesche Sushi och bis haut nach mat Fësch gefëllt, sinn iwwer d’Joren a Japan an och an allen Häre Länner eng Hellewull u Varianten, wéi zum Beispill de „Californian Sushi“ mat allen nëmmen denkbaren Zoutaten entstanen.
Och an eisem Ländchen ass de Sushi an all senge Forme wäit verbreet, mee e richtege Lëtzebuerger Sushi gouf et nach net, bis haut!
An eise 7 Rezepter kombinéiere mir traditionell Zoutaten oder Iesswueren aus der Lëtzebuerger Kiche mat der klassescher Sushi-Philosophie, woumat Dir Är Frënn a Kolleegen iwwerraschen an se zum Staune brénge kënnt. Ärer Fantasie sinn natierlech keng Grenze gesat, a mir hoffen, datt eis Rezepter e klengen Denkustouss sinn an Iech nach e ganze Koup flott Kreatiounen an de Kapp kommen.
Mir wënschen Iech vill Freed beim Nomaachen, beim Experimentéieren a beim Genéissen.
Maki: De Klassiker ënnert dem Sushi, och nach Hoso Maki genannt, Räisrullen, déi mat Hëllef vun enger Bambusmatt a Form bruecht ginn, ronderëm en Nori-Blat. Ass allerdéngs d‘Nori-Blat ëm de Fësch oder d‘Geméis gewéckelt mam Räis no baussen, schwätze mer vum Ura Maki, och nach Inside-Out oder California-Roll genannt.
Nigiri: Nennt een och nach handgeformte Sushi. De Räis gëtt mat béiden Hänn geformt a mat zum Beispill Fësch beluecht. Eng Sträif vun engem Nori-Blat gëtt ëm den Nigiri gewéckelt, datt en net auserneefält.
Räis: De wichtegsten Deel vum Sushi. Et gëtt spezielle Sushi-Räis, et kann een awer och aner Ronnkär-Räiszorten notzen, wéi Kome oder Nishiki.
Räisesseg: Gëtt als Gewürzmëschung fir de Räis gebraucht. Alternativ kann een och Esseg, Zocker a Salz notzen.
Nori-Blieder: gedréchent a geréischtert Algeblieder, déi dem Sushi als Mantel déngen.
Mir brauchen:
De Sushi Räis an e Sift ginn an esou laang ënner fléissendem Waasser spullen, bis d‘Waasser, dat aus dem Sift kënnt, kloer ass. De Räis an e Kachdëppen (besser e Räiskacher) ginn, a mat duebel esou vill Waasser opfëllen ewéi Dir Räis benotzt (500g Räis = 1 Liter Waasser).
2 Minutte bei mëttlerer Hëtzt kachen, duerno zoudecken an 20 Minutten op der ausgeschaltener Kachplack quëlle loossen.
De Mirin, de Räisesseg, d‘Salz an den Zocker an engem Dëppen opkachen, bis d‘Salz an den Zocker sech opgeléist hunn. Dës Mëschungen ënner de Räis ginn a waarden, bis en ofgekillt ass.
Maki Sushi mat Berdorfer Kéis a Kornischong
Nigiri Sushi mat Frell Philadelphia
Maki Sushi mat Speck a Bratzelen
Maki Sushi mat Mettwurscht a Moschter
Maki Sushi mat Wirschtchen
Spezialtipp vun der Konterbont Equipe:
Eng Tranche Rieslingspaschtéit geet och als Lëtzebuerger Maki duerch