SuperDrecksKëscht®

De Numm ass Programm

„Eng Initiativ fir d‘Mënsche mat de Mënschen“ – dat waren d‘Wierder 1985 vum deemolegen Ëmweltminister Robert Krieps, deen d‘Grënnung vun enger neier Aktioun annoncéiert huet. Oeko‑Service Luxembourg S.A. oder wéi mir et haut vläit éischter kennen: d‘SuperDrecksKëscht. Den Numm ass aus der Funktioun eraus entstane: eng besser – oder nach besser – déi super Dreckskëscht. Do, wou ee Problemstoffer, déi soss an der schwaarzer Dreckskëscht gelant wieren, kann ofginn. Fënnef Joer méi spéit kritt d’SuperDreckskëscht en eemolegt Markenzeechen: de SuperDrecksKëscht-Männchen.

Säit 1992 gëtt et de Service „SuperDrecksKëscht fir Betriber“, deen sech speziell ëm d‘Entsuergung vu Produiten am professionelle Secteur bekëmmert. Eng individuell Betreiung an Informatiounen iwwer d‘Evitéiere vun Dreck gehéieren dozou. Duerch hire Qualitéitslabel kann een als Betrib och no baussen hi weisen, datt ee fir eng aktiv Offallvermeidung engagéiert ass. D‘Krittären, fir deen ze kréien, sinn ënner anerem eng transparent Entsuergung, en ëmweltbewosst Management wei och d‘Motivatioun vun de Mataarbechter. Eemol d‘Joer kontrolléiert d‘SuperDrecksKëscht an erneiert bei engem positive Resultat de Label.

„Flécken a Léinen“, esou heescht déi neisten Initiativ, déi dëse Betrib op d‘Bee gestallt huet. Dëse gratis Service soll de Konsument engersäits sensibiliséieren an op der anerer Säit duerch eng Onlineplattform konkret d‘Méiglechkeet schafen, Géigestänn gemeinsam ze benotzen oder dës ze flécken.

Mat Ecotrel zesummen ass eng Kooperatioun entstan, déi en ëmweltbewosst Denken ureegen an iwwer energiespuerend Apparater an Techniken informéiere soll. Grad bei Killapparaten ass et wichteg ze wëssen, datt déi Fluor-Chlor-Kuelewasserstoff, kuerz FCKW enthalen, wat d‘Ëmwelt immens belaascht. Elektresch Heizungen a quecksëlwerhalteg Luuchte zielen och zu de Produiten, déi d‘Ëmwelt belaaschten a gi vun der SuperDrecksKëscht fachgerecht entsuergt.

D‘SuperDrecksKëscht ass esouguer ausserhalb vun eisem klenge Ländchen aktiv engagéiert, zum Beispill op Zypern, an Däitschland, Schweden oder an der Schwäiz. Hei gëtt virun allem Wäert op d‘Sensibiliséiere geluecht, wéi ee selwer richteg trennt a recycléiert.

Konkurrenz huet d‘SuperDrecksKëscht keng. Selwer bezeechne si ähnlech Servicer éischter als Partner, wei Ecotrel, Ecobatterien a Valorlux. „Just wa mir zesummeschaffen, kënne mir eng nohalteg an ëmweltbewosst Welt opbauen“, esou déi Responsabel vun der SuperDrecksKëscht.

Mir wëllen all nach laang vun eisem schéine Planéit profitéieren. D’SuperDrecksKëscht an hir Service-Centere këmmeren sech ëm eise problemateschen Offall, deen sech net vermeide léisst an hëllefen eis esou, dat Zil ze erreechen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.